Renault Austral Facelift
No manner wéi 3 Joer kritt de Renault Austral schonn e Facelift. An do hunn d'Fransousen hir Hausaufgaben erleedegt. Am Summer wäert en am Showroom stoen.
Design
Souwuel optesch wéi och technesch Nouveautéite kritt den Austral mat op d'Rees, mat deenen hien am haart ëmkämpfte Segment vun de Kompakt-SUV iwwerzeege wëllt. D'Äussert gouf deem vu senge grousse Bridder Rafale an Espace ugepasst. Nei gezeechent Calander mat integréierten 3D-Renault-Rauten, nei Luuchte mat serieméisseger LED Adaptive Vision Technologie an zwou nei Faarwen erginn zesumme mat de schwaarze Radleef am blénkege Pianoslack ee stëmmegen Design. Dräi verschidde Versioune si fir den Austral ausgeschafft ginn: evolution, techno an esprit Alpine. Jee no Variant sinn déi nei Felgen tëscht 18 an 20 Zoll grouss.

© Tom Nols
Interieur
Och am Banneraum profitéiert den Austral vum grousse Brudder Rafale. Deem seng Sëtzer sinn agebaut a bidde wesentlech bessere Confort a Säitenhalt wéi dem Virgänger seng - se besti jee no Versioun aus bis zu 98% recycléiertem Material. Déi zweet Rei ass op Wonsch beweeglech a kann ëm 16 Zentimeter verréckelt ginn. Dat suergt fir méi Plaz bei de Knéien, oder méi Plaz an der Mall - jee nodeem wat méi gebraucht ass. Doraus ergëtt sech an der Mall e Volume tëscht 527 a 1.761 Liter.

© Tom Nols
Ganz nei ass eng Kamera un der lénkser A-Sail, déi bis zu 5 verschidde Chauffeuren erkennt an automatesch hire Profil luet, soubal se an den Auto klammen. Hei kann de jeeweilege Fuerer seng perséinlech Astellungen (Spigelen, Sëtzer, Radiosender,...) am Auto späicheren.

© Tom Nols
Och de Layout vum Tableau de Bord kann do ugepasst ginn. Dëse besteet aus zwee rechteckegen Ecranen, déi bis zu 12.3 Zoll grouss sinn, en ass equipéiert mam Multimediasystem openRlink, mat Google-Servicer, mat Navigatioun an Echtzäit a mat méi wéi 50 verschiddenen Applikatiounen. Och interessant ass de Knäppche "My Safety Switch". Domat ëmgeet Renault déi nerveg EU-Virgab, dass verschidden Assistenzsystemer bei all Start mussen aktiv sinn. Hei kann de Fuerer bis zu 5 Preferenze späicheren, an esou z.B. de Spuer-Assistent oder de Start-Stopp mat engem Klick aktivéieren oder desaktivéieren.
Undriff
Bekannt sinn déi zwee Hybrid-Motoren, déi fir den Austral disponibel sinn. De Mild-Hybrid ass en 1300er Véierzylinder-Turbo-Direktasprëtzer mat 160 PS, dee vun engem Starter-Generator ënnerstëtzt gëtt. Am Full-Hybrid ass en 1200er Dräizylinder-Turbo-Direktasprëtzer um Wierk, deen 130 PS ofgëtt - zesumme mat zwee Elektromotore sinn et um Enn 200 PS. D'Energie dofir gëtt ënnerwee recuperéiert an an enger 2kWh Lithium-Ionen-Batterie gespäichert.

Fir eisen Test stoung d'Topversioun am Alpine-Design zur Verfügung, an domat och déi schwéierste Variant. Déi 200 Päerd a 410 Newtonmeter Dréimoment hu mat de ronn 1.700 Kilogramm zwar keng grouss Schwieregkeet gehat, mä Beem ausräisse geet awer anescht.

© Tom Nols
Trotz dynamescher Ofstëmmung vum Fuerwierk, dat mat senge neien Amortisseuren a mat der optionaler Véierradlenkung fir séchert an agillt Fuere suergt. Dobäi geet et gréisstendeels roueg zou am propper verschafften Interieur - iwwerschaffte Glace a Spigele suerge fir 8 Dezibel manner Kaméidi. Dat ass gutt, well den Dräizylindermotor nawell ugestrengt kléngt, soubal e matschaffe muss, an dat ass relativ dacks de Fall. Nei ugepasst gouf d'Software vun der intelligenter Automatikboite, déi elo méi reaktiv ass. Renault versprécht eng Autonomie vu bis zu 1.100 Kilometer, an e Verbrauch vu 4,8 Liter op 100 Kilometer, dee mir an der Praxis och bal erreeche konnten.
Am Resumé
Positiv opgefall ass de klenge Wendekrees vun nëmmen 10,1 Meter, deen duerch déi 4 gesteiert Rieder méiglech gëtt. Den optionale Panoramadaach aus Glas mécht den Interieur méi lëfteg. Just schued, dass den Toit net ouvrant ass, an dass een de Knäppchen déi ganz Zäit muss unhale fir de Rouleau op oder zou ze kréien. Bësse gewinne muss ee sech un de neien Hiewelche fir d'Gäng ze wiesselen, dee liicht kleesper wierkt, an op der rietser Säit vum Steierrad och nach Gesellschaft huet vum Wischerhiewel a vum Satellit fir d'Audioanlag ze steieren.
De Won ass generell gutt an héichwäerteg verschafft, just op vereenzelte Plaze gouf op de méi präiswäerte Plastik zréckgegraff. Alles an allem kann de neien Austral iwwerzeegen, dee vum Summer un am Showroom vun de Renault-Concessionnairë stoe wäert. D'Präisser fir de Mild-Hybrid an der evolution-Versioun fänke bei 32.392 Euro un. Den Topmodell esprit Alpine kascht op d'mannst 40.804 Euro.

© Tom Nols