Den neien Opel Frontera gëtt et elo souwuel als Hybrid, wéi och als Elektro.

Den Opel Frontera gouf am Dezember op enger Plaz presentéiert wou vill Lëtzebuerger ganz gäre Vakanz maachen. Palma de Mallorca war ausgewielt ginn, an de Christian Schmit huet dierfe mat dohinner, an ass déi zwee Modeller gefuer.

Automag: Opel Frontera

Jo well genee wéi beim grousse Brudder Grandland, kënnt och de Frontera an zwou Versiounen, Hybrid an Elektro. An dat mat Palma kënnt emol guer net vun ongeféier sinn. Hei kéint den Opel Frontera mat sengem Raumkonzept duerchaus Karriär maachen als Locatiounsauto.

Wat ass de Frontera da fir en Typ?

E polyvalenten SUV, deen op 4m38 wierklech vill Plaz bitt. Esouguer eng drëtt Sëtzrei ka bestallt ginn. An dann ass et dee kompaktste 7-Sëtzer um Marché. An d'Mall passen tëscht 460 bis 1600 Liter. Eng robust Optik, kombinéiert mat der neier Vizor Designlinn. Wäiss stole Felge suerge fir Offroad-Look, mee 4X4 Traktioun ass tabu. E steet op der Stellantis Smart-Car-Plattform an déi erlaabt eben och dee Frontera Electric.

RTL

© Christian Schmit

Majo da verrot eis emol wéi vill Power dann dran ass?

Mir konnten déi zwee op engem ganz ofwiesslungsräiche Parcours am Weste vu Mallorca testen. Fänke mir emol mam E-Motor un. Dee leescht 113 PS an affichéiert mat senger 44kw/h eng 300km Autonomie. 12 Sekonnen op 100, 140 km/h an der Stonn ginn an d'Rei, mee déi 18 kW Verbrauch sinn net dichteg. Obschonn de Frontera E just 1500kg op d'Wo bréngt. Dat geet fir op der Insel sécher duer, mee bei eis? Zemools de Stroum och mat maximum 100kw ka geluede ginn.

Eriwwer bei den 1200er 3-Zylinder Hybrid. De bekannten 136 PS staarke Motor kritt zousätzlech 28 PS Hybrid Power. Do sinn 190 à l/heure dran, an 9 Sekonnen op 100, awer ënner 6 Liter war en ënnert de Palmen och net ze beweegen.

RTL

Wéi presentéiert sech de Frontera da bannenan a wéi fiert e sech?

Jo do ass et e veganen Interieur mat vill recycléiertem Material. Zwee 10 Zoll "Puer Panel Screen" vrum Chauffer, an net muss net alles gescrollt ginn. Och Knäppercher bleiwen u Bord. Ee stécht do besonnesch ervir. Mat deem kënne nämlech di lästeg Warn-Piipserten ausgeschalt ginn. Bequeem Sëtzer a Plaz genuch vir an hannen, a bei der Connectivitéit a Fuerassistenz Systemer kann een och mathalen.

RTL

© Christian Schmit

De Chassis ass confortabel ofgestëmmt, och Fiederung a Lenkung passen zu där dote Kategorie Auto. E Familljenauto wëll de Frontera jo sinn.

RTL

© Christian Schmit

Komme mir zum Kapitel Präis?

Also et mierkt e schonn, dass d'Opelaner de Frontera schaarf kalkuléiert hunn, mee d'Rechnung kéint opgoen. Zwou Versioune ginn et. Edition, do ass alles dra wat e brauch, an GS, do gëtt et da méi Luxus.
D'Präisskala beweegt sech tëscht 21.690 Euro fir di einfachst Hybrid Versioun, a nobäi 30.000 Euro fir de Frontera Elektro an der GS-Versioun.

Mam Virgänger Frontera huet di aktuell Versioun just nach den Numm "en commun".

RTL

© Christian Schmit