Audi RS6 GT an RS4 Edition 25 Years

Et ass éischter seelen, ma et ginn awer nach Marken, déi Sondereditioune vun hire Sportsmodeller erausbréngen, sou och Audi.
D'Zuele schwätze beim Audi RS6 GT fir sech: 4 Liter Bi Turbo, 8 Zylinder, 630 Päerd a vun 0 op 100 an 3,3 Sekonnen. Dat ass, fir et bescheiden auszedrécken, sportlech. Apropos bescheiden. Wann ee mam RS6 GT ënnerwee ass, dat fält een op. Eleng schonns duerch de Klang zitt een d'Blécker op sech. Awer och duerch säin imposant Wierken. Opfälleg dobäi ass den imposanten Külergrill, déi 22 Zoll wäiss gesprëtzte Felgen, d'Autocollanten, déi op déi wäiss Karosserie gepecht goufen. Dat alles erënnert un de legendären Audi 90 GTO, dee viru ronn 30 Joer op de Circuiten doheem war.

Et huet een d´Gefill, datt d'Ingenieure vun Audi sech beim plangen an entwéckelen vum RS6 GT richteg konnten austoben.
Wann een den RS6 GT geliwwert kritt, dann ass ee Setup drop, dee perfekt fir den normale Stroosseverkéier agestallt ass. Wann een awer mam Auto op de Circuit geet, huet een eng sougenannte Toolbox an der Mall, mat där een den Auto nach e bësse méi déif ka leeën (Gewindefahrwerk). Klengt einfach, ass et awer net onbedéngt. Ouni Hebebün geet nämlech näischt.

Den RS6 GT ass ee Quattro. Woubäi awer méi Traktioun, bei der normaler Konfiguratioun, op der hënneschte Rieder ass (60/40). Fir Gewiicht ze spueren, gouf de Capot a Karbon geformt. An dee weit grad emol ronn een hallwe Kilo. Och d'Kotfligele sinn aus Karbon. Apropos Gewiicht. Dat läit bei 2.075 Kilo. De ganze GT Modell ass um RS6 Performance opgebaut. Dee gëtt zu Neckarsulm gebaut. Vun do gëtt den Auto dann op Böllinger Höfe transportéiert an hei gëtt dann, aus dem Performance, de GT Modell.

Mir haten d'Chance natierlech och fir den RS6 GT ze fueren. Leider awer net op der Rennstreck, mee am normale Verkéier ronderëm d´Mammenhaus vun Audi zu Ingolstadt. D'Teststreck hat eng gutt 150 Kilometer an do konnt ee sech zum Deel dann och schonns bësse mam Auto amuséieren. Ouni laang ronderëm de Bräi ze schwätzen. Deen Auto mécht Spaass, fir en ze fueren. Ee Kombi mat Gokart Feeling. Esou kéint een d´Fuererliefnis ëmschreiwen. Op Schinne geet et duerch d'Kéieren. An deenen ass ee duerch d'Schuelesëtzer, bei deenen och nees zum Deel Karbon an de Asaz koum, gutt gehalen.

Där Schuelesëtzer, goufen et bis elo am RS6 nach net. Wat Schued ass, et muss een déi Sëtzer nach manuell verstellen. Bei esou engem deieren Auto ass dat dach éischter d'Ausnam. D'Boîte ass eng 8 Gang Automatik, déi keng Wënsch oppe léist. Et kann een natierlech och iwwer d'Schaltwippen d'Gäng wiesselen. Déi Wippe sinn extrem kleng a wann ee kuerz Fanger huet, da gëtt de Wee wäit an d'Steierrad huet een net méi richteg gutt am Grapp.

Nieft dem RS6 GT, stoung och een Test vum RS4 Edition 25 Years um Programm
Deen éischte Moment kéint een dovunner ausgoen, datt ee sech géif e bësse langweilen, wann ee vum RS6 GT op de klenge Brudder muss ëmsteigen. Dat war awer net de Fall.

Och bei dësem RS4, sinn déi technesch Daten impressionant: 2,7 Liter Biturbo, V6 mat 470 PS. Dat sinn 20 Päerd méi wéi am Competition Modell. Bis elo war dat de performantsten RS4. De Sprint vun 0 op 100 huet een an 3,7 Sekonnen hannert sech. Et ass een also minimal méi lues, wéi den RS6 GT. Och bei dësem Modell konnten d´Ingenieure sech austoben. Den Edition 25 Years, ass elo den éischte deen d´Schallmauer vun den 300 Kilometer an der Stonn packt. Beim normalen RS4 ass bei 250 Schluss.

Den RS4 ass 345 Kilo méi liicht, wéi den RS6 GT. Ënnert anerem duerch manner Gewiicht, ass den Handling vum Auto nach een Tick besser. Fir Gewiicht ze verléieren, huet een, do wou et goung, och nees op d'Wonnerwaff Karbon zeréck gegraff. Och bei de Bremsen.

Leider war awer och dësen Test, just iwwer Landstroossen. Beim Edition 25 Years kritt een nämlech serieméisseg een zweete Saz Felgen, mat Semi-Slicks dobäi an och e puer Händchen. An och hei kann een d'Fuerwierk, genee wéi beim RS6 GT, duerch ee sougenannten "Gewindefahrwerk" manuell verstellen. Virun allem ass dat interessant, wann ee mat der Maschinn op de Circuit geet. Apropos manuell; D'Sëtzer muss ee bei béiden Autoe manuell verstellen. Hei géif ee sech dach bësse méi Luxus an där Präiskategorie wënschen.

Domadder wiere mir och schonns bei de Präisser. Den RS4 Edition 25 Years, kascht ronn 142.000 Euro. Et gëtt den Auto awer just 250 Mol. An dat och just an Europa. Dat mécht dësen Audi natierlech och nees ganz exklusiv.

Den RS6 GT kascht ronn 220.000 Euro. Gehandelt gëtt en awer elo schonns, mat 290.000 Euro.
D'Chance fir déi zwee Autoen op eis Lëtzebuerger Stroossen ze gesinn, si relativ kleng. 1 Modell vu 660 vum RS6 GT ass nämlech just fir de Lëtzebuerger Marché reservéiert. 3 vun 250 Modeller, vum RS4 Edition 25 Years kommen an de Grand-Duché.
Béid Autoe kann ee an Zukunft awer am Audi Musée zu Ingolstadt gesinn.