Mercedes-AMG E 53 Hybrid 4MATIC+
Wa bis e Reiesechszylinder am Spill ass, dann ass de Paul Origer aus der Automag-Redaktioun meeschtens scho begeeschtert. Ass dat hei och de Fall?
Den aktuellen Topmodell vun der Mercedes-Uewerklass lauschtert op de laangen Numm Mercedes-AMG E 53 Hybrid 4MATIC+. Et ass no der C-Klass deen zweeten AMG, deen elektresch Hëllef kritt! Wéi en sech fiert an ob en déi 3 Buschtawe verdéngt, dat huet de Paul Origer op knapp 1.500 km erausfonnt.
De Fait, datt Mercedes d’Bezeechnung E 53 gewielt huet, léisst nach op een 63er hoffen, mee bis dohinner gi mer eis emol mam “klengen” AMG zefridden.

© Paul Origer
Den Design
Als AMG kritt de W214 nach e puer typesch, wann och diskret, optesch Ënnerscheeder wéi d’Kalander mat vertikale Lamellen, aner Schutzblecher, fir eng méi breet Spuer an een Aerodynamik-Package ronderëm mat diskretem Spoiler um Mallendeckel. An als mäi perséinlechen Highlight: 4 ronn a funktional Auspuffendréier!

© Paul Origer
Bannendran erkennt een den AMG haaptsächlech un de Sëtzer, an eisem Fall déi iwwer 6.000 Euro deier High End Performance Schuelesëtzer.

© Paul Origer
Den Undriff
Basis ass den 3-Liter Turbo-Reiesechszylinder, dee mer jo schonn aus dem 450 kennen. Bei seng schonn net aarmséileg 449 PS kommen der nach emol 163 aus der Elektromaschinn, déi an d’9-Gang AMG-Automatikboîte integréiert gouf. Zesumme sinn esou 585 bis esouguer 612 PS an 750 Nm méiglech. Datt domat an natierlech och mam serieméissegen Allradundriff den E 53 trotz senge knapp 2,4 Tonnen gutt virugeet, ass jo evident. Fir op Tempo 100 vergi mat Racestart grad emol 3,8 Sekonnen. En plus hëlleft den Elektromotor beim Untrëtt aus dem Stand esou wéi beim Boosten, wann nach méi Leeschtung gebraucht gëtt.

© Paul Origer
Op der Strooss
Do ass en erstaunlech villsäiteg – gemittlech a roueg am Elektromodus - am Wanter iwwregens mat tëscht 70 an 80 km Autonomie – oder awer op der däitscher Autobunn zackeg ënnerwee, wou den E 53 sech net aus der Rou brénge léisst, och wann um Tacho scho laang eng 2 vir steet. Steierung an Handling fille sech perfekt un, den AMG läit straff a wéi eng Buerg, säi Gewiicht mécht sech héchstens a forcéierte Kéiere bemierkbar. De Confort leid bei all deem net, schlecht Stroosse goufen esouguer mat den 21-Zoll Rieder a Stolfiederung gutt gefiltert.

© Paul Origer
An den Hybrid-Undriff ass méi nëtzlech wéi ee mengt. D’Bremsenergie, wann z.B. alt erëm eng Tempozon wiesselt, geet net verluer, mee gëtt an der Batterie gespäichert, esou datt een entweder an der nächster Baustell oder Stad elektresch fueren, oder beim Beschleunege booste kann.
E bësse brav ass de Motorsound. De Reiesechser kléngt schéin, mee nawell diskret. Am S+-Modus kënnt méi, allerdéngs och, well Mercedes ee Soundgenerator bäischalt. Bei deem Motor ass dat, wéi wann een e Filetsbifdeck mat Ketchup ësst. Dofir tréischt de Verbrauch... gutt ënner 10 Liter si labber méiglech, bei forcéiertem Stil net méi wéi 12 bis 13. Fir esou een Auto ganz an der Rei.

© Paul Origer
Am Resumé
Kee kompromësslose Sportler mee eng grouss Limousine, déi komfortabel reesen oder mat Karacho iwwert de Circuit joe kann. Den Hybrid-Undriff léisst d’Mall zwar op 370 Liter schrumpfen, kann am Alldag awer weesentlech zu Confort a Verbrauch bäidroen.
Mee all dat huet säi Präis: 112.000 si minimal néideg, gräift ee bei den Optiounen zou, da sinn et féx wéi bei eisem Testauto iwwer 140.000 Euro.

© Paul Origer