Volvo ES90
Mam ES90 huet Volvo elo en neit Flagschëff an der Gamm. De Rich Simon hat d'Geleeënheet bei der Presentatioun dobäi ze sinn, déi allerdéngs statesch war.
Viru kuerzem huet Volvo e ganz neien Auto presentéiert, nämlech den ES90. Dat ass ee weideren Elektro-Modell am Portfolio vun der schwedescher Mark. De Rich Simon war fir RTL bei der Presentatioun dobäi. Den Auto gouf gewisen, awer fuere konnt ee mam ES90 nach net.
Et war effektiv eng sougenannte statesch Presentatioun. Bei esou enger Presentatioun ginn d'Autoen ëmmer an den Himmel gelueft an d'Journaliste hunn d'Méiglechkeet Fotoen ze maachen a sech den Auto och vun e bësse méi no unzekucken.

© Rich Simon
Wat ass dir da beim VOLVO ES90 opgefall?
Also dat éischt wat ech geduecht hu war: A wat fir engem Segment ass ee mam ES90 ënnerwee? An op déi Fro gouf et vun der Responsabelen d'Äntwert, datt et "a class of its own" wier. Et huet ee probéiert ee Sedan, mat engem Fastback an engem SUV ze mëschen. An dat ass de Schwede gelongen. Den ES90 léist sech net katalogiséieren. Den Auto fält op. An domadder hieft e sech och elo schonns vun deene 5 Elektro-Modeller, déi Volvo bis elo um Marché huet, of. Et ass mat senge 5 Meter Längt, "d'Flagschëff" vum skandinavesche Konstrukteur. D'Gréisst ass ongeféier déi vum BMW i5.

© Rich Simon
Vill Plaz op 5 Meter verdeelt
Volvo ass zanterhier dofir bekannt, datt d'Plaz eng primär Roll bei hiren Autoe spillt. Den ES90 mécht do keng Ausnam. Du hues der masseg, souwuel vir wéi och hannen. Ech souz just puer Minutten am Auto, mee déi hu sech gutt ugefillt. Et ass ee wat d'Veraarbechtung ugeet, ganz kloer am Premium-Segment ënnerwee.

© Rich Simon
D'Mall huet 424 Liter normal, wann een d'Sëtzer ëmleet da sinn et 733 Liter. Do geet also bëssen eppes dran. Alles ass iwwersiichtlech ubruecht. Wéi funktionell de 14,5 Zoll Touchscreen awer ass, datt konnt ee bei der Presentatioun net testen. Interessant dierft ginn, wéi den Auto sech op der Strooss verhält. Den ES90 huet nämlech e Radstand vun 3 Meter 10. Dat ass schonns extrem laang.
Volvo steet och fir Sécherheet
Dat stëmmt effektiv. Zanter 55 Joer huet ee sech d'Sécherheet op de Fändel geschriwwen, an den eegenen Aussoen no, ass een ëmmer méi wäit bei den Tester gaangen wéi déi, déi een offiziell huet musse maachen. An dat ass elo och beim ES90 nees de Fall.
Leeschtung a Präisser
Et ginn 3 Modeller: CORE, PLUS an ULTRA. De CORE an de PLUS hunn eng 92 kWh Batterie mat 333 Päerd. Do soll een dann eng Autonomie vu 650 Kilometer hunn. Béid Versioune sinn hanne gedriwwen. D'Top-Versioun ass den ULTRA. Déi gëtt et mat 333, 449 a 680 Päerd. Déi zwou leschtgenannte sinn allkéiers 4-Rad-Undriff an d'Batterie huet 106 kWh. Mat där soll een da 700 Kilometer wäit kommen. Am Fuertest wäerte mir da gesinn, wat reell méiglech ass.
Komme mer nach zu de Präisser: De Volvo ES90 CORE fänkt bei ronn 72.000 Euro un. Fir d'ULTRA-Versioun, mat 680 Päerd, muss ee schonns ronn 91.000 Euro op den Dësch leeën.

© Rich Simon