Renault Captur
Zanter 2012 gëtt et de Renault Captur, de Mini-SUV vu Renault. De Rich Simon huet en deemools getest, an elo och den neiste Modell dovunner.
2024 ass et de Facelift vum 2019er Modell. Bedeit Facelift, datt vill um Auto geännert huet?
Net onbedéngt, well soss hätt Renault jo een neien Model presentéiert. Dat ass awer net de Fall. Et gouf iwwerall e bësse geännert, d'Silhouette bleift awer fir de Mini-SUV déi klassesch vum Captur. Et kritt een de Captur als renge Bensinner, respektiv mat engem Dieselaggregat, och eng Gasvariant gëtt et an och als Plug-in-Hybrid ass den Auto ze kréien. Ech sinn den Hybrid gefuer mat engem 1.6 4 Zylinder Bensinner mat 94 Päerd, plus Elektromotor mat 49 PS. Domadder kënnt een dann op 143 Päerd.

Geet dat dann duer?
Jo dat geet duer. Ee Captur keeft ee sech net, fir um Nürburgring Ronnerekorder ze briechen. Du brauchs vun 0 op 100 ronn 10 Sekonnen an op der Autobunn ass bei 170 Kilometer an der Stonn Schluss. Méi brauch ee fir esou een Auto net. Duerch d'Bank fiert de Captur sech gutt. Allerdéngs war d'Steierung mir bëssen ze schwabbeleg. Dofir huet ee villäicht och dat subjektiivt Gefill, datt den Auto op d'knubbelege Stroossen, Problemer huet fir d'Lächer gutt ze absorbéieren. Den Auto leeft awer roueg, just wann ee stramm acceleréiert, dann hault de Motor dach ganz anstänneg, wat zum Deel kann nerven. Dee selwechte Problem huet d'Boîte. Wann een normal mam Auto fiert, schalt déi 6-Gang-Automatik ganz gutt. Wann een de Champignon awer duerchdréckt, virun allem am Biergop, da wierkt déi Boîte ganz einfach iwwerfuerdert.

Wat de Verbrauch ugeet, do kann de Captur awer gutt Punkten. Renault gëtt dee mat 4,6 Liter un. Bei menger Testfaart war ech den éischten Dag mat effektiv 4,6 Liter an den zweeten Dag mat 5 Liter ënnerwee. Dat ass Top!
Wéi gesäit et bannen am Auto aus?
Fir dat Segment, respektiv däi Präisklass, ass de Captur ganz uerdentlech verschafft. Den haarde Plastik ass deelweis nach do, deelweis ass en awer och opgescheimt, wat der Optik zegutt kënnt. Apropos Optik. Dominéiert gëtt déi vun engem 9,3 Zoll Display, dee liicht an d'Richtung vum Chauffeur gedréit ass. Wat mir gutt gefall huet ass de Faite, datt een d'Heizung nach kann iwwer normal Knäppercher bedéngen an net iwwer den Display muss maachen, wéi mëttlerweil bei villen aneren Autoen. D'Sëtzer sinn ok, kéinten awer e bësse méi Halt bidden.

Egal bei wat fir engem Auto, ass d'Plaz ëmmer een Thema. Huet een där genuch am Captur?
Et ass wéi s du scho gesot hues ee Mini-SUV, aus dem sougenannten B-Segment. D'Mall ass interessant. Déi huet à la base 340 Liter. Et kann een awer déi hënnescht Sëtzer no vir réckelen, dat huet iwwregens soss keng Mark an deem Segment, an da geet de Volummen erop op 616 Liter, an dat ass wierklech gutt. Deen Ament huet ee logescherweis, wann een hannen am Auto sëtzt, manner Beefräiheet, ouni datt ee sech awer komplett muss verrenken.

Wann een déi hënnescht Sëtzer komplett ëmleet, dann huet een esouguer 1.596 Liter zu Verfügung. Schued ass awer, datt een nees eng relativ héich Luedkannt huet.
Wéi gesäit dann elo däi Fazit aus?
Mam Kaf vun engem Renault Captur mécht een näischt falsch. Sécherlech wier et flott, wa bësse manner haarde Plastik bei den Diere verschafft wier.

Et muss een awer och realistesch sinn, datt een an enger Präisklass ënnerwee ass, wou een als Constructeur ee Kompromëss muss fannen tëscht Motorisatioun, Veraarbechtung, Attraktivitéit a Präis. An dat ass Renault gelongen. An domadder wier ech bei de Präisser: Den Hybrid an der Techno Versioun, kritt ee vun 22.240 Euro un. Fir d'Esprit Alpin Versioun, déi ech am Test hat, an déi bësse méi sportlech eriwwer kennt, muss een 28.041 dohinner bliederen.
