VW Golf GTI (Facelift)
Fir de 50. Gebuertsdag vum VW Golf gëtt et zwar keen neie Modell, dofir awer e Facelift.
An dësem Automag gëtt et sportlech: den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp war fir eis mam Golf 8 GTI ënnerwee. Top oder Flop? Mir ginn et elo gewuer.
1974 koum den éischte VW Golf op de Maart, 2024 feiert de kompakte Modell aus Wolfsburg deemno säi ronne Gebuertsdag. Zwar gëtt et als Kaddo keng nei Generatioun, awer dofir e Facelift, deen déi eng oder aner Kannerkrankheet vum Golf 8 aus der Welt schafe soll.

Missioun
Mam GTI steet ee vun den emotionaalste Golf-Modeller virun eis. Déi dräi Buschtawen hu Generatioune vu jonken Automobilisten dreeme gedoen. Ma och e Golf 8 GTI riicht sech un eng Clientèle, déi mat zwee Been am Liewe steet an op den Allrad vun engem Golf R oder déi zousätzlech Leeschtung vun engem GTI Clubsport (300 PS) verzichte kann.
Design
Facelift oblige huet VW den Design iwwerschafft an dovu profitéiert, fir nei Optiounen anzeféieren. Wie wëll, kritt säin Daach schwaarz lackéierten oder de VW-Embleem beliicht. D‘Matrix-LED Luuchte si Serie a méi schmuel geschnidden. Dobäi kommen nei Felgen, nei Réckluuchten an 3D-Optik an eng duebel Ofgasanlag.

Banneraum
Wat direkt an d’Ae spréngt, ass de fräistoenden Infotainment-Bildschirm. Dat wierkt méi modern, genee esou wéi d’Software, déi méi flësseg leeft a sech mat Shortcuts un déi individuell Virléiften upasse léisst. Highlight si fir mech awer déi klassesch Knäppercher um Steierrad, déi zeréck sinn. Rout Akzenter, GTI-Logoen an d’Sëtzer mam Karomuster sinn natierlech weiderhin u Bord an deiten drop hin, wat ënnert dem Capot stécht.

Undriff
Häerzstéck ass en 2-Liter Véierzylinder Bensinner mat 265 Päerd, dat sinn der 20 méi wéi bis elo. 370 Nm Dréimoment ginn op déi viischt Rieder lass gelooss, de Sprint op Tempo 100 dauert knackeg 5,9 Sekonnen. Méi Leeschtung an engem Verbrenner-Golf gëtt et nëmmen am Clubsport (300 PS) oder R (333 PS). Geschalt gëtt just nach automatesch, fir manuell Agrëff gëtt et Schaltwippen. Als Verbrauch gëtt VW 7,3 Liter op 100 Kilometer un, wien de GTI awer erliewe wëll, verbrennt méi. Mäi Verbrauch louch tëscht 8,5 an 9 Liter op 100 Kilometer.

Op der Strooss
Am Alldag huet mech de GTI mat sengem Confort iwwerrascht, et sief, et wiesselt een an de Sportmodus. Net just dass de Sound da méi present ass, nee, och d’Fuerwierk gëtt an d’Lenkung gi méi straff. Eenzeg d’Bremse kéinten a sportleche Momenter méi Bëss hunn, am Alldag si se awer genee richteg a gutt ze doséieren.

Fazit & Präis
VW huet beim Facelift vum Golf 8 GTI un de richtege Schrauwe gedréit. Leider awer och un der Präisschrauf: lass geet et bei 43.300 Euro, domat dierft och de Golf 8 GTI fir vill Jonker a jonk Bliwwener en Dram bleiwen.
