Lotus geet nei Weeër a wëll sech elo och an anere Segmenter etabléieren. Do kënnt dann den Emeya an d'Spill... e sougenannten Hyper-GT.

Kloer, bei Lotus denkt ee spontan u kleng a liicht Sportsween, mee wousst der, datt d’Mark zemools ënnert dem Colin Chapman scho mat 4-sëtzegen oder 4-dierege Gefierer experimentéiert huet? Ma deen éischte Worf an dëser Richtung duerft elo de Paul Origer fueren – mam Emeya start Lotus an der Kategorie vun den Hyper-GT’en.

Automag: Lotus Emeya

Déi meescht denken elo bestëmmt; oh mei, eng 4-diereg Coupé-Limousine, an dann och nach elektresch, do dréint sech de Colin Chapman bestëmmt am Graf ronderëm!

Jo, kloer, a mat esou enger liichter Skepsis goung och ech op d’Presentatioun zu München. Ma ech gouf awer eppes besserem beléiert. D’Iddi, fir ee grousse geraimegen an awer och sportlechen Auto stoung bei Lotus scho méi laang am Raum, bescht Beispill war an den 90er den Opel Omega, dee bei de Lotus-Ingenieuren op Sportslimousinn getrimmt gouf.

RTL

Mee elo si mer iwwer 30 Joer weider, Lotus gehéiert zum chineesesche Konzern Geely a wëll bis zum 80.Gebuertsdag vun der Mark nach just Elektroautoen ubidden.

An do markéiert den neien Emeya schonn emol direkt eng Spëtzt!

Awer richteg; Hyper-GT deefe se den neie Worf, deen et onverkennbar op d’Sportlimousin aus dem Schwabenländle ofgesinn huet. Dat geet lass beim Design. Eng aggressiv Front am Lambo-Style, eng breet a flaach Karosserie esou wéi ee relativ sexy Ofschloss mat eleganter Daachlinn. A punkto Design hu se bei Lotus schonn emol d’Regëster all gezunn. A punkto Moossen och: iwwer 5 Meter laang an iwwer 2 Meter breet ass den Emeya geroden, knapp 2,5 Tonne bréngt e Minimum op d’Wo – eng Elise gesäit dogéint wéi eng Spillsaach aus.

RTL

Bannendra maache sech déi üppeg Dimensiounen awer bezuelt. Trotz déiwer Sëtzpositioun ass de Banneraum lëfteg, wann och déi hënnescht Passagéier d’Bee staark uwénkele mussen an hir Féiss net ënnert d’Sëtzer virdru passen. De Bannendesign ass, Contraire zu baussen, niichter an diskret, d’Veraarbechtung kann et duerchaus mat de Premium-Marken ophuelen. Hei fillt sech alles héichwäerteg un, näischt huet gerabbelt oder gekréckelt.

RTL

Den neien Emeya ass also vollgepaakt mat neister Technik?

Oh jo, do dierf sech d’Konkurrenz nawell waarm undoen. Am Emeya ass einfach emol alles dran; 612 oder 918 PS Leeschtung u 4 Rieder, tëscht 435 a 610 versprache Kilometer Autonomie, Loftfiederung, eng fulminant Stereoanlag vu KEF an all néideg Viraussetzunge fir autonoomt Fueren – dat sinn elo mol e puer Fakten zum neien Hyper-GT vu Lotus.

RTL

An der Praxis war dat net vill manner spektakulär. Et ass jo nach net esou laang hir, dat ech am neie Porsche Taycan souz, ma de Lotus geet deem net wäit aus de Féiss. D’Fuerleeschtunge huelen engem den Otem: an 4,2 respektiv 2,8 Sekonnen ass dat schwéiert Geschoss op 100 a leeft, wa gewënscht, bis zu 252 an der Spëtzt. Dem Colin Chapman wier et schlecht ginn, wann en den Emeya op d’Wo gestallt hätt, ma d’Lotus-Ingenieuren hunn e Fuerwierk fäerdeg bruecht, wat een de Speck komplett vergiesse léisst. Extrem handlech a reaktiv, sécher wéi op Schinnen an zu kengem Moment iwwerraschend Karrosseriebeweegungen – an de Bierger vum Vorarlberg huet den Emeya enorme Spaass an der Mark Lotus all Éier gemaach.

RTL

An a punkto Verbrauch emol net esou iwwerdriwwen. Tëscht 20 a 25 Kilowatt-Stonne sinn absolut an der Rei. Souwisou sinn d’Fuerleeschtungen net déi eenzeg Performance, och un der Luedsail gëtt den Emeya Vollgas! Mat bis zu 400 kW ginn d’Batterie nees vollgepompelt, an der Praxis war dat tatsächlech d’Zäit fir ee Kaffi ze drénken, do war den Emeya vu 40 nees op 100 Prozent.

RTL

Dat kléngt no enger ganz positiver Iwwerraschung, mengs du den Emeya kéint d’Skeptiker iwwerzeegen?

Et hänkt natierlech dovun of wat ee sicht. Mee hei ass tatsächlech een immens kapabelen Auto fir Individualisten, mat deem ee sech op der Rennstreck austoben oder relax a komfortabel an d’Vakanz fuere kann. Ze kritiséieren hätt ech héchstens déi fir mech scho geféierlech elektronesch Baussespigelen, mat deenen ech absolut näischt ufänke konnt.

Mee souwisou setzt sech meng Limite spéitstens bei de Finanzen. Den Emeya start nämlech eréischt bei 106.000 Euro fir déi schonn net esou schwaach Basis a geet bis 150.000 fir den R mat iwwer 900 Päerd. Verglach mat anere Marken aus dem Luxusberäich ass et nach fair, do kann een also roueg nach an e puer deier Optiounen investéieren.

RTL