An dësem Automag gëtt et net just "very british", ma och zimmlech sportlech. Den Akim Schmit war fir eis bei Lotus, an huet do der Emira de Bols gefillt.

Automag: Lotus Emira

D’Emira ass net iergend ee Modell vum brittesche Constructeur, mä den Nofollger vun Elise, Exige an Evora a gläichzäiteg och de leschte Verbrenner vun der Mark. D’Erwaardunge sinn also héich, an dat net just bei de Fans, mä och bei Lotus selwer.

Zanter Geely 2017 d’Majoritéit vu Lotus iwwerholl huet, stinn d’Zeechen op Expansioun. D’Emira soll also net just Petrolheads iwwerzeegen, mee och generell Amateure vu sportlechen Autoen, déi sech manner fir Trackdays interesséieren.

RTL

Elo ass d'Emira schonn 2021 virgestallt ginn, et ass awer nach net un der Zäit fir e Facelift?

Absolut net, ech géif behaapten, den Design vun der Emira setzt an den nächste Jore kee Stëbs un. Grond fir d’Invitatioun ass d’Aféierung vun enger neier Motorisatioun. Bis elo gouf et d’Emira nëmme mat engem V6 Kompressor, 405 Päerd a manueller Boîte. Nei dobäi kënnt elo en 2-Liter 4-Zylinder Turbomotor mat 365 PS (268 kW) an 8-Gang Automatikboîte. Déi Kombinatioun ass esou och am Mercedes-AMG A45 ze fannen.

RTL

Changementer zu fréiere Lotus Modeller gëtt et awer och am Banneraum

D’Zäite wou op alles Verzicht gouf, wat net méi séier gemaach huet, schéngen eriwwer ze sinn. D’Konzept vum Mëttelmotor-Sportswon gouf zwar bäibehalen, mat dobäi koum awer och en Hauch vu Luxus. Méi Lieder an Alcantara hätt net eragepasst, d’Instrumenter sinn digital – och dat ass an dësem Fall ongewinnt. D’Sportsëtzer paken ee fest awer bequeem an, d’Steierrad läit gutt an der Hand a jo – esouguer Infotainment ass mat u Bord, och wann an dësem Test de Motor am Genéck d’Musek gemaach huet.

RTL

Et ass jo och e Sportswon, a kee Familljenauto…

An domat wiere mer bei den Aschränkungen – ech nenne se bewosst net Nodeeler: An d’Mall passe maximal 151 Liter (an net méi wéi 50 kg) a fir d’Jacketten ass hannert de Sëtzer nach e bësse Plaz (208 Liter). Mee no den éischte Kilometer steet fest, d’Emira ass ze Schued fir am Alldag ze versaueren, et ass en Auto fir ze fueren.

Dat ass d'Stéchwuert - wéi fiert e sech dann?

Esou wéi en ausgesäit: D’Steierung ass direkt ofgestëmmt, dat optionaalt Sportfuerwierk vum Testauto ass knëppelhaart – besonnesch op suboptimalen englesche Landstroossen -, an d’Fuermodi (Normal, Sport an Track) schäerfen an éischter Linn d‘Boîte an d’Gasunnam a calméieren d’Fuerassistenten.

RTL

En Turbolach konnt ech net erkennen, nëmmen d’Boîte kéint e bësse méi op Zack sinn. Positiv ass awer déi generell Ofstëmmung vum Auto: ech hat direkt eng Zort Vertrauen an den Auto, ëmsou méi wou mer e bis puer Ronnen iwwert de Lotus-eegene Circuit zu Hethel dréien dierften.

RTL

Däi Fazit fält positiv aus. Dann dierfte mer d’Emira elo méi oft op eise Stroosse begéinen?

Um Auto soll et net leien, héchstens um Präis: ganzer 95.000 Euro wiessele fir eng Emira de Besëtzer. Domat kéint se en exklusiivt Spillgezei bleiwen.

RTL