XPENG G9
E groussen Elektro-SUV mat iwwer 500 PS, Allrad, vill Plaz, an dann och nach eng Autonomie vun iwwer 500km? Wéi et schéint, kritt XPENG dat hin.
Haut gëtt nees chineesesch am Automag geschwat. Eis Automag Redaktioun hat nämlech den XPENG G9 am Test. De Rich Simon ass den Auto gefuer. Et war fir hien awer net den éischten XPENG, deen hien ënnert de Rieder hat.
Dat ass richteg, ech sinn de G6 schonns e puer Kilometer gefuer. De grousse Brudder, de G9, hat ech elo awer wärend eng ganzer Woch zu Verfügung. An da kann ee schonn e bësse méi an den Detail vum Auto goen. Ech hu vum grousse Brudder geschwat, an dat ass net iwwerdriwwen. De G9 ass imposant. Ronn 4 Meter 90 laang an 1 Meter 90 breet. Dat ass a sech d'Gréisst vun engem Mercedes EQE, deen ee villäicht elo besser virun Aen huet, wéi eeben den XPENG G9.

Op der Strooss
Den Auto ass een imposanten SUV. Et ginn 3 Varianten. 2 mat 313 Päerd an 2-Rad-gedriwwen an d'Performance-Variant, mat 551 PS an Allrad-Undriff. Dat ass dee Model, deen ech hat. An dee fiert sech immens gutt. Lächer a Knuppen, sinn dank der Loftfiederung, kee Problem. D'Gewiichtsverdeelung ass, wéi bei de meeschten Elektroautoen, praktesch optimal. Net ganz optimal ass de Feedback, deen ee vum Steierrad kritt. D'Lenkung kéint e bësse méi direkt sinn. Wat d'Wandgeräicher ugeet, sinn déi ok. Bei verschiddene Premiummarken sinn déi awer besser. De Sprint vun 0 op 100, mat der Topversioun, ass an 3,9 Sekonne gepackt.

Banneraum
Du hues Platz ouni Enn. Alles wat verschafft ginn ass, ass ganz héichwäerteg. D'Sëtzer si komfortabel an als Optioun kriss de och nach d'Massagëfunktioun, dobäi. D'Récker vun de Sëtzer, loosse sech net nëmme vir mee och op der hënneschter Bänk inclinéieren. Iwwer Been- respektiv Kappfräiheet, brauche mer net ze diskutéieren. Et gëtt der masseg. Och bei der Mall ass net gespuert ginn. 660 Liter normal a 1.576 Liter wann d'Sëtzer ëmgeklappt sinn.
Batterie a Verbrauch
Et ass eng 98 kWh Batterie. Et ka mat maximal 300 kW Gläichstroum geluede ginn. Da kriss de d'Batterie a ronn 20 Minutte voll. Bei der 11 kW Wallbox mat Wiesselstroum, dauert et ronn 10 Stonnen. De Verbrauch ass, an dat muss een esou soen, sensationell. Mir schwätzen hei vun engem Auto dee bal 2,5 Tonne weit a 551 Päerd huet. De Verbrauch louch bei mir wärend enger Woch awer just bei ronn 17,5 kWh. Do muss sech d'Konkurrenz dach gewalteg Gedanke maachen. D'Autonomie vu 520 Kilometer ass realistesch.
Fazit
De Präis fir den XPENG G9 fänkt bei 55.990 Euro un. Fir de Performance Model, deen ech am Test hat an deen dann och de 4-Rad-Undriff huet, muss een 71.990 Euro bezuelen. Dofir kriss de immens vill Auto. Alles ass awer nach net perfekt. D'Sproochsteierung funktionéiert alles anescht wéi gutt. De Radio fält reegelméisseg a Funkläscher, wou et dann esou kraazt wéi an den 80er Joren, wou een nach de Sender iwwer een Dréiknapp gesicht huet. Déi vill Warnungen, déi ee kritt, kann een zwar ausschalten, si nerven awer. D'Graphik vun den zwee 15 Zoll Displayen, ass och net super sexy.

Mee sexy ass de Präis. Wéi deen zustane kënnt, doriwwer ass an de leschte Woche vill diskutéiert ginn an et wäert och nach vill diskutéiert ginn.
