Zwee ganz ënnerschiddlech Sportsween sti sech an dësem Automag géintiwwer.

Den 100 % elektreschen Hyundai Ioniq 5N aus Korea, an de klassesche Verbrenner aus Amerika, d'Corvette C8. Komplett verschidden, an awer e puer Saachen "en commun"? De Christian Schmit souz hannert dem Volant vun deen zwee an huet et erausfonnt.

Automag: Hyundai Ioniq5N vs Chevrolet Corvette C8

E wonnerbaren Hierschtdag mat vill Sonn war ideal fir di zwee ze fueren. Därer wou een am Autoquartett, wat mir als Kanner gär mat Kolleege gespillt hunn, gutt Kaarte gehat hätt. Faszinatioun a Fuerspaass bidde si allebéid. Bon, an der Corvette just fir zwee, am Hyundai och gäre bequeem zu véier ënnerwee. Dat gëllt och fir de Volume an der Mall. Mam Hyundai kann et op d'Rees goen, mat der Corvette éischter e Weekend-Ausfluch.

RTL

Erstaunlech wéi realitéitsno den Ioniq um Volant de Sportswon akustesch a fueraktiv simuléiert. E sëllegen Track-Astellunge verlaangen awer no engem Circuit. Näischt fir am Alldag op der Strooss auszeprobéieren.

RTL

D'Corvette huet och näischt géint den American way of drive. Hei huet een duerch de Mëttelmotor de Sound vum V8 gläich am Genéck. D'Motrice kann duerch d'Glasscheif bewonnert ginn.

RTL

An deenen zwee passt d'Sportsëtzer-Garnitur, a mat béide fält een op. D'Blécker verroden engem, do géif ech gär matfueren. Ass den Ioniq och an der N-Versioun, bannenan ganz sober, esou fält den Tableau de bord vun der Corvette dach spektakulär aus. Alles ass ronderëm de Pilot, pardon, Chauffeur gebaut.

RTL

Werfe mir e Bléck op d'Fiche Technique.

De Hyundai Ioniq 5 an der N Versioun, dat sinn 650 PS an eng 84kw/h Batterie. D'Corvette kënnt mam 6,2 Liter V8 op 482 däer Päerd. Sprint op 100, quasi exequo 3,5 Sekonnen. Awer bei der Spëtzevitesse do muss de Koreaner passen. 260 ass top, mee de Sportler aus den USA kënnt op nobäi 300 à l'heure.

Och a punkto Verbrauch ginn et Parallellen. Gëtt Temperament ofgeruff, liwweren di zwee ipsofacto, mee froen dann awer no vill Stroum, respektiv Bensinn. Bei der Corvette tëscht 10 an 13 Liter, beim Ioniq op d'mannst 18kw/h bis wäit iwwer 20. Oder anescht ausgedréckt, bei 100% Batterie ginn 309 Kilometer Autonomie affichéiert.

RTL
RTL

Jo dat hei ass Spëtzesport, woubäi awer d'Präisser net total ofhiewen. Fir 75.000 Euro kéint den elektreschen Ioniq 5N bei iech an der Garage stoen. Fir d'Corvette muss een op d'mannst 110.000 Euro dohi bliederen. Avantage hei, et huet een de Choix tëscht Targa oder Coupé Cabrio. Trotzdeem fir dee Präis en Dramauto säin eegen ze nennen geléngt bei anere renomméierte Marken éischter net.

Oldschool Sportswon oder Hyper E-Power? Jidderee muss dat fir sech decidéieren, oder besser gesot, vill vun eis mussen dat guer net entscheeden.

Op alle Fall war deen doten éischten Hierscht-Weekend méi wéi agreabel mat zwee aussergewéinlechen Talenter op 4 Rieder!