Nodeems den Akim Schmit Enn Januar den Tesla Model Y scho statesch huet dierfen entdecken, esou konnt hien en zwee Méint drop och op der Strooss testen.

Automag: Tesla Model Y "Juniper"

Design: endlech méi flott – mee dat ass just mäi Goût. De Model Y war och virum Facelift schonn de meeschtverkaaften Elektroauto (2022), respektiv Auto iwwerhaapt (2023 a 2024), an dat weltwäit. Déi zweet Generatioun steet elo an de Startlächer, heescht intern "Juniper", an brécht vum Design mam Virgänger: vir eng platt, futuristesch Front ouni Markelogo, hannen e massiven Ofschloss mat enger indirekt beliichte Réckluucht iwwert déi ganz Breed. Dat gesäit richteg gutt aus. D’Aerodynamik gouf verbessert a soll bis zu 35 km méi Reechwäit bréngen, an dat ouni méi e groussen Akku ze verbauen.

RTL

© Akim Schmit

Bannendran: Den Interieur ass gréisstendeels aus dem Model 3 scho bekannt an esou puristesch wéi een e vun Tesla kennt an erwaart. Alles spillt sech um risegen zentralen Touchscreen of. Knäppercher gëtt et just nach e puer um Steierrad, e Blinkerhiewel an dat war et.

RTL

© Akim Schmit

Praktesch sinn déi vill Oflagen, dorënner déi zwou induktiv Luedschuelen fir den Handy ënnert dem Bildschierm an d’Oflagen an den Dieren esou wéi dat grousst Gefaach an der Mëttelkonsol. Alles ass mat Filz ausgekleet an näischt rabbelt, bis op mäi Chauffersëtz, dee mat Momenter gemaach huet ewéi eng al Fotell. Dat war einfach Pech. 

Plaz ouni Enn gëtt et dann op de Réckbänk, wou een och als grousse Mënsch gutt sëtzt. Den zweeten Ecran tëscht de viischte Sëtzer kenne mer scho vum Model 3 Facelift. Heiriwwer loosse sech d’Klimaanlag an d’Musek steieren, Youtube an Netflix kucken a Spiller zocken. A ganz praktesch: et loosse sech Bluetooth-Kopfhörer koppelen.

RTL

© Akim Schmit

Den Undriff: an dësem Kapitel gëtt et weder Verännerungen, nach Detailer – Tesla nennt just Zuelen, awer net wéi se zustane kommen. Am Test hat ech de stäerkste Modell Y deen als „Dual Motor“ mat Allrad-Undriff a grousser Batterie kënnt. 4,8 Sekonne gi fir de Sprint op Tempo 100 duer, eréischt bei 201 km/h ass Schluss.

Op der Strooss: D’Liichtegkeet mat där de Won urappt ass Elektroauto-typesch beandrockend. An dësem Fall awer nach emol en Tick méi, well d’Wand- an Ofrullgeräischer praktesch net existéieren. Bannendra bleift et roueg, d’Geräischdämmung kéint net besser sinn. Op den éischte Kilometer fält op, dass d’Fuerwierk straff awer confortabel ass, d’Lenkung präzis schafft an d’Assistenzsystemer sech diskret am Hannergrond halen oder sech mat engem Klick um Bildschierm roueg stelle loossen. 

RTL

© Akim Schmit

Am Alldag ass e Verbrauch vu 16,9 kWh op 100 km ouni gréisseren Opwand méiglech (op längeren Autobunnsetappen 19 bis 22 kWh). Esou ass eng Reechwäit vu realistesch 450 Kilometer méiglech. Dat ass e gutt Stéck vun de 586-WLTP-Kilometer ewech, ma net dramatesch, well sech de Model Y séier luede léisst (am Test mat bis zu 193 kW Spëtzt), d’Super Charger Netzwierk gutt ausgebaut ass an déi integréiert Luedplanung mat Virkonditionéierung vun der Batterie duerch den Navisystem zouverlässeg funktionéiert. 

RTL

© Akim Schmit

Déi gréisste Stäerkt läit bei Tesla souwisou an der Software. De System leeft immens flësseg an hat am Test net eng eenzeg Kéier den Hick. Dobäi komme clever Léisunge wéi Blinkeren (mat Hiewel!) déi erkenne, wéini de Spuerwiessel ofgeschloss ass, an esou laang oder kuerz wéi néideg ubleiwen. Oder dass den Auto automatesch de Réckwäertsgang aleet, wells de just hannerzeg ausparke kanns. Oder d’Recuperatioun, déi sech un d’Streck upasst, an dech am One Pedal Fuermodus mol méi oder manner ofbremst, jee nodeem ob s de op eng Kräizung kënns oder op der Autobunn ënnerwee bass. Do dierfe sech aner Hiersteller gär drun inspiréieren.

Apple Carplay an Android Auto gëtt et bei Tesla iwwregens nach ëmmer net, ech hunn déi Ubannung awer am Test och net vermësst. Fir praktesch all Streaming-Plattform gëtt et eng eegen App an den Navi ass esou gutt, dass Google oder Apple Maps Paus hunn. Praktesch ass och d’App um Handy, mat däers de däi Schlëssel Doheem loosse kanns, den Auto virwiermen- oder kille kanns, a villes méi. 


Mee wou Sonn ass, ass och Schied: d’Veraarbechtung war net perfekt, a jo, d’Spaltmoossen sinn nach ëmmer en Thema bei Tesla. Et muss een awer och soen, dass eisen Testauto aus enger fréier Produktioun staamt. Praktesch wier et och, wann Tesla en Head Up Display spendéiere géif. Besonnesch wann den Auto mol Alarm schléit ass et net de Moment fir de Bléck vun der Strooss ze huelen. An da wier do nach den Autopilot, deen dacks onsécher ass an z.B. e Spuerwiessel op der Autobunn ofbrécht an entweder zeréck a seng Spuer fiert oder, an dat huet mech iwwerrascht, sech komplett ofschalt. Problemer hunn dann och déi versenkten Diergrëffer gemaach, déi zwar aerodynamesch awer net ergonomesch sinn a sech Leit, déi nach ni an engem Tesla souzen, net selwer erklären.

RTL

© Akim Schmit

De Präis: de Model Y ass net ouni Grond e Bestseller: eisen Testauto steet mat 53.990 Euro an der Präislëscht, eenzeg Optioun ass d’Faarf („Quicksilver“) déi nach emol 2.600 Euro Supplement kascht. Ob déi nei Generatioun un den Erfolleg uknäppe kann, bleift ofzewaarden. Wann e sech net verkafe sollt, läit et mat Sécherheet net um Auto…

RTL

© Akim Schmit