Den neisten SUV an der Gamme vu VW lauschtert op den Numm "Tayron", an e versprécht vill verschidde Qualitéiten ofzedecken.

En neie VW an der Gamme ass dës Kéier Thema am Automag. Et ass e weideren SUV, dee sech an de Portfolio vun der Mark areit. E gouf op den Numm "Tayron" gedeeft a ka mat 7 Sëtzer bestallt ginn. En eegent sech esou och fir Leit mat méi Plazuspréch. De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun an huet erausfonnt, wat dee Modell dann nach esou kann.

Mir waren a Südfrankräich mam VW Tayron ënnerwee. De Buschtaf "T" steet jo beim Wolfsburger Konstrukteur ëmmer fir en SUV. Vum klengen T-Cross, T-Roc, Tiguan an de groussen Touareg. Op den éischte Bléck seet ee sech, ma dat do ass dach just en Tiguan an der Verlängerung. Mee deem ass net esou, baussen ënnerscheeden di zwee Modeller sech dach schonn, an och VW wëll säin Tayron als eegestännege Modell verstane gesinn.

RTL

© Christian Schmit

An dat geléngt dem Tayron?

Also et ass jo esou, dass den Topmodell Touareg villen dach elo eng Nummer ze grouss ginn ass, awer trotzdeem vill Plaz an der Mall fir Hobby a Fräizäit brauchen. Do kéint dat da scho Sënn maachen, an eben och fir zu 7 kënnen ënnerwee sinn.

Den Tayron ass och bewosst mat ville Luxus-Featuren equipéiert a soll esou um Bord vum Premium-Segment matspillen. Vun Wellness-Interieur geet do esouguer rieds. Bon, Veraarbechtung ass top, an haarde Plastik bleift dobaussen. Genee wéi Kaméidi vun do, speziellt akustescht Glas mécht et méiglech.

Bannena falen direkt de 15 Zoll Ecran op, an Driving Experience Switch an der Mëttelkonsol. Up to date natierlech a Saache Connectivity a Voice Assistant mat Chat GPT. Aus de Boxe kënnt Musek an Harman-Kardon-Qualitéit.

RTL

© Christian Schmit

Ënnert der Hauf

D'VW Regal ass do gutt ausstafféiert. Bensinner, Diesel, oder Plug-In Hybrid, alles geet. Vum 1500er Mild-Hybrid an 150 PS iwwer TSI an TDI erop bis 272 PS System-Leeschtung fir de Plug-In Hybrid. Op ville Marchéen ass och den Diesel nach gefrot. Mat deem ware mir och ënnerwee. Bei Power, Fuerleeschtungen a Verbrauch gëtt et näischt ze meckeren, mee d'Motorgeräischer sinn dach net ze iwwerhéieren. Mee vläicht si mir och schonn ze vill un E-Autoe gewinnt mat quasi  0 Dezibel.

Méi Zäit hu mir mat der Hybrid-Versioun verbruecht. Neierdéngs sinn elo bis iwwer 100km reng elektresch dran. Op eisem Testparcours vun der Côte erop an d'Alpes Maritimes huet dat gutt geklappt. Mam Resultat, dass mir mat 2 Liter Verbrauch zuwee komm sinn, an 13 kw/h.

E Bemol gëtt et awer. An der Plug-In Hybrid Versioun ass keng 4Motion, 4X4 Traktioun méiglech, an och als 7 Sëtzer kann en net bestallt ginn. D'Batterie hëlt ze vill Plaz an.

RTL

© Christian Schmit

Fuerverhalen a Confort

Also bei VW versteet ee jo d'Handwierk, fir hir Modeller ausgeglach ofzestëmmen. Dat gëllt och fir den heiten. Duerch e laange Radstand ass ee ganz confortabel ënnerwee, an de Massagësëtzer gutt opgehuewen, vill Plaz fir d'Knéien an der zweeter Rei, hannenaus dat ass awer éischter eppes fir Kanner.

RTL

© Christian Schmit

Mee wann di Sëtzreien net gebraucht ginn, da kënnt dir mat 2.000 Liter Volume op Akafstour oder Plënneraktioun goen. A wann dat nach net duergeet, den VW Tayron dierf och nach Remorque vun 2500kg nozéien.

RTL

© Christian Schmit

Fazit a Präis

Als den nobäi 4m80 laangen Tayron ass schonn en interessanten Allrounder. Houfreg ass een och ze vermellen, dass en zu zu Wolfsburg entwéckelt an och do vum Band leeft.

E kann an der Life, Elegance oder R-Versioun configuréiert ginn a kascht tëscht 44.000 an 51.500 Euro virun Optiounen. An esou passt den Tayron dann och hei genee tëscht Tiguan an Touareg.

RTL

© Christian Schmit