Am Automag geet et "Back to the Future". Mir schwätzen iwwer eng Legend. D'R5 ass nämlech nees zeréck.

Déi kleng Franséisin koum 1972 op de Marché a gouf bis 1996 gebaut. Duerno war Schluss. Elo ass den Auto awer nees do. De Rich Simon hat d'Chance d'R5 ze fueren an e war nawell gespaant, wat do op hien duerkomme géif.

Automag: Renault 5

Do hues du komplett Recht. Op een Auto wéi den R5, freet ee sech schonns am Virfeld. Villäicht virun allem, wann ee sech nach gutt un déi Joren erënnert, an deenen den R5 esou present op eise Stroosse war wéi de Bréifdréier. Ech weess net op et vill Famillje bei eis am Land ginn, wou net iergendeen eng R5 virun der Dier stoen hat. Den Auto ass iwwer 3 Joerzéngten ewech gaange wéi waarm Bréidercher. Dat hat zum Deel mat sengem Design ze dinn. An deen Design ass elo no knapp 30 Joer nach ëmmer speziell. Och eng Persoun déi sech net all Dag mat Autoe beschäftegt, erkennt direkt, datt et eng R5 ass. Retro Style ass bei dësem Modell In. An dat ass och gutt esou. Wann's de mat der R5 ënnerwee bass, da kucken d'Leit op dech, also besser gesot op den Auto an déi ganz séier huelen den Handy eraus, fir eng Foto ze maachen.

RTL

Op der Strooss

Déi nei R5, gëtt et just als Elektroauto. Da gëtt et den Ament och just eng Batterie*. D'R5 déi elo um Marché ass, ass déi mat 150 Päerd. Bei ronn annerhallwer Tonn Gewiicht, ass dat sécherlech keng Rennmaschinn. Den Auto gesäit definitiv méi séier aus wéi en ass. Dat soll awer elo keng Kritik sinn. Déi 150 PS gi fëllegen duer a kommen aus enger 52 kWh Batterie. Mat där soll ee 410 Kilometer wäit kommen. Beim eisem Test, louch de Verbrauch bei gudde 14,4 kWh/100. Dat dierft dann eng reell Autonomie, vu ronn 350 Kilometer sinn. Mat maximal 100 kW ka geluede ginn. Un enger 11 kW Wallbox, ass d'Batterie vun 10 op 100 Prozent a 4,5 Stonnen, nees voll.

*Deen Ament wou d'Presentatioun vum Renault 5 am Oktober war, war just eng Motoriséierung mat enger Batterie disponibel. An Tëschenzäit gëtt et de Renault 5 mat der 52 kWh-Batterie, ma och mat der 40 kWh-Batterie. Bei der Leeschtung huet een de Choix tëscht 95, 120 oder 150 PS. 

RTL

Am R5-Display um Capot gesäit een, wéi voll d'Batterie nach ass.

D'maximal Vitess vun der R5 läit bei 150 Kilometer an der Stonn. Ass een an deene Sphären ënnerwee, da mécht den Auto dach relativ vill Wandgeräicher. Dat ass awer och schonns praktesch déi eenzeg Kritik déi ech hunn. Soss fiert den Auto sech gutt. Wärend dem Test war zum Deel décken Aquaplaning op der Strooss, dat huet d'R5 awer weider net aus der Rou bruecht. Esouguer d'Assistenzsystemer waren an de schwéiere Wiederkonditiounen net iwwerfuerdert.

RTL

Wéi gesäit et bannen am Auto aus?

Cool. Jo et ass haarde Plastik verschafft, awer an enger relativ gudder Qualitéit.  Véier Erwuessener, wa se net ze grouss sinn, hunn an deem dach kompakten Auto, relativ gutt Platz. D'Sëtzer si sportlech ausgeluecht, ouni datt ee sech awer ageengt fillt. D'Steierrad läit gutt an der Hand an iwwer een 10 Zoll Display, kennt een an déi verschidde Menüen.

RTL

Domadder wiere mir beim Infotainment: Do ass an der R5 mat ChatGPT elo och déi kënschtlech Intelligenz present. An dat a Form vun engem Avatar, deen der iwwerall oder bal iwwerall, ënnert d'Äerm gräift wou e gebraucht gëtt. Den Avatar heescht iwwregens, RENO. Dee seet dir zum Beispill, wat's de alles muss kucke goen, wann's de an iergendenger Stad bass an du hues just e puer Stonnen Zäit, fir eng Sightseeing Tour. Wann s de awer zum Beispill och Loscht hues, fir dir owes eng Spaghetti Carbonara ze kachen an du kanns dech net méi un d'Rezept erënneren, kee Problem; Fro de RENO! D'R5 ass den éischte Modell vu Renault, wou de RENO an den Asaz kennt. Aner Modeller dierfte lues awer sécher nozéien.

Wéi denks du, datt den Auto bei de Leit ukënnt?

Ech denken, datt d'R5 och elo nees richteg gutt verkaaft gëtt. Du hues eng potentiell Clientèle, ech nenne se mol nostalgesch Clientèle, déi sech den R5  als Zweet oder esouguer als Drëttauto kafen. Dann hues de awer och eng jonk Clientèle, deene sécherlech den Design dierft gefale, mat deene, wann ee se da wëll, knallege Faarwen.

RTL

Wat gefält dir net um Auto?

Do gëtt et a sech just eppes. An dat hunn ech schonns kuerz ugedeit. Et gëtt kee Verbrenner. Richteg Nostalgiker hätte sech sécherlech och ee Bensinner gewënscht. Op déi elo de Schratt, bei hire villäicht éischten Elektroauto maachen, bleift ofzewaarden.

Wéi gesäit et mam Präis vun der R5 aus?

D'R5 mat der 52 kWh-Batterie an 150 PS kriss de vun 31.812 Euro un*. Dat ass schonns bëssen. Et kritt ee se mëttlerweil awer och mat der 40 kWh-Batterie, mat dann 95 oder 120 PS. Hei geet et scho bei 25.000 Euro un. (*Aktualiséiert Motoriséierungen a Präisser vun Enn November)

RTL