• De PLUS

    • 4 Joerzéngte laang eng Ikon an nach ëmmer beléift
    • héich Sëtzpositioun a Raumgefill bannenan
    • och als Elektro mat Offroad-Talenter geseent
    • erstaunlech handlech a flénk
  • De MINUS

    • extrem héicht Gewiicht
    • null Aerodynamik
    • fir normal Garagen ze héich
    • Präis

Wéi kann een eng Ikon wéi de Mercedes G-Modell als Elektro-G ubidden. Där Fro ass de Paul Origer nogaangen.

Fir déi eng Kult an eng Ikon, fir déi aner een absurd Relikt aus enger anerer Zäit – mee eent steet fest: bal keen anere konnt sech esou laang am Auto-Universum behaapte wéi d’Mercedes-G-Klass. Fir hir eng weider Chance ze ginn, wollt Mercedes den G-Dinosaurier op modern Zäite virbereeden an huet em méi wéi een Elektromotor ageplanzt. Ob verschidde Fans zu Recht geschockt sinn, dat huet de Paul Origer an engem kuerzen Alldagstest erausfonnt.

Automag: Mercedes-Benz G 580 EQ

Den Design
De grousse Facelift viru 5 Joer huet dem G säi Charakter perfekt erhalen an awer villes verbessert. Den Design ass einfach nëmmen eenzegaarteg, an der neister Versioun mat AMG-Package an, wéi eisen Testauto als Edition One, am mattbloen, 8.000 Euro deiere Spezial-Lack, nach ëmmer e richtegen Eyecatcher.

RTL

Den Interieur
Mat 4m62 ass de G méi kuerz wéi eng C-Klass, an awer dominéiert bannenan ee gutt Raumgefill an eng relativ grouss Mall. Dat kënnt net onbedéngt duerch den optimal genotzte Banneraum, mee den héijen Daach an déi riicht Fënsteren suerge fir déi G-typesch haislech Gebuergenheet. U Luxus feelt et besonnesch am schicken Edition One net, quasi all Feature wat et fir C- bis S-Klass gëtt, bitt och de Gelänn-Methusalem.

RTL

© Paul Origer

Den Undriff
D’Fans ware vun der Annonce vum nach deemolegen EQG net begeeschtert. Ob eemol hat Mercedes seng Strategie iwwerduecht an den G schonn emol direkt optesch entschäerft. Elo ass de G 580 EQ op den éischte Bléck vun den nach disponibele Verbrenner net ze ënnerscheeden. Ënnert dem Blech huet en et awer fauschtdéck! Net een oder zwee, mee 4 Elektromotore mat insgesamt 587 PS katapultéieren deen iwwer 3 Tonne schwéiere Koloss no vir. Scho bal absurd, wéi spilles dat geschitt. 4,7 Sekonne verginn op 100, Allrad suergt fir Grip, déi iwwer 700 kg vun der Batterie senken de Schwéierpunkt an um Fuerwierk huet Mercedes Wonner gewierkt.

RTL

© Paul Origer

Obwuel et eigentlech guer net dem G seng Vokatioun ass, mee Stroosselag, Dynamik a Fuerspaass gehéieren op emol derzou. Kloer, de G huet sech vum Schaffpäerd zum Boulevardcruiser entwéckelt. Mee, wann e wéilt, da kéint en. Och als Elektro, well vu Redukterboîte bis bei spezial Gimmicks wéi den G-Turn, deen de G op der Plaz 180° dréine léisst, gëtt alles gebueden.

RTL

© Paul Origer

Vill Motorleeschtung, eng Aerodynamik wéi e Kleederschaf an e Gewiicht am Rekordberäich brauchen natierlech Stroum. 116 kWh leescht d’Batterie, realistesch sinn domat 400 km méiglech. Also och kapabel fir laang Strecken, zemools Fuergeräischer a Fiederungsconfort nach emol wiesentlech verbessert goufen. Geluede gëtt iwwer Typ 2 mat maximal 11 oder CCS mat 200 kW – an der Praxis huet de Schnelllueder tëscht 100 an 150 kW bruecht.

RTL

© Paul Origer

Am Resumé
Definitiv mäin Highlight vum Joer an eng deier Pärel an enger Welt vu ronn gelutschten a langweilege Këschten ouni Charakter. De G ass a bleift deier; knapp iwwer 140.000 musse sinn, eisen Edition One huet un den 200.000 gekraazt. Allerdéngs hält sech de Stroumverbrauch, gemooss um Gabarit, nach a Grenzen a wien doheem lued, deen ass definitiv méi bëlleg ënnerwee wéi mat all Verbrenner. Kënnt der iech e leeschten, da gräift zou. Wëll G an EQ, dat passt!

RTL

© Paul Origer