• De PLUS

    • Sound-Erliefnis an Emotiounen
    • Fuerverhalen
    • Leeschtung
  • De MINUS

    • System fir Daach op an zou ze maachen
    • Präis
    • keen Android-Auto

4 Liter Boxer-Mëttelmotor als Héichdréizuel-Sauger, 500 PS, Cabrio, Passstroossen a gemëschte Wiederkonditiounen? Dat versprécht spannend ze ginn.

Dacks gëtt jo behaapt, d’Autosmarke produzéiere just nach Eenheetsbräi, an et kann ee se scho bal net méi vun eneen ënnerscheeden. Dass dat awer net fir all Mark gëllt, weess den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun ze berichten, well hie war mat engem ganz besonnesche Gefier ënnerwee. 

Automag: Porsche 718 Spyder RS

Dat kann ee wuel sou soen, well wee baut schonn nach en Auto mat Boxer-Mëttelmotor, dat als Cabrio an 2-Sëtzer? Do fält engem net vill an denken ech. D’Experten ënnert iech wäerten awer scho realiséiert hunn, dass mer bei der Mark Porsche gelant sinn.

Bei Porsche denken déi meescht Leit warscheinlech un en 911. Dat ass hei awer net de Fall.

Nee, mir si bei 718... och nach besser bekannt als Cayman. An dësem Fall awer an der absoluter Spëtzeversioun als 718 Spyder RS. An deen RS ass net einfach sou als Gimmik mat an den Numm vum Auto gewandert... nee, hei ass richteg RS-Technik verbaut.

RTL

Wat mengs de da mat richteger RS-Technik?

Ech mengen, dofir lauschtere mer am beschten einfach mol hei eran...

Esou kléngt de Motor vun engem Porsche 718 Spyder RS am Banneraum

Oooh do kréien ech schonn nees Héngerhaut, wann ech dat héieren. Hei hutt dir grad e 6-Zylinder-Boxer-Motor héieren, 4 Liter Hubraum, mat 500 PS a 450 Newtonmeter Dréimoment. Et ass tatsächlech de Motor, deen och beim grousse Brudder verbaut ass, dem 911 GT3!  Bis zu 9000 Ëmdréiungen an der Minutt... a geschalt iwwert d’Porsche Doppelkupplungsboite, kuerz PDK... eleng domadder bass de schonn am sound-techneschen Autohimmel ënnerwee. De Sprint vun 0 op 100 geschitt an 3,4 Sekonnen. Ma domadder net genuch. Den Héichdréizuelmotor ass direkt hannert de Sëtzer montéiert, an d’Usaugung ass gefillt eng Handbreet nieft dengem Ouer.

RTL

Fir dat genéissen ze kënnen, ass ee wuel am beschten net just op Lëtzebuerger Autobunnen oder an der Stad ënnerwee. Du hues mam 718 Spyder RS e klengen Ausfluch gemaach.

Kleng ass vläicht e bëssen ënnerdriwwen. Ech hat d’Geleeënheet, mam OK vu Porsche Stuttgart, e Roadtrip mam Spyder RS ze maachen, dat vu Lëtzebuerg, iwwer Däitschland, Éisträich an Italien. Hei sollte sech sämtlech Fuersituatioune presentéieren, déi ee mat sou engem Auto erliewe kann. Ugefaange mat der Autobunn, well ech war den Auto op Stuttgart sichen, wou ech iwwregens nach eng speziell Aweiung kritt hunn, wéi een den Daach vum Spyder op an zou mécht. Do ass nämlech nach richteg Handaarbecht gefuerdert.

RTL

Sou ganz einfach schéint dat also mat deem Daach net ze sinn?

Fir unzefänke muss ee wëssen, dat geet net emol RuckiZucki an 30 Sekonnen. Fir en opzemaachen, muss ee fir d’éischt erausklammen, da jeeweils eng Verrigelung op all Säit vum Auto lassmasschen. Eréischt da kann een d’Mall opmaachen. Een éischten Deel vun der Daachkonstruktioun kann een dann ofmontéieren, zesummefalen an an eng speziell Posch an der Mall leeën. Duerno gëtt e weideren Hiewel ëmgeluecht, fir den Daach ze entspanen. Zwee Seeler mussen ausgehaange ginn, an den Daach kann dann no vir opgefaalt ginn, éier een da bannen am Auto d’Verrigelung lassmaache kann, an den Daach kann dann erofgeholl ginn, an tëscht der Mall an de Sëtzer an e speziellt Kompartiment geluecht ginn. Do muss een oppassen, dass een dat ganz präzis mécht, soss geet d’Mall net zou. Dat ze maachen, wann een eleng ass, ass net evident.

RTL

Méi schwiereg gëtt et dann awer, wann et ufänkt mat Reenen, an et muss een den Daach séier zoumaachen. Dat ass mir um Roadtrip leider e puer Mol geschitt... d’Kolleegen, déi mat mer ënnerwee waren, hunn et gutt gemengt an eng Hand ugepak. Wat dunn awer geschitt ass, war dass ee gemengt huet den Daach wier zou, wann een an den Auto geklommen ass fir fortzefueren, huet deen engem dann awer gesot, den Daach wier net verrigelt. Dobäi waren all d’Verrigelungen dran. Also nach emol eraus, alles nach emol lassmaachen a vu vir ufänken... eemol sinn ech mat der Warnluucht einfach weidergefuer bis an den Hotel, well ech net erausfonnt hunn, wat ech falsch gemaach hunn. Do hunn ech et dunn am dréchenen nach emol a Rou gemaach, bis d’Warnluucht aus war.

RTL

Schwätze mer iwwert déi méi angeneem Punkten. Wéi fiert sech de 718 Spyder RS?

Kuerz a knapp... et ass e Genoss. Wéi ech déi éischte Kéier e bësse méi Gas ginn hunn, an de Motor schéin a mengem Réck vu Freed gejaut huet, war ech scho begeeschtert. Bis ech op den Touerenzäler gekuckt hunn, a gesinn hunn, dass ech jeeweils scho bei knapp 5000 Toure geschalt hat. Doropshin hunn ech d’Gäng dunn emol ausgedréint... holy moly.... dunn ass et eréischt richteg lassgaangen, an déi Symphonie, déi de Motor da vu sech gëtt, ass einfach just anormal. Dat mécht richteg süchteg an et sëtzt ee just nach am Auto ze grinsen. Dat a Kombinatioun mat der PDK-Boite... e Genoss!

RTL

Ma net just dat mécht süchteg. Och allgemeng d’Fuerverhale vun deem Auto, dee wéi op Schinnen d’Passstroossen an Éisträich an Italien erop an erofgefuer ass. Bei de Biergofpassagen hunn ech dunn och vun der phenomenaler Keramikbrems profitéiert. Problematesch gouf et allerdéngs, wou et ugefaangen huet mat Reenen.

RTL

Den Auto hat Michelin Cup2 Pneue montéiert, déi sensationell am dréchene sinn... ma am Reen, respektiv bei kalen Temperaturen, do fiert et sech bal, wéi wann een op Schnéi ënnerwee wier. Dat mécht kee Spaass.

RTL

Et sollt ee sech och bewosst sinn, dass et an deem Auto dann dach awer riskéiert zimmlech haart ze sinn. D’Usaugung ass wéi gesot direkt hannert dem Kapp a soubal een a méi héijen Dréizuelen ënnerwee ass, ass Geräischtechnesch vill lass. Do schalt een iergendwann fräiwëlleg éischter erop a fiert a méi niddregen Zuelen, fir d’Oueren ze entlaaschten.

E Problem, deen ee just op däitschen Autobunne kritt ass deen, dass ee mat zouenem Daach «just» 180 km/h fueren däerf. Da geet eng Warnluucht am Tacho un. Dat huet dunn deels tatsächlech genervt, well d’Autobunn dacks fräi war an een da vun engem zouenen Daach gebremst gëtt. Stoe bleiwen fir den Daach erofzemaachen, mécht een an esou engem Fall awer net, well ee weess, wat dat mat sech bréngt vun Zäitopwand an deels Nerven.

Wat ee bei dësem Auto onbedéngt sollt hunn, ass de Lift-System, mat deem den Auto vir kann ugehuewe ginn, fir z.B. iwwert eng Knupp ze fueren, oder wéi a mengem Fall, fir an enger Déifgarage net ze riskéieren de viischte Spoiler ze zerkrazen oder ongewollt ofzebauen, wéinst enger ze steiler Ramp.

RTL

Eppes wat nach net sou erfreelech ass... wann een, sou wéi ech, en Android-Handy huet, gëtt et keng Méiglechkeet Android-Auto am 718 Spyder RS ze notzen, weder via Bluetooth, nach via Kabel. Hei gëtt just Apple Carplay ënnerstëtzt. Dat ass wuel nach bei anere Modeller vu Porsche de Fall... wou ech d’Logik net wierklech verstinn.

RTL

Do si mer da scho bei der Rubrik Fazit... wéi fält dee bei dir aus?

Fir unzefänke muss ech soen, dass ech absolut dankbar sinn, dass ech d’Geleeënheet hat, dëse 500PS-Mëttelmotor-Cabrio dierfen ze fueren. Dee Motor ass e Gedicht. Den Auto weit just 1410 Kilo a fiert sech phänomenal, net just op Passstroossen, ma och op der Autobunn, grad ewéi gemittlech duerch Dierfer. Als Spyder ass e wierklech schéin... ma an eise Regiounen einfach ze onpraktesch. Ech sinn de Coupé zwar nach net gefuer, ma tendenziell géif ech dozou rode sech deen zouzeleeën, wann een haaptsächlech am Grand-Duché an Ëmgéigend ënnerwee ass. De Spyder mécht just Sënn a Regiounen, wou Reen d’Ausnam ass.

RTL

Präislech starte béid Modeller bei 157.478 Euro... mat Optioune wéi Weissach-Paket, Keramikbremsen, LED-Luuchten a Lift-System (deen een onbedéngt huele sollt), ass ee séier iwwer 200.000 Euro. Den Testauto, deen ech fir e puer Deeg hat, koum op mat ënnert anerem anere Felgen, engem Upgrade am Interieur, dem Lift-System, de Keramikbremsen, dem 90 Liter Tank an den LED-Luuchten op 177.875 Euro.

Den neie 718 kënnt iwwerdeem just nach als Elektro-Versioun eraus... ween also nach ee vun de beschte Motorsounds genéisse wëll a sengem Auto, dee muss sech bäimaachen, virausgesat de Portmonni léisst et zou. 

RTL