Wat huet sech zanter dem éischten Test am Fréijoer 2024 geännert beim G6? De Rich Simon huet et erausfonnt.

XPENG ass eng vun deene chineesesche Marken, déi bei eis am Land relativ nei um Marché sinn. Den Ament sti just 3 Modeller zu Verfügung. 2 SUVen an 1 Limousine. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun, huet ee vun den 2 SUVen getest.

Automag: XPENG G6

Beim Test am Fréijoer zejoert gouf et net vill Kritik um Auto. Huet dat sech elo geännert?

Nee dat huet sech net geännert. Ech hat beim éischten Test eng gréisser Kritik, dat waren d'Assistenzsystemer. Déi hunn dach zimmlech genervt. Do huet XPENG elo nogebessert, esou datt d'Nerven net méi strapazéiert ginn.

Eng weider Kritik déi ech hat war déi, datt et guer keng Knäppercher méi ginn. Dat ass och elo nach esou an ech fannen dat weider hin net gutt. Du muss zum Beispill iwwer den Touchscreen fueren, fir d'Spigelen ze verstellen. Dat ass dees Gudden dach e bëssen ze vill.

RTL

© Rich Simon

Et gëtt och keng klassesch Klensch méi, fir Dir opzemaachen. Hei dréckt een op de Knäppchen. Esou laang de Knäppche funktionéiert, ass dat kee Problem. Ech mengen awer, datt eng normal Klensch, dee méi séchere Wee ass.

Op der Strooss

De G6 deen ech hat, war de Long Range. Dat ass a sech d'gëlle Mëtt, vun deenen 3 Modeller déi et ginn. Mir schwätze vun 286 Päerd. Mat deenen ass een a 6,2 Sekonne vun 0 op 100. Mam Performance-Modell, brauch ee just 4 Sekonnen a mat deem méi klengen Akku, 6,6 Sekonnen. Am Géigesaz zum Performance Modell, dee 4-Rad-gedriwwen ass, ass ee mam Longe Range, mat 2-Rad-Undriff ënnerwee an dat op der hënneschter Achs. Heiansdo ass mir d'Fiederung e bëssen ze sec virkomm. Am Groussen a Ganzen ass de G6 awer immens einfach duerch d'Kéieren ze manövréieren. Do ass kee grousst Iwwer- respektiv Ënnersteieren. Wandgeräicher hues de praktesch keng. Dat heescht, d'Aerodynamik-Ingenieuren hunn hir Hausaufgabe gemaach. Dat maachen iwwregens och d'Bremsen.

RTL

© Rich Simon

Den Interieur

Do ass net vill, bis guer näischt Negatives ze soen. Gutt Materialien, anstänneg verschafft, vill Platz hannen a vir am Auto an och d'Mall mat 571 Liter, ka mat der Konkurrenz mathalen. Duerch d'Kopfstützen op der hënneschter Bänk, gesäit een allerdéngs praktesch näischt hannen eraus. Dorunner muss ee sech gewinnen.

RTL

© Rich Simon

Wat kanns du eis iwwer de Verbrauch erzielen?

Ech hat den Auto an där Woch, wou et kal dobausse war. Mat Temperaturen Nuets, ëm déi minus 10 Grad an am Dag, ëm de Gefréierpunkt. Un déi 17,5 kWh déi XPENG versprécht, sinn ech net eru komm. Mat 19,1 kWh war de Verbrauch awer ganz gutt. Reell wier ech mat enger Akkuluedung eng 420 Kilometer komm. Wéi gesot bei kalen Temperaturen. Laut WLTP soll ee 570 Kilometer kënne fueren. Ech denken, datt ee bei optimalen, Elektroauto-Konditiounen, och un dee Wäert erukënnt. XPENG ass a Saache Batterie, sécher ee vun de Leaderen. De 87,5 kWh Akku, ka mat bis zu 28kW Gläichstroum geluede ginn. Deen Ament ass d'Batterie a 15 Minutten, vun 20 op 80 Prozent, nees gelueden. Wat Schued ass, ass datt et den Ament nach keen normale Kabel vun Xpeng gëtt, mat deem een doheem un der 220 Volt Steckdous ka lueden. Dee soll awer nach kommen. Wann ee sech elo esou ee Kabel, vun enger anerer Mark zouleet, da bleift d'Garantie allerdéngs vun XPENG och bestoen.

Wéi gesäit et mat de Präisser aus?

41.900 fir de Standard Range. De Long Range, deen ech am Test hat, kritt ee fir 46.990 Euro an de Performance, dee Moment huet een och 4-Rad-Undriff, kascht 50.990 Euro. Wann s de mech elo frees, wéi et mat den Optiounen ausgesäit, da muss ech dech enttäuschen. Et ass net derwäert fir driwwer ze schwätzen. De G6 kritt ee mat allem wat ee brauch, an och villäicht net, an Optioune si kee Thema beim chineesesche Konstrukteur.

RTL

© Rich Simon