Opel Grandland
De Grandland ass elo bei Opel den Topmodell an der Gamme an et kritt een en als Hybrid, grad ewéi als Elektroversioun.
Opel hat op eng Presentatioun invitéiert fir hiren Topmodell Grandland ze fueren. Dat als rengen Elektro Auto, awer och an der Hybrid-Versioun. De Christian Schmit war an Däitschland mat dobäi, an ass di zwee do gefuer.
Eriwwer di Zäite wou et nach bei Opel grouss Limousinnen, Kombi a Cabrio goufen. Insignia a Cascada si passé. Ënnert dem Grupp Stellantis senge Fittichen ass et de Grandland, deen als Topmodell an der Gamme steet. Deen ass vis à vis vum Virgänger dach ëm 17cm gewuess. E steet op der STLA Medium Plattform, wat dann effektiv elo Hybrid, Plug-In Hybrid an E-Power zouléisst. An do passt dann och déi Batterie mat bal 100kw/h dran, fir esou deemnächst un der 700km Autonomie ze krazen.

Den Opel Grandland elo an der typescher Opel DNA?
Seng Design-Linn wierkt ganz sober an aerodynamesch. Op all Chrom Elementer gëtt konsequent verzicht. Och den Interieur gëtt sech ganz an der Opel Linn. Detox pur, awer e puer wichteg Knäppercher dierfe bleiwen. Nohaltegkeet gëtt och grouss geschriwwen. Ganz opfälleg a net ze iwwersinn, den Opel Logo fir an hannen ass elo beliicht.

Wéi eng Moteure komme da nach a Fro?
Jo am Stellantis Grupp huet e jo de Choix, tëscht Hybrid an Elektro. Den Electric Grandland leescht 213 PS, a pakt 170 km/h. Mat deem ware mir och fir d'éischt ënnerwee. 73 kw/h oder 82 sinn am Moment méiglech. 564km Autonomie ginn affichéiert. Bon esouwäit war eis Test Distanz net. Mee d'Road Book war ganz ofwiesslungsräich ronderëm Frankfurt an den Taunus bis erop op 900m.

Ganz agreabel empfënnt e Lenkung, Chassis a Fuerverhalen. Och mat de Fuerleeschtungen kann e sécherlech liewen. Typesch E-Auto di gläichméisseg Kraft Entfalung beim Acceleréieren.
De Stroum Verbrauch mat ëm di 16 kw/h ginn an d'Rei. Beim Luede ginn et keng esou gutt Bonne Noten. Mat 160 kw ka maximal geluede ginn. Fir vun 20 op 80 % vergeet bal eng hallef Stonn.
De Grandland ass iwwersiichtlech, gutt verschafft mat clevere Léisungen fir den Alldag, awer mir ze vill gro op Sëtzer an tableau de bord. Bei Navi, Info- an Entertainment-Gadgeten dierf sech am Grupp-Stellantis-Regal zerwéiert ginn.

Eriwwer an den Hybrid mat 48 Volt Bordnetz. Et ass de bekannten 1200er Moteur mat 136 PS. Den 3-Zylinder ass akustesch natierlech méi present, mee fir am Alldag geet en duer. Et ass e jo net permanent zu 4 a mat Gepäck ënnerwee. An da léisst e sech mat 5,5 Liter beweegen, a bis zu 50% och elektresch.
D'Plug-In Versioun gëtt nogereecht. Déi proposéiert 195 Päerd an eng Allrad Traktioun.
Wéi positionnéiert e sech da präislech?
Jo do gesäit et gutt aus fir de groussen Opel Grandland. 32.000 Euro fir den Hybrid, 10.000 Euro méi fir den Electric Grandland.
De polyvalenten Opel Grandland an der zweeter Generatioun krut en etlech Talenter mat op de Wee. Mee ob et duergeet, fir en Topmodell vun der Gamme? D'Verkafszuele wäerten et dann ausweisen. Disponibel ass e gläich an ausgezeechent gouf den Opel Grandland och scho bei eisen däitsche Noperen mam "Goldenen Lenkrad 2024".
