Mini Aceman SE
De Mini Aceman ass den éischte Mini, deen ee just als Elektro bestelle kann. En zitt nawell Blécker op sech, wéi de Christian Schmit erausfonnt huet.
Mini steet jo scho méi laang net méi fir just kleng Autoe steet. De Modell Aceman och, dat mat senger 4 Meter Karosserie a 4 Dieren. De Christian Schmit ass e gefuer, an den Aceman ass och deen éischte Mini, deen ee just an der Elektroversioun ka bestellen.
Och Mini suedelt jo no a no gären op reng E-Versiounen ëm. Den Aceman mécht dann elo den Ufank. En hat zu Paräis um Mondial de l'Auto seng Première gefeiert. Ugangs Januar ware mir mat him ënnerwee. En Auto, deen d'Blécker op sech zitt.

© Christian Schmit
Dat heescht da wuel e gelongenen Design.
E weess ze gefalen. Kaum vum Haff gefuer gëtt ee scho beim éischte Fotostopp op dee klenge Britt ugeschwat, deen d'E-Auto-Fraktioun am ënneschte Segment beräichert. E bëssche méi grouss wéi de Cooper, awer manner laang an héich wéi de Countryman, an esou Plaz fir den Aceman an der Mëtt. Passt.
Wat gëtt dann u Leeschtung gebueden?
Zwou Versioune kommen a Fro. Entweder mat der 43 kw/h Batterie mat 184 PS, oder 54 kw/h an 218 PS. Déi S-Versioun hate mir an do ginn d'Fuerleeschtunge sécher duer, an 170 km/h packt och net all Elektroauto. D'Autonomie versprécht um Pabeier 400km, mee bei voller Batterie kréie mir bei kalen Temperaturen knapps 260km affichéiert.
Mee Agilitéit a Fuerspaass kënne mir attestéieren. An dee berüümte Go-Kart Feeling kritt Mini och beim Aceman hin, a léisst sech an den diverse Fuermodi ofruffen.

© Christian Schmit
Den Interieur, och ganz am bekannte Mini-Look?
Och do ännert sech näischt an der Mini DNA. De krees-ronnen Display spréngt gläich an d'A, a proposéiert esou vill Informatiounen, dass et engem scho bal dronkeg gëtt. Mee eng Partie konventionell Schaltere ginn et och nach.

© Christian Schmit
D'Sëtzer si ganz bequeem, an och hannendran hält een et eng Zäitchen aus. An der Top Versioun, déi mir gefuer sinn, och mat schickem Lieder ausgekleet. E puer clever Gimmicks dierfen och net feelen. An d'Mall passen 300 Liter Volume.
Wéi vill Gedold ass da beim Luede gefrot?
Do ass keng "bonne note" dran. Mat grad emol 95kw maximal wëll de Mini geluede ginn. Mir hunn et um Schnelllader getest, an och wa mir ganz eleng um Stécker houngen koum net méi wéi 59kw eraus. Also, jo Gedold ass gefrot. Mam Verbrauch vun ëm di 18 kw kann e liewen. Rekuperatiounspaddelen um Volant ginn et keng.

© Christian Schmit
De Präis
Jo e Mini beweegen heescht och eng Portioun Lifestyle kafen, an dat léisst sech Mini honoréieren. Den Aceman mat der 43kw Batterie gëtt fir knapps iwwer 30.000 Euro lancéiert. Eisen Testauto, mat der grousser Batterie + Top Versioun koum op 42.500 Euro.
An dach sinn ech iwwerzeegt, dass der vill der Meenung sinn, genee esou en Aceman kënnt fir mech a Fro, a mir där deemnächst vill gesinn.

© Christian Schmit