BMW i5 M60 Touring
Fir sech e gutt Bild vum neie 5er Touring ze maachen, dat an der Elektroverisioun mat 601 PS, war de Paul Origer knapp 2.000km ënnerwee domadder.
Um Festival gouf den neie 5er BMW exklusiv virgestallt, allerdéngs hat deen Dag Schnéi a Glatäis den Test éischter vermasselt. Dofir gouf et awer elo fir de Paul Origer d’Geleeënheet, den neie 5er an der Versioun i5 M60 Touring op Häerz an Nieren ze testen. Wéi sech de Businesskombi am Alldag a virun allem op laanger Streck geschloen huet, dat seet eis de Paul Origer.
Paul, ech ka mech erënneren, den Touring gouf deemools op der Lëtzebuerger Presentatioun als Sneak Preview gewisen, do duerft nach näischt doriwwer gesot ginn. Wéi ass dann do déng Impressioun?
Den neie BMW-Design polariséiert jo relativ staark, ech fir mäi Goût muss soen, datt mer den Touring scho mol vill besser gefält wéi d’Limousine. De Public war dacks och menger Meenung, wärend dem Test koum vill positive Feedback, zemools och wéinst der deierer an exklusiver Faarf Frozen Grey. D’Proportioune vum Uewerklass-Kombi sinn op deenen iwwer 5 Meter gutt gelongen, de Banneraum ass erwaardungsgeméiss geraimeg, wann och BMW-typesch e bësse méi knapp geschnidden. Wat ech bei BMW awer appreciéieren, si bleiwe bei der selwechter Karosserie – egal op Elektro oder Verbrenner. Domat bleift dann och déi relativ grouss Mall vu 570 Liter.

Am Wanter gouf jo näischt aus enger uerdentlecher Testfaart, dat hues de awer elo definitiv nogeholl?
Dat kann een esou soen. Knapp 2.000 Kilometer hat ech mam Elektro-Kombi gemaach. Engersäits fir seng Laangstreckequalitéiten an awer och den Alldag mam Elektroundriff ze testen. Als flott Kiischt um Kuch war et och nach d’Topversioun M60 mat 601 PS. Mee fir d’éischt emol bei d’Basics; de Sëtzconfort ass hanne wéi vir typesch BMW: e passt wéi de Costume op d’Mooss, dozou dee relativ soberen Design vum Tableau, déi nei a flott gemaachten Dekorbaguette mat integréierter Ambiancebeliichtung an déi allgemeng extrem niddereg Fuergeräischer.

Dat optionaalt Sportfuerwierk mat Loftfiederung an 21-Zoll-Rieder huet iwwert déi ganz Distanz d’Spagat tëscht Sportlechkeet a Confort beschtens hikritt; den i5 huet ni genervt. Am Contraire, trotz knapp 2,5 Tonne Gewiicht war d’Fuerverhale nach liichtféisseg, präzis an immens gutt beherrschbar. Dozou déi knackeg Steierung mat genuch Feedback an de wëlle Rëtt iwwert d’Landstrooss konnt nëmmen nach fir allgemengt Staunen an enorme Fuerspaass suergen.

Mat 601 PS an 795 Nm Dréimoment war Leeschtung dann och ni en Thema, den i5 ass an 3,9 Sekonnen op 100 a leeft iwwer 230 km/Stonn Spëtzt. All Befeel un d’Fuerpedal gëtt direkt ëmgesat, de groussen a schwéiere Kombi gëtt carrement zum Geschoss. A wien wëll, dee ka sech d’BMW Iconic Sounds derzou schalten – fir déi eng vläicht onsënneg Spillerei, fir mech iergendwéi awer e lëschtege Gimmick, dee beim Fueren d’Impressiounen nach emol verstäerkt.

Dat geet awer dann sécherlech och op Käschte vun der Autonomie?
Dat ass leider e bëssen de Paradox bei deem ganzen. Kloer gëtt een ugestëppelt, déi brachial Leeschtung ofzeruffen. Zemools wann esou eng däitsch Autobunn iwwer vill Kilometer fräi an illimitéiert ass. Allerdéngs heescht et dann: dacks un d’Luedsail. Well an 100 km kann da schonn emol d’Hallschent vum Akku verbrode sinn. Wat awer exzellent klappt, dat ass d’Organisatioun vun de Luedpausen iwwert de BMW-Navi: se ware gutt placéiert an ëmmer u fräien an staarke Bornen, meeschtens och nach an engem Luedpark mat Geschäfter oder Restauranten. Zesumme mat der relativ héiger Luedleeschtung vun 205 kW - e Peak, deen dacks erreecht gouf - war an 20 – 40 Minutten den Akku nees gelueden.

Paul, ech héiere keng negativ Punkten – dat déckt Enn kënnt jo awer dann um Schluss?
Ganz éierlech, dat ass jo bei de Premium-Marke mëttlerweil Usus. Kloer ass den i5 M60 d’Topversioun, mindestens 108.000 Euro si fir den elektresche Kombi fälleg. Et geet awer och scho mam eDrive 40 bei ronn 78.000 Euro un.
