2024 war e wichtegt Joer fir Mini, schliisslech gouf dee fonkelneien 3-dieregen Hatchback lancéiert.

Nieft den normale Verbrennerversiounen gëtt et de Mini awer och nees elektresch, esouguer an zwou Ausféierungen. De Paul Origer hat d’Topversioun Cooper SE am Alldagstest.

Automag: Mini Cooper SE

Iwwer 20 Joer hält se schonn un, d’Erfollegsgeschicht vum neie Mini. Kloer, dass d’Mammenhaus BMW do ëmmer ganz zeréckhalend un nei Modeller erugeet.

Den Design
Op den éischte Bléck gouf den Design bäibehalen, déi typesch Silhouette mat der wäit vir ugesater Frontscheif, d’Kindchenschema mat de ronne Luuchten als Aen, mee awer och reduzéiert. Alles ass méi glat, déi chroméiert Kalander vir an déi opfälleg Luuchten hanne si verschwonnen, et ass alles méi minimalistesch.

RTL

Den Interieur
Hei huet dat meescht geännert. Den Tableau ass ganz niichter gehalen, just de Pizza-groussen a gestache schaarfen Display, deen nach e bëssen un den Ur-Mini erënnere soll, stécht an d’A.

RTL

Soss dominéiert e modernen Design, deen op ronn Lüftungsdüsen a klassesch Diergrëffer verzicht. Eng breet Stoff-Sträif iwwert déi ganz Breet vum Tableau fält agreabel op, lenkt awer och gekonnt vu relativ villem haarde Plastik an anere Beräicher of. Dat deet der Atmosphär awer keen Ofbroch, am Géigendeel, flott Ambiance-Beliichtunge mat Projektiounen um Tableau si vläicht Spillerei, mee awer mol eppes Neits.

RTL

Op der Strooss
Den Elektro-Undriff war beim Virgänger nach ee Relikt vum BMW i3, de Mini Nummer 4 proposéiert dogéint 2 fuschnei E-Versiounen, déi alles besser kënnen. Eisen Testauto war de Cooper SE mat 218 PS an 330 Nm. Dat kléngt moderat, mécht aus dem bal 1,7 Tonne schwéieren 3-Dierer awer eng richteg Spaassmaschinn. De renomméierte Go-Kart-Feeling ass nämlech erëm do a kritt esouguer säin eegene Fuerprogramm. Faszinant, wéi dee klengen Auto ouni spierbar Grenzen un der Strooss pecht a via Steierung a Popometer stänneg perfekte Feedback gëtt. An dat, zesumme mat der stänneg disponibeler Leeschtung, gëtt zu engem Cocktail, dee süchteg mécht.

RTL

Allerdéngs zitt de volle Leeschtungsasaz zolidd un de viischte Rieder an un der Steierung. Et geet awer och gemittlech. D’Fuergeräischer hale sech extrem zeréck, d’Fiederung ass net ze dréchen, Confort, Plaz a Sëtzpositioun si vir perfekt geroden, déi hënnescht Sëtzer éischter fir d’Jackett oder als Erweiderung vun der Mall ze gebrauchen. E grousse Sprong mécht den E-Undriff. Mat enger Moyenne vu 16 kW-Stonnen op 100 km ass de Mini méi spuersam an d’Autonomie huet zougeholl: am SE sinn et brauchbar 300 km, déi am Idealfall mat maximal 95 kW Luedleeschtung kënne séier zeréckgewonne ginn.

Am Resumé
Den neie Mini huet seng Genen net verluer, mee se esouguer verbessert. Eenzeg den Infotainment-System huet mech heiansdo zum Flippe bruecht. Dacks war e lues a bei all Faart huet ee sech als Chauffer missen umellen, fir net ëmmer alles mussen nei anzestellen. Nieft de Genen ass och de Präis bliwwen: minimum 29.600 si fälleg, eisen Testauto als SE mat John Cooper Works Package an e puer flotten Optioune war awer e Krack méi wäit, nämlech bei 50.000 Euro.

RTL