Polestar 4
-
De PLUS
- Design
- Veraarbechtung
- Präis
-
De MINUS
- Assistenzsystemer
- Kamera als Ersatz fir hënnescht Fënster
- Software vum Infotainment
Dat een net vill Modelle a senger Gamme muss hunn, fir vill Autoen ze verkafen, dat huet an de leschte Jore Polestar bewisen.
Elo gëtt d'Offer awer bësse méi grouss. De Polestar 4 steet nämlech an de Showrooms. De Rich Simon, aus eiser Automag-Redaktioun, hat den neien SUV schonns ënnert de Rieder. Ma wat genee war dat fir en Auto?
Een Auto deen opfält. Dat kann awer souwuel negativ sinn, wéi och positiv. An deem heite Fall ass et dann och positiv. Du hues et elo just gesot, mir schwätze beim Polestar 4 vun engem SUV. Vun der Gréisst hir si mir beim Polestar 4 bei Autoe wéi plus/minus de Porsche Macan oder de Peugeot 5008, fir nëmmen déi ze nennen. Les Goûts et les Couleurs ne se discutent pas, dat ass gewosst an awer soen ech hei, datt Polestar definitiv ee richteg schéinen SUV op de Marché bruecht huet, deen d'Blécker op sech zitt.
Firwat zitt den Auto da Blécker op sech?
Hien huet eppes, wat soss, esouwäit wéi ech weess, keen aneren Auto huet. Nämlech keng hënnescht Fënster. Dat ass de groussen Eyecatcher. Déi Fënster ass net do. Dat heescht, du hues de Mallendeckel komplett an der Faarf, déi och soss den Auto huet. Lo wëlls de jo awer eppes hannen eraus gesinn; Abee dofir ass eng Kamera do, déi filmt an dat Bild gesäis de am Réckspigel. Dat ass eppes, un dat ee sech muss gewinnen.

Bei deem System gëtt et een Nodeel. Wann et do bausse fiicht ass, dat leeft d'Lëns, wann den Auto um Parking steet un, an dee Moment ass och d'Bild am Réckspigel dréif. Hei besteet sécherlech nach Nohuelbedarf. Op deen neie Feature Schoul mécht, dat wäerten déi nächste Jore weisen. Op Nofro hin, konnt och kee mir soen, firwat déi hënnescht Fënster net méi do ass. Ee klore Virdeel gëtt et fir mech nämlech net, ausser eeben datt een eng nei Optik huet, op déi d'Leit kucken.

© Rich Simon
Bei Polestar schwätze mir jo vun engem reng elektreschen Auto. Wat gëtt et u Batterien, respektiv wéi vill Leeschtung hunn déi?
An dem Testauto deen ech hat, war déi kleng Batterie verschafft, woubäi een dat muss relativéieren. Déi kleng huet ëmmerhin 200kW, dat sinn 272 Päerd. Déi dreiwen déi hënnescht Rieder un. Mat deenen 272 Päerd an engem Gewiicht vun 2.230 Kilo ass ee vun 0 op 100 a 7,1 Sekonn. D'Spëtzt ass bei 200 Kilometer an der Stonn erreecht.

Wat elo d'Fuerverhalen u sech ugeet. Do ass net vill der géint ze soen. Wann een allerdéngs bësse méi sportlech mam Polestar 4 ënnerwee ass, da villt den Auto sech e bëssen nervös an de Kéieren un. Ech ka mir virstellen, datt dat de 4-Rad-gedriwwene Modell, dach ee Stéck besser ass. Knuppen a Lächer absorbéiert de Polestar 4 gutt. Bis bei eng Loftfiederung, déi aner Marken an deem Segment ubidden, ass et awer nach e gewësse Wee.
Wéi bei vill Marken, déi a China gebaut ginn, deet och den neie Model vu Polestar sech bei den Assistenzsystemer schwéier. D'Moyenne mat där ech ënnerwee war louch bei 20,9 kWh op 100 Kilometer. Domadder louch ech gutt 2 kWh iwwer dem WLTP Verbrauch. Realistesch sinn eng 500 Kilometer mat enger Charge méiglech. Apropos Charge: Mat maximal 200 kW ka geluede ginn. D'Konkurrenz aus China vun XPENG ass do beim G6 Modell schonns bei 280 kW.
Wéi gesäit et bannen am Auto aus?
Wat awer elo Veraarbechtung ugeet, do ass ganz einfach guer näischt dogéint ze soen. Déi ass einfach nëmme gutt! Bei de Materialien déi verschaaft goufen ass nees, an dat ass Trendy, drop opgepasst ginn, dat déi recycléiert sinn respektiv, datt ee se kann recycléieren.

Plaz ass masseg am Auto an alles ass relativ einfach iwwer de Touchscreen ze bedéngen. Allerdéngs hunn ech bei mengem Testauto allkéiers mussen den Telefon nei connectéieren a bei der Sich no Radiosenderen huet de d'Software sech schwéier gedoen. D'Mall ass mat 526 normal a 1.536 Liter mat ëmgeklappte Sëtzer, ok.

Zum Schluss nach däi Fazit an d'Präisser...
Polestar huet sech an de leschte Joren ee gudden Numm gemaach an dat geet och beim Polestar 4 weider. Den Auto ass schéin, an nach een Tick besser verschafft, wéi seng Virgänger Modeller. Hei ass ee ganz kloer un de Premium-Marken drun. Mam Präis ass ee bei deenen net drun, an domadder ka Polestar natierlech Punkten.

De Long Range Single Motor, mat 272 Päerd deen ech hat, kritt ee vun 61.400 Euro un. Fir mech geet déi Motorisatioun och duer. De Longe Range Dual Motor, mat dann 544 PS, a 4-Rad-Undriff, kritt ee vun 69.150 Euro un.
Dat sinn natierlech Suen, awer am Verglach zu aner vergläichbaren Autoen, déi och esou verschafft sinn an déi Leeschtung hunn, ass dat ee ganz gudde Präis.