Cupra Leon a Formentor Facelift
Am Automag vun haut kucke mer eriwwer bei Cupra, wou mam Leon a Formentor gläich zwee Modeller e Facelift spendéiert kritt hunn.
Wat sech dobäi ännert, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.
Vu Seat héiert een am Moment näischt méi, dowéinst ëmsou méi vu Cupra. D’Spuenier hunn elo gläich zwee Modeller mateneen iwwerschafft: esouwuel de Leon ewéi och de Formentor kruten e Facelift spendéiert. An deen ass gutt gemaach, well et erkennt een ee bal net. De gréissten Ënnerscheed stécht nämlech ënnert der Motorhauf.
Bei engem Facelift geet et jo dacks ëm d'Optik. Wat ännert sech dann?
Virun allem un der Front ass de Facelift vu Leon a Formentor ze erkennen. Nei sinn elo d’Matrix-LED-Luuchten déi d’Designsprooch mat hiren Dräiecker opgräifen an un den Tavascan erënneren. Geännert gouf och de Kühlergrill; d’Loftaläss si bal verschwonnen an de Cupra-Emblem ass erop op d’Motorhauf gewandert. Sharknose, nenne se den Design bei Cupra: e klenge Changement, dee béid Modeller méi sportlech wierke léisst. Hannen un der Mall gëtt et dann nach en LED-Liichtband mat beliichtem Markelogo an nach méi Dräiecker.

Fänke mer bannendran un. E frësche Wand oder éischter kleng Retouchen?
D’Amaturebried an d’Steierrad bleiwen onverännert, just d’Mëttelkonsol gouf liicht iwwerschafft. Gréisst Neierung ass de méi groussen Ecran vum Infotainment (elo 12,9 Zoll) op deem déi neitst Software leeft. D’Sportsëtzer si Serie, bei de VZ-Modeller gëtt et dann optional Schuelesëtzer.

Schuelesëtzer gëtt et jo meeschtens a méi sportleche Modeller…
Nei am Programm ass eng 333 Päerd-Versioun vum 2-Liter Véierzylinder Turbobensinner am Cupra Formentor VZ (d‘Ofkierzung steet fir „veloz“, also „séier“). Déi kënnt mat 7-Gang DSG-Boîte an Allradundriff. Géigeniwwer dem Virgänger sinn dat 33 Päerd weider an en huet eng variabel Dréimomentkontroll un den hënneschte Rieder. Esou ass ënner anerem en Driftmodus méiglech, wou déi ganz Kraaft op een eenzegt Rad iwwerdroe gëtt. Do ass et net verkéiert säi Pneuenhändler gutt ze kennen.

A fir deen, dee keen esou e gudden Droot dohinner huet, gëtt et bei Leon a Formentor jo Alternativen
Och wa Cupra sech éischter sportlech positionéiert: fir den Alldag gëtt et och méi verstänneg Motorisatiounen: vum Bensinner, iwwert den Diesel bis hin zum Plug-In Hybrid ass alles mat dobäi. Ech sinn de Leon als Plug-In Hybrid gefuer, wou en 1,5 Liter Turbobensinner als Basis ënnert der Motorhauf stécht. Eraus kommen 272 Päerd, déi mam Leon liicht Spill. Nom Test am décke Verkéier stoung e Mix aus 2 Liter Bensinn a 15,3 kWh/100 km um Bordcomputer. Dat géif ech als spuersam gëlle loossen.
Spuersam ass d’Stéchwuert. Komm mir schwätzen nach iwwert d’Präisser. Wou leie mer dann do?
Lass geet et beim Cupra Formentor mat 39.700 Euro fir den 1,5 Liter Bensinner mat 150 Päerd. De Leon E-Hybrid deen ech gefuer si steet mat 49.400 Euro an der Präislëscht.