Den 13. Mäerz war déi offiziell Presentatioun zu Roum, ma den RTL-Automag konnt schonn am Februar en éischte Bléck op den neien CLA geheien.

Mercedes ännert seng Strategie: Vum Auto fir bal jiddereen zum Luxusobjet. Dat wat de Mercedes-Chef Ola Källenius 2022 ugekënnegt hat, trëtt elo a Kraaft.

Automag: Mercedes-Benz CLA

A- a B-Klass sinn dout, d’Entrée an d’Mercedes-Welt mécht deen neien CLA. Den 13. Mäerz ass déi offiziell Virstellung zu Roum. De Paul Origer war awer schonn am Februar op der Avant-Première zu Sindelfingen an huet eis seng Andréck matbruecht.

RTL

© Mercedes-Benz

Den neien CLA ass aus ville Grënn ee vun de wichtegste Modeller fir Mercedes!

De kompakte Coupé mat 4 Diere start op enger komplett neier Plattform, déi spéider fir 3 weider Modell-Varianten an den Asaz kënnt. Deemno versicht Mercedes mam CLA nach emol seng Clientèle fir d’Elektromobilitéit ze begeeschteren – eng Aktioun déi mat EQS a Co jo nach net esou gelonge war.

Potential fir zu engem Erfolleg ze ginn?

Beim Design huet Mercedes sech druginn. Deen éischte lancéierte Modell ass nees ee 4-dierege Coupé, elegant a sportlech a mat deenen typesche Mercedes-Attributer üppeg ausstafféiert. An d’A stécht direkt dee breeden, optionale Stäregrill, dee mat 142 individuellen LEDs beliicht gëtt. Iwwerhaapt spillt d’Luuchtentechnik eng grouss Roll beim neien CLA, sief et den ugedeite Logo an de Multibeam LED-Pharen oder déi prägnant Luuchtesignatur hannen.

RTL

© Mercedes-Benz

Dann ass den CLA nawell gutt an all Richtunge gewuess: 61 mm méi Radstand an e Plus vun 29 mm an der Héicht heescht méi Been- a Kappfräiheet. Dat ass awer net deen eenzege Grond, déi grouss Batterie am Buedem brauch Plaz a léisst och dowéinst d’Karosserie un Héicht gewannen. Den Design kritt déi méi üppeg Moossen awer méi oder manner cachéiert a soll wéi beim Virgänger besonnesch sportlech bleiwen. 

RTL

© Mercedes-Benz

Eng weider Première fanne mer ënnert dem Capot. No 90 Joer – deemools war et de Mercedes-Benz 130 Baurei W 23 - gëtt et nees e Mercedes mat engem “Frunk”, enger viischter Mall. Beim CLA passen do 101 Liter eran, genuch fir ee Kabinnentrolley oder einfach nëmmen d’Luedkabelen. 

RTL

© Mercedes-Benz

De Bannendesign gouf bewosst simpel gehalen an op dat Weesentlecht reduzéiert, fräi nom Stil vun engem Zen Garden an inspiréiert um Bauhaus-Stil. Dofir fënnt een haaptsächlech Glas, Metall a Lieder. Dominéiert gëtt de schnouerriichten Tableau de Bord deemno vun zwee oder, mam MBUX Superscreen, dräi digitale Schiermer.

RTL

© Mercedes-Benz

Bei enger éischter Sëtzprouf zu Sindelfingen fält awer op; typesch CLA sinn déi nach ëmmer relativ enk Plazverhältnisser, déi dem Design geschellt sinn. Eng Verbesserung bréngt awer deen an alle Versioune serieméissege Panoramadaach, deen no uewen e puer Zentimeter méi Loft bréngt. Wa richteg vill Plaz gebraucht gëtt, sti souwisou nach weider Modeller an der Pipeline. Belount gëtt ee beim CLA esou oder esou mat flotten neie Matièren, Fuerfkombinatiounen an Designléisungen.

D’Form bleift jo dann relativ no um Virgänger – dofir eng Revolutioun bei der Technik?

Bei der BEV-Versioun versprécht Mercedes effektiv a punkto Batterietechnik ee Meilesteen. De reng elektreschen CLA soll mat deels wäit ënner 15 kW-Stonne Verbrauch immens spuersam sinn a knapp 800 km Autonomie matbréngen. Méiglech mécht dat d’800-Volt-Technik, déi vun der Etüd Vision EQXX iwwerholl gouf. Séiert Oplueden ass natierlech och een Thema, bis zu 320 kW soll den CLA kënnen zéien. Domat wieren an 10 Minutten 300 km nogelueden. Ob d’Technik dat och aushält, dat huet Mercedes wärend engem 24 Stonnen an 3717 km laange High-Speed Marathon op der Teststreck zu Nardo getest. Hei gouf genee 40 mol stall gehalen fir 10 Minutten nozelueden an nees weider ze fueren.

RTL

© Mercedes-Benz

Natierlech si mer och bei Software an Infotainment um neiste Stand. Den neie Betribssystem MB.OS kritt Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz a revolutionéiert domat d’Relatioun tëscht Fuerer an Auto. De virtuellen Assistent kann esouguer dem Chauffer seng Laun erkennen an dorop reagéieren. Bei der Navigatioun inklusiv Planning vun de Luedpausen geet den CLA dann och een neie Wee a baséiert sech op Google Maps, dat ganzt awer am gewinnte Mercedes-Layout.

Fir dat alles ouni Problemer fonctionéiert, kënnen Updates vum leeschtungsstaarke Computer stänneg over the air gemaach ginn.

RTL

© Mercedes-Benz

Wéi geet et elo virun?

Bestelle kann een den neien CLA am Mee, dee Moment ginn et natierlech och d'Präisser. Ze kréien ass nieft der BEV-Versioun dann och nach ee Plugin-Hybrid, deen e 1500er Véierzylinder-Bensinner mat engem 20 kW E-Motor kombinéiert. Dieselmotore wäert et am CLA net méi ginn. Dofir awer nach weider Karosserievarianten. Spéider lancéiert Mercedes d’Shooting-Brake Kombi-Versioun, ee GLB-Nofollger am Stil vum legendäre G-Modell an ee sportleche SUV am Stil vum GLA.

RTL

© Mercedes-Benz