BMW 520d xDrive Touring
-
De PLUS
- Verbrauch
- Infotainment
- Veraarbechtung a Fuergefill
-
De MINUS
- M-Look a Kombinatioun mam klengen Diesel bäisst sech e bëssen
Iwwer 1.000km mat engem Tank an enger iwwer 5 Meter laanger Reeslimousine, gekoppelt mat engem flotten Design a guddem Infotainment? Jo dat gëtt et.
Virun e puer Wochen huet de Paul Origer eis am Automag de BMW i5 M60 xDrive Touring virgestallt, en Elektrokombi mat iwwer 600 PS. Den Andy Brücker hat dann elo de klengsten Diesel am Test a verréit eis, wéi en Androck de 520d bei him hannerlooss huet.
Ech muss zouginn, ech sinn ouni grouss Erwaardungen un dësen Test erugaangen, ma iwwert déi puer Deeg, wou ech den Auto fuere konnt, huet sech mäi Bild dach staark geännert. Kloer ass de 5er BMW als Touring en extrem beléiften Auto, och hei zu Lëtzebuerg, ma et war awer ni wierklech en Auto, deen ech um Radar gehat hätt.
Wat huet deng Meenung dann ännere gedoen?
Ma ech géif einfach mol soen, de Package. Kloer ginn d’Meenungen auserneen, wat virun allem de Frontdesign ugeet, mat der BMW-Nier. Fir deen een ass se ze kleng, fir deen aneren ze grouss asw. Les gouts et les couleurs...

Ma de 5er Touring huet einfach eng schéi Linn an e vereent Eleganz mat Sportlechkeet, dat och Dank dem optionalen M-Paket. D’Säitekleed ass éischter schlicht gehalen, ma d’Front an d’Heckpartie hunn dach schonn déi eng oder aner optesch Highlights.

Un der Mall fält engem dann awer op, dass een hei déi hënnescht Fënster net méi separat opmaache kann. Dee praktesche Feature ass beim neie 5er Touring ewechgefall. Sollt ee sech fir e 5er als Kombi entscheeden, moosst nach eng Kéier no, ob en an d’Garage oder an d’Afaart passt. En ass nämlech 5m06 laang!

Den Interieur
De 5er ass jo am Fong eng typesch Reeslimousin, an hei kann en och wierklech Punkten. Et sëtzt ee bequeem, och op méi laange Faarten. D’Steierrad ass BMW-typesch nawell zimmlech déck wat d’Grëffegkeet ugeet. Leit mat klengen Hänn stéiere sech do eventuell e bëssen drun.
Virun allem war ech begeeschtert vum Infotainment-System. Deen ass definitiv am Joer 2024 ukomm an ech war iwwerrascht, wéi vill nei Elementer ech hei entdecke konnt am Verglach mat anere BMWen, déi ech gefuer si bis elo. Graphesch flott a praktesch geléist ass zum Beispill d’Navi-Integratioun am Tableau de Bord, wou op enger Kräizung déi normal Kaartenusiicht eriwwerspréngt op d’Frontkamera vum Auto, an e weist der da mat Feiler un, op wéi enger Spuer ee sech soll halen, dat ganzt flott am 3D animéiert. Et gesäit net just gutt aus ma funktionéiert och nach.
Bei der Manipulatioun vun de Lüftungsdüsen muss ee sech e bëssen ëmwinnen. En Touchfeld bestëmmt wéi voll Loft déi eenzel Elementer liwweren, an drënner verstoppt ass nach e manuelle Reegeler, deen d’Richtung virgëtt. Ma et ass alles esou dezent am Tableau de Bord integréiert, dass dësen wierklech clean an opgeraumt bleift.

Plaz an der Mall huet ee mat 570 Liter masseg, a wiem dat net duergeet, dee kann d’hënnescht Sëtzer ëmklappen an 1.700 Liter draus maachen. D’Luedkant huet dann och eng angeneem Héicht.

Fuerandréck
Wat een alt emol als problematesch bei BMW kéint aschätzen, dat ass en ze strafft Fuerwierk, wat hei awer net de Fall war. En ass wierklech komfortabel gefuer, ouni awer schwammeg ze wierken. Eng ganz präzis Lenkung huet hiert zum deem Fuergefill bäigedroen. Déi Präzisioun brauch een och, well den Auto ass wierklech grouss.

Mir ware jo mam klengsten Diesel ënnerwee, engem 2 Liter 4 Zylinder mat 197 PS a 400 Nm Dréimoment, gekoppelt un d’8-Gang Automatik an xDrive, deemno Allrad. Dee Motor ass spuersam a geet och duer am Alldag, ma wann een op déi sëllegen «M-Logoe» kuckt, déi am an um Auto verdeelt sinn, da feelt et dann dach awer e bëssen u Punsh.

Do passen M-Philosophie a Fuerleeschtungen net wierklech zesummen. Ma et gi jo nach eng Partie aner Motoriséierungen am Regal bei BMW, vun Diesel iwwer Bensinner bis vollelektresch.
Eisen Testauto koum iwwregens op e Wäert vun 80.000 Euro. De klengste Bensinner ouni Optioune gëtt et vu 60.433 Euro un.
