6 Joer ass et elo schonn hier, datt Cupra als eege Mark lancéiert gouf – zanterdeem geet et mam Succès nach just an eng Richtung: no uewen.

Den neien Terramar, souzesoen den Tiguan vu Cupra, wäert do sécher nach emol fir e Schub suergen. De Paul Origer war fir eis bei der Weltpremière zu Barcelona derbäi.

Automag: Cupra Terramar

E wichtege Modell fir Cupra kënnegt sech un, wat och de groussen Opwand erkläert, deen zu Barcelona bedriwwe gouf. Net nëmmen huet de selwechte Moment déi 37. Editioun vum America’s Cup, der grousser Seegel-Competitioun stattfonnt, mee et gouf och extra e Kuerzfilm vum spuenesche Regisseur Juan Antonio García Bayona lancéiert. Mam Terramar huet Cupra nämlech wëlles engersäits hir Gamm ze vergréisseren, anerersäits en neit Segment an domat nei Clienten ze gewannen.

RTL

Iwwer Erfolleg brauch Cupra sech jo net ze bekloen! An dat soll dann och bestëmmt esou bleiwen, respektiv sech virun entwéckelen. Iwwer 700.000 Cupra goufen zënter dem Lancement vun der Mark verkaf. Antëscht huet sech den Design virun entwéckelt, bescht Beispill ass den Terramar, deen nom Tavascan an nom Facelift vu Leon a Formentor déi nei Sprooch iwwerhëlt.

RTL

Dat zeechent sech duerch de Luuchtendesign mat den typeschen 3 Dräiecker aus, iwwert d’Kalander am neie Cupra-Stil bis zu der Gesamtsilhouette, déi betount sportlech a geschwongen geroden ass. Vun der Gréisst hir si mer an der Kategorie vum VW Tiguan ukomm, deementspriechend imposant trëtt den Terramar op. Vun hanne soll een dann och direkt erkennen, dat een e Cupra viru sech huet; de Logo an de Schrëftzuch Terramar sinn dofir beliicht. Net feelen dierfen natierlech exklusiv Faarwen, dorënner och zwee matt Téin an déi violett Fuerf vum Showcar Cupra Dark Rebel.

RTL

De Banneraum blieft och am Stil vun der Mark an deen heescht: Sportlechkeet. De Cockpit ass dem Chauffeur zougedréint a gëtt vun der Mëttelkonsol dominéiert. Schuelesëtzer sinn dann och obligatoresch, hir Bezich sinn aus nohaltege Grënn aus recycléiertem Stoff. Den digitale Cockpit an den Infotainment-Schierm vun 12,9 Zoll gräifen op déi neiste Soft- an Hardware zeréck, fir de gudde Sound am Terramar suergt no gudden Erfarungen an anere Modeller déi däitsch Mark Sennheiser.

RTL

Also alles am topmoderne Beräich, d’Motorisatioune kommen engem do awer éischter bekannt vir. D’Palett kenne mer vum Tiguan, just datt den Diesel am Terramar net ugebuede gëtt. Dofir awer e Bensinner, e Mild- an ee Plugin-Hybrid mat tëscht 150 an 272 Päerd. Cupra schreift sech jo Sport an Dynamik op de Fändel, dofir sinn dann och d’Fuerwierk an d’Bremsen op ee besonnesch knackegen a zügege Fuerstil ausgeluecht.

Fueren duerfte mer den Terramar nach net, mee et kann een en awer scho bestellen. D’Bänner am Audi-Wierk an Ungarn, wou den Terramar gebaut gëtt, lafe schonn op Héichtouren an zënter Ufank September ass de Konfigurator op. Am November soll den Terramar dann op eise Stroossen ze gesi sinn. Präislech geet et lass bei ronn 42.000 Euro. Et kann een awer gutt a gären, wann ee Leeschtung a flott Optioune wëll, bei iwwer 60.000 Euro landen.

RTL