Cupra Tavascan VZ
Wann een op ausdrocksstaark Autoe steet, fillt ee sech bei Cupra sécherlech wuel. Wéi den Tavascan sech am Alldag schléit, huet de Rich Simon erausfonnt.
An eisem Automag vun haut, stelle mir iech de Cupra Tavascan VZ vir. Dat ass een SUV vun der nach relativ jonker Mark. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun ass den Tavascan gefuer.
Et huet e bësse gedauert, bis du den Auto ënnert d'Rieder krus.
2019 gouf den Cupra Tavascan eng éischte Kéier, op der IAA zu Frankfurt presentéiert. 2022 hunn ech e perséinlech eng éischte Kéier gesinn. Ee Joer drop krut ech den Auto eng zweete Kéier gewisen. An elo, endlech kann ee soen, hat ech den Tavascan ënnert de Rieder. 5 Joer ass eng laang Zäit. Do kann ee vill un engem Auto veränneren. De Concept Car, dee viru 5 Joer presentéiert gouf, war duerchaus futuristesch. Wéi esou dacks konnt een och hei fäerten, datt den zukünftegen Auto, deen de Client ugebuede géif kréien, net vill mam Concept Car ze dinn hätt. Datt ass awer, beim Tavascan net de Fall. Cupra ass bekannt fir ee gewoten, speziell a villäicht och e bëssen aggressiven Design. An dofir ass den definitive Modell, och no um Concept Car drun. An dat ass och gutt esou!

Wann een d'Fotoe vum Auto kuckt, da gesäit een, datt et ee relativ futuristeschen SUV ass...
Do läis du komplett richteg. D'Cupra-Autoe liewen ënnert anerem vum Design. An dat ass beim Tavascan net anescht. Wou aner Marken ee Réckzéier maachen, leet Cupra nach eng Schëpp drop. A bis elo geet d'Rechnung op. Et schéngt, datt de potenzielle Client, sech net dru stéiert, datt zum Beispill de Cupra Logo liicht iwwerrepresentéiert ass.
Wat d'Veraarbechtung ugeet, do ass guer näischt dogéint ze soen. Richteg flott ass d'Mëttelkonsol déi an enger Carbonoptik gehalen ass. Duerch déi Mëttelkonsol, ass de Chauffeur vum Bäifuerer praktesch getrennt. All Säit huet sou säin eegene Cockpit. Bei ville Marken muss leider alles iwwer den Touchscreen bedéngt ginn. Beim Tavascan, kann een awer nach d'Heizung iwwer Knäppercher reegelen. Dat ass sécherlech keen Nodeel.

Et ass, an dat mengen ech elo net negativ, eng Familljekutsch. Huet een dann och genuch Plaz?
Där huet een definitiv genuch. Bei engem Auto vu ronn 4 Meter 70 Längt an enger Breet vu bal 2 Meter, muss een dat och kënnen erwaarden. Och d'Mall ka mat 540 Liter, mat der Konkurrenz gutt mathalen. Zum Verglach: Beim Porsche Macan sinn et 488 Liter.

Als Familjekutsch brauchs de awer och op de Sëtzer gutt Plaz, an dat ass och beim Tavascan de Fall. Maxi-Cosi, plus zwee méi grouss Kanner op der hënneschter Bänk, si kee Problem.
Wéi gesäit et mam Auto op der Strooss aus?
Den Tavascan, ass ee sportlechen SUV. 340 Päerd entwéckelt déi 77 kWh Batterie. Domadder ass een a 5,5 Sekonne vum Stand aus op 100. Dat bei engem Gewiicht vu bal 2,3 Tonnen. Apropos Gewiicht... Verlagerung ass immens gutt, esou datt sech de 4-Rad-ugedriwwenen Auto op der Strooss fiert, wéi op CFL Schinnen. D'Sportlechkeet geet awer bëssen op Käschte vum Confort. D'Fiederung ass fir mech liicht ze straff.

Ass de Verbrauch dann och straff?
Soe mir emol esou; Et ass ee gudde Mëttelwäert. De kombinéierte Verbrauch gëtt Cupra mat 16,5 kWH/100km un an eng Autonomie vu 521 Kilometer. Un déi sinn ech net dru komm. Mäi Verbrauch louch bei 19,9 kWh/100km. Do ginn et Konkurrenzmodeller déi besser sinn, anerer schneide méi schlecht of.
Mat Gläichstroum ka mat bis zu 135 kW geluede ginn. An 28 Minutten ass d'Batterie dann op 80 Prozent. Un der Wallbox, mat 11kW Wiesselstroum, dauert et awer ronn 8 Stonnen, bis den Akku nees voll ass.
De Präis interesséiert natierlech och. De Cupra Tavascan VZ kritt ee vun 62.185 Euro un. Dat ass sécherlech net geschenkt. Et kritt een awer dofir ee ganz gudden Auto, deen d'Blécker op sech zitt. Et gëtt awer och schonns eng méi bëlleg Versioun. Nämlech den Tavascan Endurance. Deen huet manner Päerd an ass just 2-Rad-gedriwwen. Dofir huet een awer méi Autonomie an de Präis fänkt schonns, bei 57.535 Euro un.
