Cupra Leon Sportstourer VZ
Wann ee sech fir e potente Familljekombi interesséiert, deen och net "Emócion" ausstraalt, da kéint ee mol bis bei Cupra laanscht kucke goen.
Iergendwéi richt et hei schonn no Bensinn… am Automag vun haut steet nämlech e Modell am Mëttelpunkt, dee méi dacks bei der Tankstell bäifiert. Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp hat de Cupra Leon Sportstourer VZ am Test.
Cupra steet jo fir déi méi sportlech Modeller am VW Grupp, déi mat enger extra Portioun "Emócion" ausgeliwwert ginn. An dësem Fall léisst de Kierzel "VZ" d’Häerz nach e bësse méi séier klappen. D’Ofkierzung steet fir "veloz" also spuenesch fir "séier". An dësem Fall kommen d‘Emotiounen a Form vun engem Leon Kombi, wat d’Saach da besonnesch fir Familljen interessant mécht.

© Akim Schmit
Wéi interessant ass de Leon Sportstourer dann a Punkto Optik?
Wien en dynameschen Auto sicht, dee seng Muskele spille léisst, deen ass hei op der richteger Adress. Well "dynamesch" ass dat mannst, wat een iwwert de Look behaapte kann. De markante Cupra-Grill mat Koffer-faarwegen Elementer dierf natierlech net feelen, genee esou wéineg wéi d’LED-Phare mat der Liichtsignatur. D’Form vum Dräieck, déi jo schonn am Markelogo eng Roll spillt, taucht ëmmer nees op an zitt sech wéi e roude Fuedem duerch den Auto.

© Akim Schmit
Du hues den Interieur ugedeit. Do geet et och sportlech virun, huelen ech un?
Den éischten Androck ass duerchaus positiv. D’Armature sinn alleguer op de Chauffer ausgeriicht, d’Sportsëtzer bidden e gudde Säitenhalt an d’Steierrad läit gutt an der Hand. E bëssen hunn ech mech do awer um haarde Plastik gestéiert: grad do wou mäin Daum louch, war eng Kant vum Plastik… Net dramatesch, mee et wier och anescht gaangen.

© Akim Schmit
Flott dogéint ass den "Drive Mode"-Knäppchen um Steierrad, deen een och ouni ze kucke séier fënnt. A wou mer scho bei kucke sinn: och bannendra gëtt et vill flott Detailer wéi kofferfaarweg Ziernéit an Dekoralagen. Plaz fir Kapp a Knéie gëtt et et genuch, woubäi e puer zousätzlech Oflage wëllkomm wieren. Mee dat ass Gemeckers op héijem Niveau, de Leon Sportstourer ass nach ëmmer an der Kompaktklass doheem.

© Akim Schmit
Dat heescht awer net, dass ënnert dem Capot näischt lass ass!
Richteg, als VZ ass dëse Leon méi wéi potent: fir den Undriff suergt en 2 Liter Véierzylinder Bensinner mat 333 Päerd, dee seng Kraaft iwwert eng 7 Gang Duebelkupplung (DSG) op seng 4 Rieder verdeelt. Domat ass de Sprint op Tempo 100 a 4,8 Sekonne gepackt an en Topspeed vun 250 km/h méiglech. A mir schwätzen hei vun engem Familljekombi fir den Alldag.

© Akim Schmit
Apropos Alldag... Wéi mécht e sech dann op der Strooss? Ech huelen un, du waars net op d'Rennstreck?
Ech war bis an d'Äifel, an och do gëtt et flott Strecken, déi sech flësseg fuere loossen. Gutt gefall huet mer d’Stroosselag. De Leon Sportstourer läit wéi e Briet an de Kéiere, wat awer e bëssen op Käschte vum Confort geet. Do muss ee wësse, wat engem op Dauer méi wichteg ass. Och déi direkt Steierung an de Sound passe bei esou e sportlechen Auto.

© Akim Schmit
Net waarm sinn ech dogéint mat der Automatik ginn.Vläicht hätten de Cupra an ech méi Zäit matenee gebraucht, fir eis uneneen ze gewinnen. Well grad wann et sportlech gëtt, brauch en e Moment bis e richteg viru geet. Gutt dass et Schaltpaddele gëtt…
Vläicht nach e Wuert zum Präis?
Den Topmodell vum Cupra Leon Sportstourer steet mat 51.500 Euro an der Präislëscht. Mee domat ass et net gedoen, am Test louch mäi Verbrauch knapp ënner 10 Liter op 100 Kilometer…

© Akim Schmit