• De PLUS

    • Brachial Kraaft
    • Design a Veraarbechtung
    • Méiglechkeet reng elektresch ze fueren
  • De MINUS

    • Präis
    • Switch vun Elektro op Verbrenner net sou fléissend wéi wënschenswäert
    • Gewiicht

Wann eng Ikon wéi de BMW M5 als Touring mat iwwer 720PS an 1.000NM Dréimoment als PlugIn-Hybrid op de Marché kënnt, ginn d'Meenungen auserneen.

Et ginn Autoen, déi polariséieren, nach éier se wierklech um Marché sinn, respektiv éier ee se iwwerhaapt déi éischte Kéier op eise Stroosse gesäit. A genau esou ee Modell hat den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun am Mäerz e puer Deeg fir ze testen. Et kéint een et resuméiere mam zesummegesate Wuert «Power-Kombi».

Automag: BMW M5 Touring

Dat sinn op alle Fall zwee Wierder, déi wéi d’Fauscht op d’Aen passen, ma domadder eleng geet et net duer. De Succès vum BMW M3 Touring ass jo net méi vun der Hand ze weisen, ma BMW huet sech geduecht, et bräicht een nach e grousse Brudder fir den M3, an deen heescht bekanntlech M5... deen et dann elo och nees als Kombi gëtt, respektiv Touring, wéi e bei BMW genannt gëtt.

RTL

© Andy Brücker

Eng éischte Kéier konnt een de BMW M5 am E34 als Touring bestellen, dat an de Joren 1992-1995. Hei koum en 3,8 Liter 6-Zylinder Sauger an den Asaz mat 340 PS. Vun deem Modell goufe just 891 Exemplare gebaut, deementspriechend rar si se mëttlerweil ginn, an och deier!

De Volet «Kombi» hätte mer jo da scho mol ofgedeckt... wat kanns de eis dann zum Thema «Power» soen?

An den Asaz kënnt hei e 4,4 Liter 8-Zylinder mat net manner wéi 585 PS a 750 Newtonmeter. Dat si jo scho Wäerter, déi iwwerzeegen a mat deenen ee sech kéint zefridde ginn. Ma Nee, BMW huet sech geduecht, komm mir maachen e PlugIn-Hybrid aus dem neien Touring. Deemno geselle sech nach emol 197 PS an 280NM aus engem Elektromotor dobäi. Da kënnt een op eng Systemleeschtung vu 727 PS an 1.000 NM. Richteg héieren... 1.000 NM Dréimoment! De Sprint vun 0 op 100 geschitt dank Allrad a just 3,6 Sekonnen.

RTL

© Andy Brücker

3,6 ass natierlech séier, ma bei sou vill Leeschtung hätt een och kënne mengen, e wier nach méi flénk?

Dat stëmmt, ma et muss een awer nach mat arechnen, dass mer hei ronn 2,5 Tonne Gewiicht beweege mussen, a fir déi aus dem Stand ze beschleunegen, brauch ee vill Kraaft. Wann den M5 bis rullt, da mierkt een ëm säi Gewiicht net sou uerg un, wéi ech dat gemengt hat. Ausser wann een emol méi presséiert ënnerwee ass an den Auto ofbremse wëll... da spiert een d’Kiloen, déi matfueren. Op laang Siicht denken ech, wäert een et och um Pneueverschläiss mierken.

RTL

© Andy Brücker

Kleng ass den M5 och net, ech muss zouginn, ech war bal erféiert, wou ech e beim BMW-Händler ofgeholl hunn. An enger Rei mat villen anere BMW-Modeller, fält den M5 Touring definitiv op. Bal 5m10 laang a mat Spigelen 2,15 Meter breet. Dat ass scho grouss. D’Mall fält bei deene Wäerter “OK” aus, ma net wierklech riseg. Tëscht 500 an 1.630 Liter passen eran. 

RTL

© Andy Brücker

En opteschen Highlight ass d’BMW-Nier, déi elo eng Konturbeliichtung spendéiert krut… a Kombinatioun mat den bulleger Front an den LED-Luuchten, mécht dat schonn Androck!

RTL

© Andy Brücker

Huel eis emol mat an den Interieur...

Et sëtzt een immens gutt a BMW-typesch huet een en zimmlech déckt Steierrad am Grapp. Kucken deet een op e grousse Curved-Display an d’Aen gëtt verwinnt mat Carbon-Applikatiounen. En Highlight ass awer eng duerchgehend Ambiente-Beliichtung queesch vun enger Dier iwwert den Tableau de Bord bis un d’Enn vun der anerer Dier, hannert enger Zort Diamantoptik-Verkleedung. Et ass schwéier ze beschreiwen.

RTL

© Andy Brücker

Soubal et däischter dobaussen ass, fillt ee sech wéi an enger anerer Welt an et muss ee sech konzentréieren op d’Strooss ze kucken, an net just den Interieur ze bewonneren. 

A propos op d’Strooss kucken. Wéi fiert den M5 Touring sech dann?

Ech muss soen, erstaunlech alldagstauglech. Obwuel een "erstaunlech" jo hei net dierft soen, ma wann een un déi enorm Kraaft denkt, déi den M5 huet, kéint ee mengen e wier vläicht méi schwéier ze fueren.

Ass ee gemitterlech ënnerwee, schwieft een dank Elektromotor duerch den Trafic, a beschter Hybrid-Manéier, ouni een Toun vu sech ze ginn. An déi 60km soll ee kënne reng elektresch fueren.

RTL

© Andy Brücker

Gesellt sech de V8 nach dozou, da geet et richteg virun... ma déi voll Leeschtung kann een op eise Stroossen ni am Liewe legal erauskëddelen. De V8-Motor ass extrem zeréckhalend, wat d’Soundkuliss ugeet. Dat dierft virun allem d’Nopere freeën. Eréischt wann een héichtoureg ënnerwee ass, kënnt e bësse V8-Feeling op. Do dierft sech den Tuning-Marché dann drëm këmmeren, eventuell nach méi «Charakter» fir den M5 unzebidden, sief et bei der Usaugung, oder dem Auspuff.

RTL

© Andy Brücker

Wie sech gären ameséiert an den Auto individuell op sech wëll astellen, dee ka sech am M5 och austoben a sech seng perséinlech Konfiguratioune vu Fuerwierk, Lenkung, Sound, Rekuperatioun asw eraussichen an ofspäicheren. 

RTL

© Andy Brücker

Wéi fält dann däi Fazit aus?

Et ass en impressionnanten Auto, deen d’Virdeeler vum elektresche Fuere mat der Power vun engem TwinTurbo V8 kombinéiert. Duerch den Hybrid ass den M5 am Alldag eventuell de méi "logesche Choix" am Verglach mam M3, fir een deen en BMW-M-Touring fuere wëll. Allerdéngs huet dat och säi Präis. Lass geet et bei ronn 146.000 Euro. Dat sinn ëmmerhi 40.000 Euro méi wéi de Basispräis beim M3. Fir dee Präisënnerscheed kéint ee sech dann och nach een Elektroauto zouleeën.

RTL

© Andy Brücker