Toyota GR Yaris
Iergendwéi trëfft Toyota den Nerv vun de Petrolheads. Alles, wat déi zwee Buschtawe GR dréit, war a kuerzer Zäit ausverkaaft.
Esou och den éischte Worf vu Gazoo Racing, de GR Yaris. Elo gouf déi kleng Rennsemmel iwwerschafft an opgepeppt – mee freet iech net ze fréi; de Paul Origer, deen op der Presentatioun zu Lyon mat derbäi war, huet zum Schluss leider eng schlecht Noriicht.
Fans wäerten elo ganz gespaant nolauschteren – Toyota huet de GR Yaris iwwerschafft an dee schonn net grad schlechte klenge Renner nach besser gemaach, hoffen ech emol?
Effektiv, déi vill Erfarungen, déi Toyota beim WRC sammele konnt, goufe beim Facelift ëmgesat. Fräi no hirem Motto “Entwéckelen, Course fueren, futti maachen an nees reparéieren” gouf d’Allrad-Knallbéchs nach emol geschäerft. Et sollt besonnesch op de Chauffer gelauschtert an dofir alles nach emol u seng Grenzen bruecht ginn.

An dat gesäit een och vu baussen?
Jo, woubäi déi puer optesch Verännerungen och technesch Ursaachen hunn. Den neie Parechoc zum Beispill soll méi robust a méi einfach ze reparéiere sinn a bitt méi Ouverture fir d’Killung. De Killpackage vum Yaris gouf nämlech weesentlech vergréissert. Déi nei gro metalliséiert Faarf an d’Vue vun hanne si just liicht Kosmetik: d’Luuchten an de Parechoc sinn e bëssen anescht, allerdéngs ass och den Toyota-Logo verschwonnen. Op Nofro bei de Markenexperte konnt een eraushéieren, dass lues awer sécher GR zu senger eegener Mark soll ginn.

Du sos, et gouf op de Chauffer gelauschtert, dat heescht et gouf awer och Kritik um ale Modell?
Jo, am Fong schonn. Dacks kritiséiert gouf déi ze héich Sëtzpositioun, dofir réckelt de Chauffeur beim Faceliftmodell elo e Stéck méi no un de Makadamm. Awer och de Cockpit war deene meeschten ze langweileg an huet net genuch no Rennsport ausgesinn. Deen neien Tableau mat digitalen Instrumenter ass zwar och eng Affaire de Goût, mee dofir relativ einfach a sober gehalen, esou dat ee wierklech net laang siche muss fir eppes ze fannen.

Gouf et dann och bei de Fuerleeschtungen eppes ze verbesseren? Hei louch de Yaris jo awer schonn op engem héijen Niveau?
Dat ass richteg, Toyota huet trotzdeem d’Leeschtung vum opgeluedenen Dräizylinder erhéicht, an zwar vun 261 op 280 PS wärend d’Dréimoment vun 360 op 390 Nm klëmmt. An engems goufen den Allradundriff an d’Suspensioune nach emol grëndlech iwwerschafft. Déi grouss Nouvelle ass awer eng automatesch Boîte, déi esouguer nach méi séier Schaltvirgäng wéi déi manuell Box erméigleche soll. Dat huet natierlech alles misse getest ginn, fir mech en plus déi grouss Première am wëllen Toyota.

De GR Yaris bäisst sech mam Allrad richteg an den Asphalt, huet dohier null Problemer seng Leeschtung op d’Strooss ze kréien. De 1600er Dräizylinder gëtt bei 3000 Toure richteg waakreg a stemmt säi vollt Dréimoment op de Vilbrequin, just de Klang gefält mir perséinlech elo net immens. Getréischt ass een awer direkt wann een entweder zum Schalthiewel gräift oder déi nei Automatik d’Gäng wiessele léisst. A béide Fall passen d’Uschlëss gutt, maache Spaass wéinst der knackeger Féierung oder de séiere Gangwiessel. Just d’Paddelen wollten heiansdo meng Wënsch net ëmsetzen. Dofir huet de Chassis mat sengen Talenter getréischt; um Circuit du Laquais bei Lyon grad wéi op de Landstroosse war ech fir mäi Gefill awer scho spektakulär ënnerwee, mee warscheinlech nach wäit vum Grenzberäich ewech. Dat ganzt ëmmer mat engem zougedréckten A vun de Fuerwierksspezialiste wann den Hënneschten fir de klengen Adrenalinkick emol liicht wibbeleg gouf. Vu Langweil op jidde Fall keng Spuer an alt erëm de Beweis, dass kleng a liicht dacks de Garant fir Fuerspass ka sinn.

Mee leider wäert eis beim Präis de Spaass vergoen – de GR Yaris ass nämlech méi deier ginn!
Dat emol fir d’éischt; minimum 47.000 respektiv 2.500 Euro méi fir d’Automatik si fir dee klengen Nippon-Renner fälleg, dat sinn der 10.000 méi wéi fir de Virgänger. Mee iert der iech trotzdeem op de Wee bei den Toyota-Concessionnaire maacht: déi fir de Belux Marché virgesinnen 150 Exemplaire waren an nullkommanix ausverkaf. Deemno ass scho viru sengem Lancement zu Lëtzebuerg de GR Yaris zum Kollektiounsauto ginn.
