• De PLUS

    • Optik a Fuerspaass
    • Manner straff wéi de Virgänger
    • Infotainement huet sech verbessert
  • De MINUS

    • Keen Handschalter méi disponibel
    • Manner Leeschtung
    • Säfteg Präisser

E krut en neie Look verpasst, ka munches elo besser, ma zum Beispill bei de Motorisatioune gouf zeréckgeschrauft. Geschalt gëtt just nach via Automatik.

An dësem Automag kucke mer eis en Autosmodell méi genee un, deen ee wierklech dacks op eise Stroosse gesäit. Rieds ass vum 1er-BMW. An do gëtt et net just e Facelift, nee et ass e komplett neie Model, deen den Andy Brücker huet dierfen testen.

Automag: BMW M135 xDrive

Genee esou ass et. Et ass déi 4. Generatioun vum 1er BMW an e lauschtert op de Kierzel F70, géintiwwer dem Virgänger F40, dee vun 2019 bis 2024 gebaut gouf. Den neie Modell ass elo awer keng Revolutioun... wisou och riskéiere seng Clientèle mat ze vill Ännerungen ze vergraulen. Allerdéngs ginn et optesch scho ganz kloer Neierungen, déi den 1er BMW méi «frësch» an dynamesch do stoe loossen. En ass liicht gewuess an den Dimensiounen, dat ëm 42mm an der Längt an 25mm an der Héicht. Bei der Längt ass et warscheinlech de Beräich ëm d’Calander, deen dofir responsabel ass, well déi ass e bësse méi wäit no vir gezunn, wouduerch de Capot méi laang wierkt.

D’BMW-Nier ass dann och nees méi flaach gerode wéi beim Virgänger, wat mir perséinlech besser gefällt. Déi méi flaach Luuchte vir loossen d’Gesiicht dann och méi definéiert wierken an de BMW-Emblem ass an enger Karosserie-Fal agebett. 

Obwuel ee kaum riskéiert den 1er BMW mat engem anere Modell ze verwiesselen, sou hu se awer an d’C-Sail eng 1 mat an den Design agefüügt.

RTL

© Andy Brücker

Den Testauto, deen ech hat war iwwreges a «Frozen Portimao Blo», wat dem Auto richteg gutt steet!

RTL

© Andy Brücker

Eng ganz Partie Ännerungen deemno baussen, wéi ass d’Entwécklung dann am Interieur?

Hei ass zum Beispill de sougenannte «Curved Display» doheem, deen ech esou och scho beim 5er BMW entdeckt hunn. Och d’Steierrad war änlech, vun dohier hunn ech mech séier zurecht fonnt. Mëttlerweil ass Ambiente-Beliichtung jo och e grousst Thema an den Autoen. Hei huet mech déi lénks nieft dem Steierrad awer zimmlech genervt, well d’Reflexioun dovunner over genee am lénkse Säitespigel ze gesi war, an ee keng gutt Vue no baussen hat. Do heescht et d’Intensitéit vun der Beliichtung owes erofzesetzen, well soss ass de Réckspigel kaum ze benotzen. 

RTL

D’Sëtzer an eisem Modell waren nawell zimmlech sportlech ma net onbequeem. An der zweeter Rei huet ee just gutt Plaz, wa Chauffer a Bäifuerer net ze grouss sinn. An d’Mall kritt een 380 bis 1200 Liter, a praktesch ass do den duebele Buedem, dee jo bei ville Plugin-Hybride mëttlerweil ewechfält.

RTL

© Andy Brücker

En Auto ass jo fir ze fueren do, wat kanns de eis dann do betreffend dem neien 1er zielen, wéi eng Motorisatioune ginn et zum Beispill?

Et huet een de Choix tëscht 4 Bensinner an 2 Dieselen. E Plugin-Hybrid gëtt et net. Geschalt gëtt ëmmer iwwert eng Steptronic-Automatik-Boite, Handschalter kritt ee kee méi. Mir haten d’Topversioun M135 xdrive am Test, deemno en 2-Liter Bensinner mat 300 PS, 400 NM Dréimoment an Allrad. Dat si 6 PS manner wéi beim Virgänger a souguer 50Nm manner. Déi Tendenz no ënne spigelt sech zB. och beim Diesel erëm. Hat den 120d am F40 nach 190 PS, sou huet den F70 der just nach 163. Dat ass en Trend, deen een och bei anere Marke gesäit.

De Verbrauch beim M135 ass mat 7,6 bis 8,3 Liter uginn. Ech louch um Enn bei 8,6, wat sécherlech awer nach Loft no ënnen hat, deemno ass d’Wierksugab scho realistesch.

RTL

© Andy Brücker

Wat ass dir da soss nach positiv, respektiv negativ opgefall?

Och a méi enk Parkplaze kann ee problemlos mat der Automatik-Boite erafueren, ouni dass den Auto ee forcéiert stoppt, wéi dat bei anere Marken deels ganz rabbiat geschitt.

Navigatioun iwwer Android-Auto mat Googlemaps oder souguer Waze gëtt och an den Tableau de Bord mat eriwwergeholl an ugewisen, dat ass definitiv praktesch.

Virklimatiséiere vum Auto via App ass eng fein Saach, ma bei mengem Test war d’viischt Fënster vum Auto gefruer bliwwen, bis op eng 5cm breet Sträif, trotz geplangtem Timer. Do hunn ech dann awer musse krazen.  

D’LED-Matrix-Luuchte sinn net frou mam Niwwel. Am Automatik-Modus waren déi e bëssen iwwerfuerdert a woussten net wéini se sollen ugoen oder aus... ma zum Gléck kann een dat jo nach manuell reegelen.

RTL

© Andy Brücker

D’Handy-Oflag ass gutt gewielt an och d’induktiivt Luede klappt trotz enger méi zolitter Housse ronderëm den Handy. Dat war beim Virgänger leider net de Fall.

Zu gudder Lescht dann nach déi obligatoresch Fro nom Präis...

Fir de klenge Bensinner mat 122 PS geet et lass bei bal 32.000 Euro. Eisen Testauto M135 xDrive koum mat Optiounen op eng stolz Zomm vun 67.540,89 Euro, an dat ass scho gepeffert.

RTL

© Andy Brücker