Mercedes hat déi Lëtzebuerger Presse bei Merbag op eng Presentatioun invitéiert, wou zwee sougenannte "Concept Cars" virgestallt goufen.

Engersäits den EQXX an anersäits den CLA. Béid Autoen mat Elektroundriff.

De futuristeschen EQXX, gëtt et just eng Kéier op der Welt. Bis elo ass den Auto schonns eng 25.000 Kilometer gefuer. Virun allem wëll Mercedes weisen, datt et an Zukunft méiglech wäert sinn, fir iwwer 1.000 Kilometer ouni de Akku ze lueden, ka fueren. An datt bei allen Temperaturen.

RTL

Dofir ass d´Mark aus dem Schwabenland ënnert anerem zwou Teststrecken gefuer. Et ass een eng Kéier, vu Stuttgart an Däitschland, op Cassis a Frankräich gefuer. Dat sinn 1.002 Kilometer gewiescht.
Eng aner Kéier, ass een zu Stuttgart gestart an d´Arrivée war no 1.202 Kilometer zu Silverstone an England.
Beim drëtten Test, ass een zu Riad a Saudi-Araboen fort gefuer an no 1.010 Kilometer zu Dubai an der Vereenegten Emiraten ukomm. De Verbrauch louch bei deenen 3 Faarten tëscht 7.4 kWh an 8.7 kWh.
Den EQXX dierft awer wuel kaum an där Form, wéi de Concept Car elo ausgesäit, de Wee an d´Serie Produktioun fannen.

RTL

Anescht gesäit dat mam elektreschen CLA aus 

Dee soll dat nächste Joer, an enger liicht modifizéierter Form, a Produktioun goen. Mat deem wëll Mercedes dann op eng Autonomie vu 750 Kilometer laut WLTP-Norm kommen. Dat wier dann ee Verbrauch, vun 12 kWh op 100 Kilometer. Dobäi geet Mercedes dovunner aus, datt een den Auto, dank engem 800 Volt System, an enger véierel Stonn esou wäit ka lueden, datt een nees eng 400 Kilometer ka fueren.

RTL

A wéi wäit dës Usoen, um Enn der Realitéit entspriechen, wäert Zukunft weisen. Eng Zukunft déi wéi et schéngt, awer och bei Mercedes, praktesch reng elektresch dierft sinn.

RTL