• De PLUS

    • Motor a Fuerleeschtungen
    • Allrounder-Fäegkeeten
    • Muskuléisen Optrëtt
  • De MINUS

    • Autonomie
    • Net grad gënschteg

Wann een e sportleche Kombi wëll, deen net fäert och optesch a soundtechnesch op sech opmierksam ze maachen, da kënnt ee kaum laanscht en M3 Touring.

Automag: BMW M3 Touring

Obwuel en eigentlech nach guer net sou laang um Marché ass, gëtt et elo en éischte Facelift... jo ech war och verwonnert. De BMW M3 Touring ass Enn 2022 op de Marché komm an huet d’Häerzer vu ville Leit am Stuerm eruewert. Endlech en M3 als Kombi!

Et gëtt also elo e Facelift, wat huet da geännert?

Also do muss ee scho ganz genee kucken, fir den «ale» Modell an den neien z’ënnerscheeden. Bausse sinn et am Fong just d’Luuchten, déi nach emol iwwerschafft goufen, an déi een och als Matrix-LED kritt.

RTL

© Andy Brücker

Am Interieur gëtt et en neit Steierrad an och bei der Ambientebeleuchtung ginn et nei Elementer.

Wat awer wuel déi meescht Enthusiasten dierft interesséieren, dat sinn déi 20 PS méi, déi een elo ënnert der Hauf huet. Vun 510 PS geet et elo erop op 530 PS. Dee Plus u Power gëtt duerch eng méi fein Konfiguratioun vum Motorsteiergerät generéiert. Ob een awer elo wierklech méi Leeschtung gebraucht hätt, dorunner zweiwelen ech elo mol einfach. Ma besser hunn an net brauchen, wéi brauchen an net hunn.

RTL

© Andy Brücker

D’Dréimoment vum 3 Liter Reiesechszylinder läit bei 650 Newtonmeter an de Sprint vun 0 op 100 geschitt a just 3,6 Sekonnen... an dat bei engem Auto, deen eidel un der 2 Tonne Grenz kraazt. Dat ass schonn impressionant.

Wa mer scho bei Fuerleeschtunge sinn, wéi waren do deng Andréck?

Éier mer bei d’Fuere kommen, wollt ech BMW nach merci soen, fir d’Konfiguratioun, déi se dem Presseauto ginn hunn. E wonnerschéint däischterblot Baussekleed (Tansanitblau II) a bannen eng Kombi aus enger Zort Cognac-faarwegem Lieder (Tartufo) mat enger ganzer Partie Carbon. Dat hätt ech esou ni am Konfigurator zesummegestallt, ma et huet richteg eedel ausgesinn.

RTL

© Andy Brücker

Frou war ech dann och iwwert d’Sëtzer... et waren net déi Schuelesëtzer, vun deene sou vill Leit schwäermen, ma «normal» Sportsëtzer. Déi sinn a mengen Aen vill méi bequeem, virun allem beim eran an erausklammen... dann huet een net deen Höcker tëscht de Been a rutscht och net ëmmer iwwer déi dach héich säitlech Bake vum Schuelesëtz, déi dann no kuerzer Zäit sécherlech zimmlech matgeholl ausgesi wäerten.

Wéi et sech bei engem M-Modell gehéiert, si mer fuerwierkstechnesch op der méi strammer Säit ënnerwee, allerdéngs ouni onbequeem oder holpereg ze wierken. Et huet een dann och en immens gutt Fuergefill. De Setup ass net ze spatz gewielt, wat ech spéitstens hunn dierfe feststellen, wéi bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt den Auto an enger Lénkskéier wéi an Zäitlupp iwwert alle 4 Rieder gerutscht ass an een dëse mat roueger Hand an ouni Hektik nees an d’Spuer brénge konnt. Do hätt ech mer gewënscht kënne mam Auto bis op eng Rennstreck ze fueren, fir dat nach weider austesten ze kënnen, ma dozou ass et zäitlech leider net komm.
Zum gudde Fuergefill dréit och d’Steierrad bäi, dat zimmlech déck ass, an ënnen ofgeflaacht. Deenen enge gefält dat, deenen aneren net... wéi bei sou ville Saachen am Liewen.

RTL

© Andy Brücker

Den M3 Touring ass jo e Kombi, deemno sollt et wuel e perfekt Gefier sinn, och fir méi laang Reesen?
Vun der Plaz hier géif ech do lo mol spotan jo soen. D’Mall faasst ronn 500 Liter, a wann een d’Sëtzer emlëet, kann dee Volume op ronn 1.500 Liter erweider ginn.

RTL

© Andy Brücker

De Motor ass e Gedicht, den Infotainement léisst sech fléissend bedéngen an dat nervegt Gepiips vum Tempo-Warner kann een easy iwwert de Set-Knäppchen um Steierrad ausschalten.

RTL

© Andy Brücker

Wat mech awer e bëssen enttäuscht huet, dat ass den Tank. Jo.. et gi wuel 59 Liter Sprit dran, ma et muss ee sech schonn ellen zesummerappen, fir 500km wäit mat engem vollen Tank ze kommen. Do hätt ech mer gewënscht, dass een als Optioun och méi e groussen Tank uerdere kann... ma dat ass net de Fall. No Récksprooch mat BMW sinn ech dann och gewuer ginn, dass ech net den eenzege sinn, deen déi Remark gemaach huet.

Wat muss een dann am Spuerschwäin hunn, wann ee sech fir en M3 Touring decidéiert? 

Fir en neie geet et bei ronn 106.000 Euro lass, dat fir den M3 Competition xDrive Touring. Eise Modell loung mat sengen Optioune bei ronn 114.000 Euro Well ee méi Exklusivitéit an dofir de fuschneien M3 Clubsport Touring mat 551 PS, da sinn op d’mannst 155.000 Euro fälleg.

An der Occasioun sinn awer elo och scho Vir-Faceliftmodeller mat net all ze vill Kilometer vun ëm déi 80.000 Euro un ze kréien. Avis aux amateurs.

RTL

© Andy Brücker