Polestar 3
De Polestar 3 ass en SUV Coupé, deen an der Liga mat Mercedes EQE a Porsche Macan wëll matspillen. Ob him dat geléngt, fënnt de Rich Simon fir eis eraus.
De Polestar 2 an de 4 hu mir iech schonns an eiser Automag-Rubrik presentéiert. Elo ass et dann um Polestar 3. De Rich Simon ass den Auto gefuer. Polestar kënnt an der Automag-Redaktioun meeschtens relativ gutt ewech. Ass dat elo beim Polestar 3 och nees de Fall?
Fir ganz knapps drop ze äntweren: Jo. Et ginn esou Autoen, wou's de nom Hoer an der Zopp sichs an et awer net fënns. De Polestar 3 ass esou ee Model. Genee wéi och bei deenen aneren Polestar‘en huet och hei d'Duechtergesellschaft vu Volvo nees seng Hausaufgabe gemaach.

© Rich Simon
Anescht wéi de Polestar 2, gesäit een den 3 éischter seelen op der Strooss. Mat wat fir engem Auto hu mir et ze dinn?
Mat engem décken SUV Coupé mat enger Längt vu 4 Meter 90. Zum Verglach: De Mercedes EQE ass grad emol 4 Zentimeter méi laang an de Porsche Macan 12 Zentimeter méi kuerz. Firwat hunn ech dës Modeller mam Polestar verglach? Dat ass ganz einfach. An där Liga wëll Polestar nämlech matspillen. An dat geléngt hinnen och ëmmer méi.

© Rich Simon
D‘Materialien am Banneraum loosse näischt ze wënschen iwwreg. Alles ass top verschafft. Plaz huet ee masseg. D‘Grafik op deenen zwee Displayen ass allerdéngs minimalistesch gehalen. Hei ass ouni Zweiwel nach Loft no uewen. Dat kréien aner Marken dach e bësselche méi sexy hin.

© Rich Simon
Wéi sexy ass den Auto dann op der Strooss?
Ee Feeling fir den Auto an d‘Strooss, wéi een dee beispillsweis, och wann dat een anert Segment ass, bei engem Mini huet, deen huet ee beim Polestar 3 net. Hei suergt bei deenen zwee Dual Motor Modeller d‘Loftfiederung dofir, datt et praktesch net opfält, wann d‘Ponts et Chaussées vergiess huet, d‘Knuppen an d‘Lächer an der Strooss auszebesseren. Den Auto seegelt praktesch iwwer d‘Strooss. Heiansdo wënscht ee sech dann awer, datt een e bësse méi Fuerfeeling géif spieren.

© Rich Simon
Mir schwätzen iwwer een Elektroauto, da musse mir natierlech och iwwer den Akku, respektiv d’Autonomie schwätzen.
Fir mam Akku unzefänken. Deen huet eng Kapazitéit vun 111 kWh. Dat ass eng kloer Uso fir d’Konkurrenz. A mat där Kapazitéit kann de Polestar 3 dann och punkten.
Wat elo d’Autonomie ugeet. Polestar gëtt 706 Kilometer fir de Long Range Single Motor un. 636 fir den Long Range Dual Motor a 567 fir de Longe Range Dual Motor mam Performance Pack. Ech hat den Auto mam Performance Pack, do schwätze mir vu 517 Päerd. Mäi Verbrauch louch bei 22,6 kWh. Dat ass, wann een d’Gewiicht (2.6 Tonnen) an d’Leeschtung vum Auto kuckt, ee ganz acceptabelen Wäert. Déi reell Autonomie louch bei mir, bei relativ kalen Temperaturen, bei 440 Kilometer.

© Rich Simon
D’Batterie luet an 30 Minutten mat 250 kW Gläichstroum op 80 Prozent. Doheem un der 11 kW Wallbox ass d’Batterie an 11 Stonne vun 0 op 100%.
Wéi gesäit et mat de Präisser aus?
Polestar ass een Auto, deen een net geschenkt kritt. De Longe Range Single Motor mat 299 Päerd kascht an der Basis 75.850 Euro. De Long Range Dual Motor mat 489 PS kascht 82.600 Euro a wann dann nach de Performance Pack drop kënnt, da muss een 89.000 Euro dohinner bliederen, an et kënnt een dann awer op 517 Päerd. Ob een déi wierklech brauch? Déi Iwwerleeung iwwerloossen ech gären deenen anere Leit.

© Rich Simon