Am Automag ass et eng Traditioun, dass deen 1. Sujet vum neie Joer en Interview ronderëm de Sujet Mobilitéit ass, déi Kéier mam Premier Luc Frieden.

2025 hu mir e Mëttwoch ugefaangen. Am Automag ass een um Donneschdeg besonnesch houfreg de Staatsminister Luc Frieden ze begréissen. Wat huet deen 2024 beweegt, a wat wënscht e sech a Saache Mobilitéit fir 2025? 
De Christian Schmit huet dat dëser Deeg am Staatsministère nogefrot.

Eng Première fir den Automag op RTL, mat engem Premierminister am Interview.

Wat huet dann eise Staatsminister Luc Frieden a Saache Mobilitéit esou beweegt?

Ech fuere ganz gär Auto an ech bedaueren eigentlech, dass ech a menger neier Funktioun ganz oft geféiert ginn, dofir freeën ech mech de Weekend selwer Auto ze fueren. Jo et ass erhuelsam am Auto ze sinn, et kann e Musek lauschteren, an ech hunn einfach Spaass mat Autoen.

2025 läit virun eis. Wat wënscht e sech?

Ech mengen, dass mir musse kucken, wéi ass et méiglech, dass d'Leit sech all vun A op B kënne beweegen. Dofir brauche mir e gudde Mix vun Auto, Bus, an Zuch. Dat muss een alles niefteneen hunn, mee et muss e kucken, dass mir di grouss Zuel u Leit eigentlech vun hirer Schaff heem kënne bréngen, an d'Schoul kënne bréngen, an de Sport kënne bréngen. An ech mengen, dat bleift eng Erausfuerderung fir eng Gesellschaft di wiisst.

Da léiere mir op dëser Plaz eisen Invité jo och méi privat kennen. Wat ass et fir e Genre Chauffer? 

Een de Spaass huet wann en Auto fiert, een dee sech un d'Reegelen hält, ech rennen net extra, mee ech fuere gären och zum Beispill an de Bierger mam Auto wann et e bësschen ëm d'Kéier geet. Also wierklech Spaass um Autofueren.

Fiert en iwwerhaapt nach vill selwer?

Am Alldag erlabe si mir aus Sécherheetsgrënn net ze fueren, mee esou bal ech dierf de Weekend eise privaten Auto huelen, da sinn ech gären hannert dem Steier.

A wéi zefridden ass e mat der Déngscht-Limousine?

Jo ech hunn déi geierft vum Här Asselborn. Ech hätt, bon et gëtt Zäit fir eng Kéier eng nei ze kréien, mee fir de Moment ass déi ganz gutt.

Hei kuck do, en neie Premier, mee kee neien Auto.

Huet e léiwer di neiste Kreatioun, oder vläicht léiwer en Oldtimer?

Ah nee ganz kloer di neisten Autoen. Fannen et och flott di neiste Gadgeten an den Autoen ze gesinn, wat technologesch e Fortschrëtt ass. Och kucke wat ëmweltfrëndlech ass, wat an der Elektromobilitéit geschitt. All déi Saachen interesséiere mech schonn.

Mir hale fest. Eise Premierminister fillt sech wuel hannert dem Steier, a kritt deemnächst da wuel eng nei Déngscht-Limousine.

Automag: Neijoerschinterview mam Staatsminister (1. Deel)

Och e Fan vu Motorrad oder Vëlo?

Motorrad sinn ech nach bal ni gefuer, mol op engem Tëff an der Zäit. Vëlo jo. Mee de Vëlo ass dat wat ech ganz flott fannen, ech fueren och gären an Holland op engem richtegen hollännesche Vëlo. Heiansdo gäre Coursevëlo. Also scho grousse Fan, jo.

Och alt emol mam ëffentlechen Transport ënnerwee?

Just mam Zuch op Paräis.

Schéinsten Erliefnes, oder schéin Erënnerunge ënnerwee mam Auto, wéi eng sinn dat?

Oh ganz vill. Ech mengen an d'Vakanz fuere mat der ganzer Famill. Och als Kanner scho wa mir iwwer di routes nationales am Frankräich gefuer sinn. Mir haten eng Citroën, eng DS wou eng enorm Suspensioun hat. An dann all Kéiers wann et iwwer d'Kaul gaangen ass, dat war fir eis Kanner ganz flott.

Flott hunn ech awer och fonnt, wann ech mat mengem eegenen Auto, wéi ech nach zu Paräis studéiert hunn, mam eegenen Auto duerch Paräis fueren, iwwer d'Champs Elysées, ronderëm den Arc de Triomphe an deem Chaos fueren, dat war deemools, an dat ass haut nach eppes wat mir vill Spaass mécht.

Op den éischten Auto iwwerhaapt ugeschwat, wat war dat fir een?

Deen huet meng Boma mir geschenkt. Dat war e Renault 5, donkelgréng metaliséiert. E ganz flotten Auto.

A lescht Fro, wou steet de Punkte-Konto beim Staatsminister?

Ech hu nach ni a mengem ganze Liewen e Punkt ewech geknipst kritt. Doriwwer sinn ech ganz stolz, et kann ëmmer geschéien, mee ech versiche mech un d'Reegelen ze halen. Dat ass jo och Respekt vis à vis vun deenen aneren, datt näischt geschitt. Dofir soll e sech dorun halen.

An d'Gléckwënsch fir 2025 vum Premierminister ginn et dann och.

Ech wënschen de Leit eng gutt Gesondheet, an zu gudder Gesondheet a Freed gehéiert natierlech och dass e sech am Verkéier respektvoll behëlt. An ech wënschen eis dann alleguer, dass mir eis als Foussgänger, um Vëlo an am Auto op der Strooss gutt matenee verdroen.

Villmools Merci Här Staatsminister Luc Frieden, an da wënsche mir Iech och Bonne Route fir 2025, wou och ëmmer Är Weeër Iech féieren.

Merci gläichfalls.

Automag: Neijoerschinterview mam Staatsminister (2. Deel)