ID. Buzz GTX
Méi Plaz, méi eng grouss Batterie, méi Leeschtung: Den ID.Buzz GTX soll d'elektrescht Fuere mat engem "Bus" méi attraktiv maachen.
Den VW ID. Buzz kritt méi Muskelen a geet an d'Verlängerung. Esou kéint een dësen Automag iwwerschreiwen. Wéi grouss a wéi staark ass deen dann elo? De Christian Schmit hat en am Test.
Also bei senger Presentatioun 2022 zu Kopenhagen gouf e gefeiert wéi e Star. Den ID. Buzz. Mee esou ganz vill gesäit een der am alldeegleche Stroosse Bild net. Dowéinst gëtt dann elo eng Schëpp nogeluecht. E kënnt dann elo op nobäi 5m a mat dräi Sëtzreien och elo 7 Plazen, a mat 340 PS System-Leeschtung ass et och elo dee Stäerksten. Mat engem E-Motor un der hënneschter Achs an engem un der viischter, ass elo eng Allrad-Traktioun u Bord.

© Christian Schmit
Awer et bleift bei reng elektresch?
Jo den ID. Buzz, och als GTX ass et en 100% Elektroauto oder an dësem Fall E-Bus. D'Batterie ass och vun 77 op 86kw/h gewuess, an do sollen, esou VW, 470km dra sinn. Deem ass awer net esou. Trotz Fréijoerstemperaturen, an meescht net sportive Fuer-Alluren, koume mir just op 400km Autonomie.
Wéi fiert sech dann de grousse VW Bus ?
Also et beweegt e schonn e grousst Gefier. Mee d'Karosserie ass iwwersiichtlech a vill elektronesch Hëllefe suergen dofir, dass en néierens uneckt. Duerch de laange Radstand vun iwwer 3 Meter ass e ganz confortabel ënnerwee. Fiederung a Fuerverhalen eng Spuer méi dynamesch wéi beim "normalen" ID. Buzz.
An eppes iwwer 6 Sekonnen ass een op 100, mee bei net esou sportiven 160 km/h ass Schluss. Bei aneren E-Autoen ass dat och de Fall, mee grad bei engem GTX? Nujee dem Verbrauch kënnt dat sécherlech ze gutt, well dee läit souwisou scho bei tëscht 23 a 27 kw/h.

© Christian Schmit
7 Leit dierfe jo dann elo op d'Rees goen, fillen déi sech da wuel bannenan?
Soe mir mol esou. Chauffer a Bäifuerer, an och an der zweeter Rei ass et Business Class mat Sëtzheizung a separater Klimaanlag. Déi zwee hënnescht Sëtzer éischter Economy. Den Accès dohi geléngt relativ gutt, mee all ze grouss soll een awer net sinn. Di rout Néit un de Sëtzer an de gesteppten GTX-Emblème falen op a gefalen.

© Christian Schmit
An der Mall ginn et Gefaacher fir d'Kabelen ze verstauen, jo a wa manner Passagéier matfueren da gëtt et eng Gewan u Plaz fir Plënner oder Akafswënsch.

© Christian Schmit
Wat kascht de GTX a wat hale mir fest?
Bon de Basis Präis leit bei ronn 66 000 Euro. Do kënnt och scho vill Ekipement de série. Trotzdeem dierft et kaum bei deem Präis bleiwen, bis en doheem an der Garage lant. Bleift leider de Probleem mat der Autonomie. Well dee ganz agillen ID. Buzz GTX mat esou vill Power gëtt jo als 7-Sëtzer net just genotzt, fir d'Kanner op den Training, op e Match oder an d'Museksprouf ze kutschéieren.

© Christian Schmit