• De PLUS

    • Rassege Sechszylinder
    • Fuerdynamik
    • Sëtzpositioun
  • De MINUS

    • Vill bëllege Plastik
    • Fummelegen Infotainment
    • Gedenksekonn vun der Boîte

En SUV mat engem 3.0-Liter-Sechszylinder, als Mildhybrid, mat engem heckbetounten Allradundriff. Dat si just puer Stéchwierder, déi den X3 M50 beschreiwen.

Sou richteg Sechszylinder maache sech am Automag ëmmer méi rar. Ma genee esou ee stécht awer ënner dem Capot vun eisem Testauto, dee mer haut virgestallt kréien. Den Akim Schmit huet dem BMW X3 M50 op den Zant gefillt.

Automag: BMW X3 M50

Den X3 dierft deene meeschten dobaussen e Begrëff sinn. Dofir faassen ech mech beim Design kuerz. An der véierter Generatioun ass den Design zimmlech kanteg a wéi aus engem Block gefrääst. Déi grouss Fläche suerge fir e massiven a cleane Look a ginn en Ausbléck op déi zukünfteg Designsprooch, déi mat der „Neue Klasse“ agefouert gëtt.

RTL

© Akim Schmit


Zu den Highlights vum M-Performance-Modell zielen déi riseg BMW-Nier mat Konturbeliichtung („Iconic Glow“),  d’Sportbremsanlag mat rout lackéierte Bremssuedelen, spezifesch Säiteschweller, eng erweidert Shadow-Line an en Heckdiffusor, deen déi véier Endréier vun der Auspuffanlag an Zeen setzt.

RTL

© Akim Schmit

Mee och bannendra geet et sportlech zou. Well wou M drop steet, ass och M dran, oder?

Den M-Modell ass an éischter Linn duerch eng Abberzuel u Logoen ze erkennen. Mëttelpunkt ass de Curved-Display deen Instrumenter an Infotainment matenee verbënnt, an iwwert dee praktesch alles am Auto gesteiert gëtt. Et bleift awer nach Sputt no uewen: ech hunn am Testauto dacks d’Temperatur verstallt wann ech d’Sëtzheizung un- oder ausmaache wollt. D’Felder si winzeg an iwwert dem Fueren praktesch net ze geroden.

RTL

© Akim Schmit


 Kritik gëtt et vu mir awer och fir d’Qualitéit, wou BMW besonnesch bei den Diere spuert: d’Grëffer banne sinn aus bëllegem Plastik an d’Oflage sinn net ausgekleet, esou dass alles rabbelt wat s de dra lees… Mat engem Bléck an d’Präislëscht hannerléisst dat e fade Bäigeschmaach.

RTL

© Akim Schmit

Ganz no dengem Goût war dann awer de Motor, wann ech dech richteg verstanen hunn…

Häerzstéck ass en 3.0 Liter Sechszylinder Bensinner mat 398 Päerd, dee seng Kraaft iwwert en heckbetounten Allradundriff op de Makadamm bréngt an als Mildhybrid ausgefouert ass. Domat hieft sech den X3 vu senge Konkurrenten of, esou Sechszylinder-Motore si mëttlerweil eng absolut Ausnaman an eppes fir Genéisser. Wien e schwéiere Fouss huet, ass a 4,6 Sekonnen op Tempo 100 a gëtt dobäi vun engem richteg kärege Sound begleet. Ech hat de Radio déi meescht Zäit aus.

Wéi mécht e sech dann am Alldag?

Ech muss zouginn, ech hu mech séier un den X3 M50 gewinnt. Gutt gefall huet mer d‘8-Gang Automatikboîte, déi propper schalt, ma mat Iwwerraschungen – spréch engem „Kickdown“ tëschenduerch – net esou frou ass. Do mécht et scho Sënn dass BMW d’Schaltpaddele verbaut huet.

RTL

© Akim Schmit


Méi Réckmeldung hätt ech mer vum Steierrad gewënscht, an dofir e bësse manner vum Fuerwierk. Knubbelen a schlechte Belag rëselen dech scho mol duerch, dat muss de bei engem M  Modell a Kaf huelen. Allgemeng ass den X3 M50 fir mäi perséinleche Goût ze perfekt ofgestëmmt: ech hunn dacks d’Vitesse ënnerschat, an dat kéint mol deier ginn.

Deier kéint et awer och am Alldag ginn, huelen ech un?

Wien Alldag seet, seet och Verbrauch: 11,6 Liter – net Kilowattstonne – ginn op 100 Kilometer duerch den Auspuff wann een déi 398 Päerd bei Laun hält. An och d’Uschafung ass net ganz gënschteg: de gutt equipéierten Testauto steet mat ronn 92.000 Euro an der Präislëscht.

RTL

© Akim Schmit