Audi Q6 e-tron
Am Juni zejoert gouf de Q6 e-tron international presentéiert, elo steet en am Showroom a mir hunn dierfen e puer Deeg mat him fueren.
De Christian Schmit war am groussen SUV vun der Mark mat de véier Réng ënnerwee.
PPE, steet fir Premium Platform Electric, an op därer ass e mam Audi Q6 e-tron ënnerwee. Do mierkt e schonn, hei si mir am Luxussegment, well e Porsche Macan steet op där selwechter. Audi wëll jo an all Segment thermesch wéi elektresch eppes an der Gamme hunn, an och definitiv nees vir bäi sinn am Premiumsegment. Och a grad bei der E-Mobilitéit. Am Juni gouf de Q6 e-tron international presentéiert, elo steet en am Showroom a mir hunn dierfen e puer Deeg mat him fueren.

© Christian Schmit
Wéi wäit komme mir da mam Q6 e-tron?
Bon, d'Baussentemperatur louch just iwwer 0 Grad, wou mir vum Haff fueren. An dat ass definitiv net de beschte Wierkungsgrad fir d'Batterie. An esou stinn och just 469 Kilometer Autonomie um Tableau de bord. Eigentlech soll e jo op d'mannst 550 domat kommen.
Mir fueren déi Versioun mat 306 PS an traction arrière! D'Lithium-Ione Batterie huet nobäi 95 kw/h Leeschtung. Et ginn och nach aner méi staark Versiounen, gekoppelt mat der Quattro Traktioun. Schonn op den éischte Kilometer mierkt ee wéi agreabel sech den dach 2,3 Tonnen Audi nach beweege léisst.

© Christian Schmit
D'Lenkung, déi par Rapport zum groussen Q8 iwwerschafft gouf, Fuerverhalen a Fuerdynamik sollten eis di puer Deeg wou mir en dierfte fueren, ganz gutt gefalen.
Jo tatsächlech gëtt net ze déck opgedroen, wann am Pressetext vun enger "symbiose entre dynamique de conduite, design progressif et technologies innovantes" rieds geet.
Audi ass jo bekannt fir e ganz héichwäertegen Interieur, gëllt da bestëmmt och fir de Q6?
Bausse wéi bannen an der typescher Audi-DNA. Alles fillt sech agreabel un. Mat der OLED Liicht-Signature vir an hanne mécht de Q6 e-tron op sech opmierksam. Am Interieur ass e beschtens opgehuewen, dat an de bequeeme Sëtzer wéi och mat all deem Info- an Entertainment, deen op Wonsch gebuede gëtt. Fir dass et keng Diskussiounen op laange Strécke ginn, mat separatem Ënnerhalungsprogramm fir deen nieft dem Chauffer.
Hannendra sinn dräi Passagéier och gutt opgehuewen. E Bléck an d'Mall, do passen iwwer 525 Liter + an de Frunk vir der och nach eng Kéier 64.

© Christian Schmit
Verbrauch a Präislëscht
Dat mat de versprachene 17 kW/h Verbrauch klappt trotz Top Aerodynamik an engem Testparcours mat wéineg Autobunn Passagen net. Ënner 20 där kW Jus ass net vill ze radetten. Mat der 800 Volt Technik léisst sech dat mam Lueden, wa gewënscht, awer relativ séier absolvéieren.
A punkto Präis sinn et 66.000 Euro au Depart. Wien deen een oder aneren zousätzleche Package uklickt, aner Felgen oder Metallic Faarf wëll, dee sollt dach schonn 80 Dausender aplangen. Mee als Géigewäert kritt een e grousse confortabelen an dynameschen SUV a seng Garage.

© Christian Schmit