Wolfgang Bremm von Kleinsorgen - CEO vu Mercedes BeNeLux

Den Interview gouf am Juni zejoert gemaach, am Kader vun enger Pressekonferenz bei Merbag zu Hollerech. / © Rich Simon
De Wolfgang Bremm von Kleinsorgen ass zanter iwwert engem Joer den neien CEO vu Mercedes BeNeLux an huet och enk Liene mat Lëtzebuerg.
Am RTL-Exklusiv-Interview huet hien erzielt, wat hie mat Lëtzebuerg verbënnt a wéi hien den Autosmarché an den nächste Jore gesäit. De ganzen Interview gouf op Lëtzebuergesch gefouert.
Den 1. September 2023 si Dir CEO bei Mercedes, fir d‘Benelux Länner ginn. Wat fir ee Lien hu dir mat Lëtzebuerg?
Ech si selwer zu Ooche gebuer a meng Famill kënnt vun der Musel. Ech war also ni wäit fort vu Lëtzebuerg. 2013 hat ech dunn d‘Gléck, datt ech CEO vu Mercedes zu Lëtzebuerg gouf. Deemools war d‘Mercedes AG nach selwer hei zu Lëtzebuerg. Dat waren 3 Joer, déi a mengem Liewen hänke bliwwe sinn. Ech konnt net nëmmen ee gudde Business mat menger Ekipp an de Cliente maachen, mee ech hu mech och privat immens wuel gefillt. Ech hunn och haut nach ganz vill Frënn aus där Zäit. Meng Identitéit mat Lëtzebuerg ass esou staark, datt ech déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugefrot hunn. No Geschicht- a Sproochentester sinn ech elo houfreg, datt ech nieft der Däitscher och déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.
Kann een déi 3 Länner, wou Dir elo fir Mercedes responsabel sidd, Holland, Belsch a Lëtzebuerg, matenee vergläichen?
Geografesch ass et jo eng Regioun. D‘Marchéë sinn awer ganz ënnerschiddlech. Lëtzebuerg war ëmmer schonns ee ganz héich developpéierte Marché. Ech géif och mengen, datt d‘Lëtzebuerger ëmmer oppe si fir Innovatiounen. Beim elektresch gesi mir den Ament zwee Lager. Mir gesinn awer och datt ëmmer méi Leit drop sprangen an d‘Virdeeler gesinn.
Dir hutt elo selwer déi elektresch Mobilitéit ugeschwat. Ronn 23 Prozent Elektroautoe verkeeft Mercedes hei zu Lëtzebuerg u privat Clienten. Am Fleetberäich sinn et iwwer 50 Prozent. Trotzdeem di vill Leit sech schwéier mam Gedanken op Elektroautoen ze wiesselen. Firwat ass dat esou?
Der Mensch ist ein Gewohnheitstier. Am Ufank haten d‘Autoen net déi "Range" an och net de Reseau fir ze lueden, wéi een dat vu Bensinn oder Dieselautoe kennt. Et brauch bëssen Zäit bis sech dat entwéckelt. Déi allermeeschte Clienten, déi eng Kéier elektresch gefuer sinn, schätzen de Confort an d‘Rou vun engem Elektroauto.
Wat ass Iech duerch de Kapp gaangen, wou zu Bréissel decidéiert gouf, datt vun 2035 praktesch just nach dierfen Elektroautoe gebaut ginn?
Och bei Mercedes hate mir net viraus gesinn, datt d‘Changement op Elektroautoen esou séier géif goen. Ech fannen et awer gutt, datt de Clienten elo nach de Choix huet fir tëscht Elektro- a Verbrennerautoen ze entscheeden. Wann 2035 awer kennt, da si mir preparéiert.
Trotzdeem schéngt et awer, datt de Client nach net drop preparéiert ass. Wat muss nach geschéien, datt de Client méi vum Elektroauto iwwerzeegt gëtt?
Ech mengen d‘Leit gesinn wat mat eiser natureller Ëmwelt geschitt. A wann ee sech dees bis bewosst ass, da kennt och een Ëmdenken.

© Rich Simon
De Wiessel op Elektro kennt relativ séier. Huet dat Ärer Meenung no och domadder ze dinn, datt chineesesch Marken ganz rasant op den europäesche Marché kommen?
Dat muss ee kucken. Et ass fir eis all nei. Et ass awer kloer, datt d‘Chineesen nëmme voll elektresch sinn. Mir kucken an observéieren d‘Entwécklung awer. Et ass awer evident, datt mir eng aner Mark sinn. Mir gesinn eis net als direkt Konkurrenz zu deene chineesesche Marken, déi mir haut kennen.
Kenn Dir Iech virstellen, datt Mercedes eng Kéier a China produzéiert oder deels produzéiert?
Do sinn ech elo net méi bei Mercedes an der Responsabilitéit, datt ech eppes doriwwer kann a wëll soen. D‘Strategie war virun e puer Joer mäin d‘Job bei Mercedes. Elo net méi.
Wat huel Dir Iech als CEO vu Mercedes fir Benelux an den nächste Jore vir?
Mat der ganzer Ekipp hu mir wëlles ee gudden d‘Job ze maachen. Wa mir ee gudden d‘Job maachen, dann ass de Client zefridden. Engersäits mam Produit dee mir hunn, an deen ass gutt, anersäits awer och mam Service Après-Vente. Awer och mam Dealer MERBAG hei am Land. Ech wëll, datt de Client zefridden ass an datt mir als Entreprise gutt Autoen verkafen.
Villmools Merci fir d‘Gespréich.