De grousse Won, dat ass e gewinnte Stärebild. An ëm e grousse Won geet et och elo am Automag. Made in Korea, de Kia Sorento HEV.

Eng Hybrid Versioun ouni Kabel, deen iwwer dem Fueren opluet.Wéi attraktiv deen dann elo fir Famillje ka sinn, dat huet de Christian Schmit am Alldag um Volant erausfonnt.

Automag: Kia Sorento HEV

956. Déi Zuel ass mir fir d'éischt an d'A gesprong beim Demarréieren. 956 km Autonomie ginn affichéiert, ma dat ass dach scho mol e Wuert bei där Dimensioun Auto. De Kia Sorento ass effektiv als 5 oder och esouguer 7 Sëtzer en ideale Familljebegleeder. Krut elo kierzlech e Facelift verpasst, a passt elo besser an d'Kia-Famill.

RTL

Wat huet da changéiert?        

Di ganz Calander vir mat den LED-Luuchte wierkt elo méi modern a méi grouss, e bëssche futuristesch, mee dat steet em gutt zu Gesiicht. Och di hënnescht Luuchte goufen iwwerschafft. Eng Partie nei Fuerwe kommen och an d'Spill, mir ware mam Volcanic Sand Brown ënnerwee. Mee virun allem am Interieur spréngt engem gläich den 12,3 Zoll groussen Ecran an d'A. Alles wat en upaakt wierkt agreabel, neierdéngs och elo vegant Material. A Plaz gëtt et wierklech sat fir Famill oder Fräizäitsportler. Fir op di 3. Sëtzrei ze klotere sollt een awer dach scho gewieweg sinn. Gëtt si net gebraucht da verschwannen déi Sëtzer ganz einfach an der Mall.

RTL

Do denkt e bei sech, mat deem dote 4m80 groussen SUV kann et definitiv op d'Rees goen. Den AWD, also Traktioun op 4 Rieder doen dann och nach hiert zur Souveränitéit bäi.

Deen Hybrid Moteur huet genuch Power?          
 
Also do si mir de 1600er Hybrid Bensinner gefuer mat 215 PS System-Leeschtung. Di 6 Gang Automatik hält de grousse Sorento dach op Trapp. Mee esou e Familljenauto keeft e jo och net fir héich performant Leeschtungen. Reng elektresch setzt sech de Sorento HEV a Beweegung, an duerno sinn Elektro a Verbrenner en agespillten Duo.

Wéi esou dacks geet et jo wéinst dem Trafic ganz gemälleg duerch d'Stad an iwwer Land, an esou koume mir op e Verbrauch mat der 6 vrum Komma zuwee.

RTL

Du hues et gesot, eppes fir d'Famill oder de Fräizäitsportler. E sprengt de Budget net?
                
Duerchaus fair. Well den Testauto, de Kia Sorento HEV an der Topversioun mat ganz vill Luxus, Sécherheet, Assistenz Systemer, Info an Entertainment, jee allen Optiounen koum op 61.500 Euro. Gemooss un der Gréisst a Polyvalenz vum Auto geet dat sécher an d'Rei.

Net fir näischt huet e jo schonn op der ganzer Weltkarriär gemaach, besonnesch beléift an den USA an och Australien.

RTL