Mazda CX-80
-
De PLUS
- Finitioun eng Klass driwwer
- Präisgestaltung
- Ergonomie
-
De MINUS
- Elektresch Autonomie vum Plug-In net zäitgeméiss
- Strafft Fuerwierk
De Mazda CX-80 setzt optesch op Understatement, huet Plaz fir 7 Persounen an ass esouguer 2 Zentimeter méi laang wéi e VW Bus.
Am Automag steet mam Mazda CX-80 en SUV mat Plaz fir déi ganz Famill am Mëttelpunkt. Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp huet sech de 7-Sëtzer fir eis am Detail ugekuckt.
Virun 2 Joer huet Mazda den CX-60 lancéiert, elo steet mam CX-80 de grousse Brudder am Showroom. Bis un d’B-Säil si béid Modeller vum Design hir identesch, just den hënneschten Deel gouf iwwerschafft. Den CX-80 ass ëm 25 Zentimeter an der Längt gewuess a mat 4,99m méi laang wéi e VW Bus (4,97m).
Den Design
Den CX-80 setzt op Understatement: gefälleg, onopgereegt an ouni Iwwerraschungen, déi engem sauer opstousse kéinten. Wann ee riicht virdru steet, kéint een CX-80 a 60 scho mol verwiesselen. Vun der Säit gëtt dann awer kloer, dass den CX-80 eng Kategorie driwwer doheem ass.

Den Interieur
Den CX-80 wëll besonnesch Familljen, déi heiansdo méi Plaz brauchen, iwwerzeegen. Dräi Sëtzreien a 7 Plaze sinn dowéinst ëmmer u Bord. Op Wonsch sinn an der zweeter Rei zwee „Captain Chairs“, also Eenzelsëtzer verbaut. Méi Luxus geet net.

D’Ergonomie
Et mierkt een, dass sech d’Ingenieuren Gedanke gemaach hunn. D’Sëtzpositioun ass optimal, all Knäppercher sinn do, wou ee se sicht, an den Infotainment gëtt net iwwert en Touchscreen, mee iwwert en Dréi-Dréckschalter gesteiert, wéi en an der Zäit och bei BMW ze fanne war. Einfach an effikass.


D’Finitioun
Premium, alles anescht wier ënnerdriwwen.Stoff, Holz, Chrom: de Choix u Material, d‘Veraarbechtung an den éischten Androck beim eraklammen iwwerzeegen. Näischt peekt sech bëlleg oder wéi eng Spuermoossnam un. Do kéint deen een oder anere Premium-Hiersteller sech e Beispill huelen.
Den Undriff
Zwee Motoren huet Mazda am Programm. Zum engen e Plug-In Hybrid, dee sech aus engem 2,5 Liter Véierzylinder Bensinner mat 192 PS (141 kW) an engem Elektromotor mat 175 PS (129 kW) zesummesetzt. D’Systemleeschtung läit bei 327 PS (241 kW), déi reng elektresch Reechwäit am Optimalfall bei 60 km – dat ass ok, awer net iwwerwältegend. Zudeem muss de Bensinner héich dréien, fir seng Leeschtung ofzeruffen a wierkt schwaach, wann d’Batterie bis eidel gesuckelt ass.
D’Alternativ – a mäi Favorit – ass den 3,3 Liter Reie-Sechszylinder Diesel, deen als Mildhybrid dohier kënnt. D’Leeschtung läit zwar „nëmme“ bei 254 Päerd (187 kW), mee de Verbrauch vu 5,7 Liter um Pabeier ass och an der Praxis ze packen.

Dat nervt
Béid Varianten deele sech den Allradundriff, d‘8-Gang-Automatik an d’Erlabnis, fir Unhänger mat engem Gewiicht vu bis zu 2,5 Tonnen ze zéien. Allerdéngs och dat iwwerschafften, awer ëmmer nach sportlech-straff ofgestëmmte Fuerwierk, wat net richteg an d’Gesamtkonzept passt. Mee dat ass Gemeckers op héijem Niveau. Zum Schluss nach e Bléck an d’Präislëscht: egal ob Diesel oder Plug-In Hybrid: béid Motorisatioune kaschten d’selwecht vill a starte bei 57.300 Euro.
