E sollt eigentlech "Milan" heeschen, ma domadder war d'italieenesch Regierung net averstanen. De klengen SUV vun Alfa Romeo gouf op "Junior" ëmgedeeft.

Am Automag schwätze mir haut italieenesch. De Rich Simon hat nämlech den Alfa Romeo Junior Ibrida 4Q ënnert de Rieder. Den Numm ass ganz interessant, well den Auto sollt a sech net esou heeschen.

Automag: Alfa Romeo Junior Ibrida

Jo dat stëmmt. Den Auto sollt nämlech Alfa Romeo Milan heeschen. Dat huet der italieenescher Regierung awer net gefall. Den Auto gëtt nämlech a Polen gebaut an dunn huet den Numm musse geännert ginn. Ee vun de Responsabelen vun Alfa Romeo, huet dann och op der Presentatioun vum Auto gemengt, datt se mat engem Milan op Mailand waren a mat engem Junior zeréck komm sinn. De Junior, an den Numm passt, ass dee klengste Modell an der Alfa Famill.

RTL

© Rich Simon

Wann ech richteg informéiert sinn, ass et ee klengen SUV?

Genee esou ass et an domadder gi si dem allgemengen Trend no. Et ass kee Geheimnis, datt d'Italiener Design kënnen. Dat gëtt beim Junior ënnerstrach. Den Auto gefält ganz einfach. De 5-Dierer ass optesch gesinn, wierklech flott. Matt héije Felgen engem klenge Spoiler iwwer der Mall, wierkt de Junior dynamesch an och sportlech. Dat sportlecht gëtt nach ënnerstrach, duerch een, am positive Sënn, aggressive Spoiler. Déi hënnescht Luuchten gi praktesch iwwer déi ganz Mall, wat den Auto a mengen Aen méi breet wierke léist, wéi en effektiv ass.

RTL

© Rich Simon

Wéi gesäit et da bannen am Auto aus?

Och hei dominéiert d'Sportlechkeet. Ënnert anerem mat engem Steierrad, dat och gutt an eng puer honnert PS staark Maschinn géif passen. Alfa steiert net alles op den Display, an dovunner sinn ech nach ëmmer ee Frënd, et ginn nämlech ëmmer nach vereenzelt Knäppercher. Ech hoffen, datt se hei dem allgemengen Trend, datt just nach alles iwwer den Display gesteiert gëtt, och an Zukunft net noäiferen. D'Materialien déi verschafft goufe gesi gutt aus, ech muss allerdéngs soen, datt déi Materialien sech dach reegelméisseg bei knubbelege Stroossen, bemierkbar gemaach hunn.

RTL

© Rich Simon

Dann huel eis emol mat op d'Strooss...

Ënnert der Hauf, ass een 1,2 Liter 3 Zylinder Bensinner ze fannen. Dee gëtt awer nach ënnerstëtzt, mir schwätze jo vun engem Hybrid-Model, vun zwee Elektro-Aggregater vun allkéiers 21kW. Am Ganze kënnt een op 145 PS. A priori ginn déi duer. An awer esou ee richtegt Alfa-Romeo-Gefill kënnt mat där Leeschtung net op. Den Auto fiert sech awer gutt, et huet een awer ëmmer nees d'Gefill, datt e bësse méi Power net kéint schueden. Esou richteg Alfaristien dierften enttäuscht sinn, wa se de Junior Hybrid fueren.

RTL

© Rich Simon

Am Numm ass dann och nach Beschrëftung Q4 ze fannen. Dat bedeit, datt een zwar net permanent mat 4-Rad-Undriff ënnerwee ass, mee déi hënnescht Rieder gi bäigeschalt, wann et den Auto fir néideg fënnt. Ech hat d'Chance, de Junior och e bëssen Off-Road ze fueren an ech muss soen, datt d'Technik, fir déi hënnescht Rieder bäizeschalten, wa se da gebraucht ginn, gutt funktionéiert. Dat selwecht gëllt iwwregens och op enger normaler Strooss.

RTL

© Rich Simon

Wat verbraucht de Junior Hybrid dann a wat brauch een am Portmonnie fir den Auto ze kafen?

Alfa Romeo gëtt de Verbrauch mat offiziellen 5,3 Liter un. Ouni datt ech mech de Batti gestallt hunn, louch de Verbrauch bei der Testfaart bei 7,6 Liter. Wat sécherlech keen Top-Wäert, mee éischter als "ok" anzestufen ass.

Du hues och nach nom Präis gefrot. Du kriss den Alfa Romeo Junior Ibrida Q4, vun 28.235 Euro un.

RTL

© Rich Simon