Mini Cooper S
De Mini gëtt et och nach mat Verbrenner an den Akim Schmit konnt sech iwwerzeegen, wat alles Nei ass beim Mini Cooper S.
Am Automag kucke mer eis haut den neie Mini un. An zwar net iergendeen, mee de Cooper S. Et gëtt deemno méi sportlech. A fir eis war den Akim Schmit aus der Automag Ekipp domat ënnerwee.
Jo effektiv, a wou et geheescht huet, ech dierft den neie Mini Cooper probéieren, duecht ech u Kilowattstonnen a Reechwäit. Abee, ech hu mech geiert gehat. Mini fiert nämlech nach zweegleiseg. De Mini Cooper S dréit zwar d’Blechkleed vum neie Mini, ënnert dem Capot stécht awer nach e Bensinner. Ganz streng geholl, ass et nämlech en extensive Facelift.
Du hues dat neit Blechkleed ugeschwat. Et ass net schwéier den neie Modell vum alen ze ënnerscheeden.
Beim neie Modell huet Mini Villes, awer net alles, geännert. De Prinzip vun de kuerzen Iwwerhäng, de sympathesche ronne Luuchten an dem ofgesaten Daach si Markenzeechen a bleiwe bestoen. De gréissten Ënnerscheed maachen déi kanteg Réckluuchten. A mengen Aen ass do e bësse Charme verluer gaangen, mee dat ass eng Saach vum perséinlechen Empfannen.

Déi meescht Zäit verbréngt een als Besëtzer jo net hannert sengem Auto, mee bannendran…
An do huet sech munches gedoen! Aus dem verspillte Fliger-Cockpit ass e minimalistesch-moderne Living ginn. D’Kanner sinn aus dem Haus an d’Bud ass opgeraumt, kéint een et resuméieren. Déi Iwwerleeung kéint och déi eng oder aner Decisioun erklären. D’Armaturebriet ass nei a mat enger Zort Stoff iwwerspaant, deen och un den Dierverkleedungen zum Asaz kënnt. Dat gesäit super aus, esoulaang keng pecheg Kannerhänn Spueren hannerloossen an een et botze muss.

Highlight oder Bléckfang ass de ronnen Ecran vum Infotainment an der Mëtt...
An op deem spillt sech praktesch déi ganz Kommunikatioun mam Auto of. Knäppercher gëtt et bal keng méi. Ma esou chic wéi den Ecran ass, esou onpraktesch ass e mat Momenter: d’Auerzäit ass winzeg kleng an engem Eck verstoppt, déi ugangs witzeg Animatioune beim Wiessel vun der „Experience“ (also dem Fuermodus) nerven iergendwann, a wann den Handy sech och no der X-te Kéier net automatesch verbënnt… da wënscht ee sech en Update.

Mini ass jo fir de Fuerspaass bekannt. Wéi steet et dann ëm den Undriff?
De Mini Cooper S kënnt mat engem 2 Liter 4-Zylinder Besinner mat 204 PS. Domat ass de Sprint op Tempo 100 a 6,6 Sekonnen ze packen. Seng Héchstvitesse läit bei 242 km/h – dat ka sech weisen, dierft an der Praxis awer sielen eng Roll spillen. Well de Mini ass op der Landstrooss doheem.

Mir hunn dat déckt Steierrad, d’Automatikboîte déi op Zack ass, déi gutt doséierbar Bremsen an dat straff ofgestëmmte Fuerwierk gutt gefall. An och de Motorsound passt bei de Cooper S. Mini rechent mat 6,6 Liter Verbrauch op 100 Kilometer. Wann ee sech e bëssen amuséiert, sollt een éischter mat 8 bis 9 Liter rechnen.
Et ass also keen Auto fir ze spueren. Komm, mir geheien e Bléck an d'Präislëscht!
Mini ass an dësem Fall just den Numm. Lass geet et bei 33.300 Euro. Eise gutt equipéierten Testauto mam John Cooper Works Trim a ville villen Optioune, kënnt op 46.700 Euro.
