Gewot, eenzegaarteg oder einfach nach ze nei? Net jiddereen huet wärend dem Test vum Ariya den Auto direkt als en Nissan erkannt.

Nissan zielt net onbedéngt zu deene Marken, déi elo schonns zu 100 Prozent mat hire Modeller op elektresch setzen. Ee vun hire reng elektreschen Modeller, ass awer den Ariya. De Rich Simon, aus eiser Automag-Redaktioun, hat den SUV ënnert de Rieder. Den Auto gesäit relativ futuristesch aus.

Automag: Nissan Ariya

Dat kann een effektiv esou soen. Hie gesäit och net esou typesch no Nissan-Style aus. An där Woch, wou ech den Auto hat, gouf ech déi eng oder aner Kéier gefrot, wat fir eng Mark dat wier. Dat wéisst, datt Nissan beim Design ee bësse gewote Wee gaangen ass. Den Auto stellt eppes mat senge bal 4 Meter 60 eppes duer. Dat ass d'Gréisst ongeféier vum Skoda Enyaq.

Plazverhältnisser

Du hues wierklech gutt Platz am Auto. Souwuel vir, wéi och hannen. Allerdéngs huet d'Mall just 450 Liter. Fir mat zwee Kanner an d'Vakanz ze fueren, gëtt et do schonns bëssen enk.

RTL

© Rich Simon

Wann s de d'Sëtzer hannen ëmklapps, dee Moment, duerfen d'Kanner dann net mat fueren, huet d'Mall ee Volummen vu 1.460 Liter. Dat ass ganz gutt, fir een Elektro SUV. Alles ass banne gutt verschafft an Nissan verzicht elo och, wéi schonns eng Partie Marken dat maachen, op Knäppercher.

RTL

© Rich Simon

Op der Strooss

Ech hat d'Versioun mat  306 Päerd, bei engem Gewiicht vun 2.084 Kilo a 4-Rad-ugedriwwen. Domadder ass ee vun 0 op 100 a sportlechen 5,7 Sekonnen. D'maximal Vitesse läit bei 200 Kilometer an der Stonn. Déi Ausféierung déi ech hat, nennt sech e-4ORCE. Dat ass villäicht een Numm, deen dach e bëssen héich gegraff ass.

RTL

© Rich Simon

Den Auto beweegt sech zwar ganz uerdentlech op der Strooss, awer ee sportleche Feedback, kritt een net. D'Suspensioun mécht seng Aarbecht gutt. Sans Plus. Idem wat d'Steierung an d'Bremsen ugeet.

Batterie an Autonomie

Ech hat, wéi schonns gesot, déi sougenannten, e-4ORCE Versioun. An där ass ee 87kWh Akku verschafft. De Verbrauch gëtt Nissan offiziell, mat 19,5 bis 19,9 kW un. Do muss dann awer alles passen. Wann ech mam Eco Modus ënnerwee war, den E-Padle benotzt hunn an och op de B Modus zeréck gegraff hunn, do dernieft och ganz dezent mam Auto ënnerwee war, da sinn ech un 20 kW eru komm. Realistesch, ass een awer net ëmmer esou ënnerwee. An deen Ament klemmt de Verbrauch relativ séier, op iwwer 24 kW erop.

RTL

© Rich Simon

Dacks un der Luedstatioun

Nissan gëtt d'Autonomie mat 498 Kilometer un. Un déi kenns de awer, och mat vill guddem Wëllen, net erun. Bei mir waren et am ganz moderaten fueren, ronn 400 Kilometer an am, so mir mol, normale fueren, just nach 310 Kilometer. Dobäi muss ech soen, datt ech den Auto am Dezember, also bei wanterlechen Temperaturen hat. An d'Keelt ass nach ëmmer kee Frënd vun Elektroautoen.

Mat deene Wäerter ass den Ariya sécher keen Auto, fir an de Wantersport ze fueren. Och aus deem Grond, datt de Japaner beim Lueden net richteg kann iwwerzeegen. Un der normaler Steckdous, kanns de mat 22 kW lueden. Dat ass gutt. Un der ëffentlecher Luedsail, mat 130 kW. Hei ginn et Konkurrenzmodeller, déi dach vill méi séier luede wéi den Ariya.

Fazit a Präis

Den Nissan Ariya, ass ee Auto an deem's de gutt Platz hues. Hien ass anstänneg verschafft. Duerch säin zum Deel futuristeschen Design, hieft e sech e bësse vun der Konkurrenz of, ouni awer elo ee richtegen Eye Catcher ze sinn. Den e-4orce, wéi ech en hat, fänkt bei 58.403 Euro un. Den Ariya mat der 63 kWh Batterie, 2 Rad gedriwwen an 217 Päerd, kriss de vun 46.800 Euro un.

RTL

© Rich Simon