• De PLUS

    • Fuergefill
    • System fir Daach op an zouzeman
    • Präis-Leeschtung
  • De MINUS

    • Choix u Motorisatiounen

E Roadster, dee Rekorder gebrach huet an de Verkafszuelen a schonn zanter 1989 jonk an al begeeschtere kann: De Mazda MX-5.

An dësem Automag komme mer op eng Ikon ze schwätzen, en Auto, dee weltwäit seng Fans huet, an d’Verkafszuele sinn impressionant. Den Andy Brücker hat d’Geleeënheet e bësse Cabrio-Feeling mam Mazda MX-5 ze erliewen. 

Automag: Mazda MX-5

Et ass de beléiftste Roadster weltwäit. Gebaut gëtt e schonn zanter 1989 a mir si mëttlerweil an der 4. Generatioun ukomm, dat mat e sëllege Facelifts. Iwwer 1 Millioune Mazda MX-5 goufe bis elo verkaf, dat ass e Rekord, dee wuel ni méi wäert gebrach ginn, well wéi vill 2-Sëtzer Roadster kennt dir nach, déi aktuell um Maart sinn?
 
Där ginn et definitiv net vill, ma et ass net de Mangel u Konkurrenz, deen den MX-5 sou beléift mécht.

Nee, sécher net. Dacks ginn et jo sou Autoe wou ee seet, aaah deen do Modell gefält den Damme gutt... oder deen doten ass éischter ee fir d’Hären. Ma beim MX-5 ass dat anescht, deen huet queesch duerch de Gaart seng Fans an dat och vu jonk bis al. E weess mat sengem Look ze iwwerzeegen, ma och mat senge Fuereegenschaften. Dobäi kënnt nach, dass e fiabel ass a liicht ze bedéngen.

Du wars elo mam Facelift vum aktuelle Modell ënnerwee, a wéis de mer am Virgespréich sos, et waren deng éischt Meter iwwerhaapt an engem MX-5?

Richteg... ech si jo net eréischt zanter gëschter en Autosgeck, ma tatsächlech war déi Faart mam Mazda MX-5 eng Premiere fir mech, wisou ech dann och zimmlech grouss Erwaardungen hat. Ech ka villes vun deem bestätegen, wat mer sou iwwert den Auto gezielt gouf, respektiv wat ee sou héiert am allgemengen.

RTL

Et sëtzt ee sech dran an et fillt ee sech direkt wuel. Et huet een eng gutt Iwwersiicht iwwert dat Nëtzlechst an ass net iwwerfuerdert mat Dosende Knäppercher an Ecranen. E bëssen irritéiert war ech vum Schalthiewel, deen am Leerlaf nawell zimmlech vibréiert huet, hu mer awer soe gelooss, dat wier beim MX-5 normal. Wann een da bis fiert, dann ass de Schalthiewel engem säi beschte Kolleeg. D’Schaltweeër si kuerz a präzis, dat mécht richteg Loscht en Ausfluch op d’Landstroossen oder an d'Bierger ze maachen.

RTL

Et huet awer net alles dech komplett iwwerzeegt?

Do muss ech da leider de Motor uschwätzen. Zanter Enn vum leschte Joer kritt een den MX-5 bei eis nämlech just nach mam 1500er 4-Zylinder, deen 132 PS huet. Den Auto weit zwar just knapp iwwer 1 Tonn a mécht an där Kombinatioun och richteg Spaass, an awer goufen et Momenter, wou ech mer gewënscht hätt, ech hätt nach de Pleséier gehat den 2 Liter mat 184 PS ze testen. Dee gëtt an Europa net méi ugebueden, well en déi aktuell Ofgasnorm net méi packt.

RTL

Do deet et nach méi wéi wann ee matkritt, dass um Autosalon zu Tokio elo eng Sondereditioun mat 197 PS virgestallt gouf... ma déi kréie mir wéi gesot hei an Europa ni ze gesinn.

Op de gutt 500km, déi ech mam Auto gemaach hunn, koum ech op en Duerchschnëttsverbrauch vu 6,4 Liter op 100km, wat fir dee gebuedene Fuerspaass definitiv e ganz gudde Wäert ass. Zum Fuerspaass bäigedroen hunn och d'Pneuen, déi an dësem Fall aus dem Haus Yokohama kommen. Och am Reen hunn déi engem ni d'Gefill ginn, dass se iwwerfuerdert wieren.

Wat en absolutten Highlight vum Auto ass, ass de Stoffdaach. Also vill méi einfach kritt een et net gemaach, wann ee wëll Cabrio fuere vun engem Ament op deen aneren. Do kann och keen elektresche Soft- oder Hardtop mathalen. Eng Verrigelung lassmaachen, an dat ganzt no hannen zéien... fäerdeg. Eng Saach vun 3-5 Sekonnen.

RTL

Genausou wann een den Daach nees wëll zoumaachen, ebe just an déi aner Richtung. Einfach genial einfach an effikass, ouni dass et op Käschte vun ze vill Wandgeräischer oder Ondichtegkeete géif goen.

E bëssen onpraktesch war déi Plaz, wou een den Handy géif hileeën... fir déi aktuell Gréisst u Smartphones ass déi Plaz net méi grouss genuch. Zum Gléck sinn Android Auto / Apple Carplay awer wireless disponibel, deemno muss den Handy net op där Plaz leie ma kann och einfach an der Posch, der Täsch oder soss enzwousch leie bleiwen.

RTL

Wat ass da beim Facelift nach alles nei a wat muss een ausginn?

Nei sinn zum Beispill déi viischt Luuchten, déi ee jee no Ausstattung och elo als Matrix-LED kritt. Hanne gëtt et och eng nei Luuchtesignatur. Den Infotainment-System gouf op déi aktuellst Features ugepasst, et ginn eng Partie nei Faarwen, aner Felgen, en neien Track-Modus an en neit Spärdifferential. Fir d’Softtop-Versioun mat dem extrem prakteschen an einfache Stoffdaach geet et lass bei knapp ënner 31.000 Euro. Wëll een den Hardtop, sinn et gutt 2.000 Euro méi.

Wien nach eng 184-PS-Versioun fuere wëll, dee muss sech wuel oder iwwel um Occasiounsmarché ëmkucken, oder mat e bësse Chance huet nach een Händler een op Stock.

RTL