Dass Mazda gär emol géint de Stroum schwëmmt, ass jo scho laang bekannt. Elo iwwerrasche se mat engem 2,5-Liter-Motor am Mazda 3.

An dësem Automag heescht et "Made in Japan". Et steet e Mazda am Mëttelpunkt, an zwar de Modell 3. Do koum elo vrun allem Neits ënnert d’Hauf.De Christian Schmit hat dësen am Test.

Jo de Mazda 3 ass effektiv en ale Bekannten an der Gamme. A wie Mazda kennt, dee weess, dass déi net ëmmer esou ticke wéi aner Marken. Net just mat der Häerd mat virun, mee gären och emol géint de Stroum. Esou wéi mam Wankelmotor-System beispillsweis.

RTL

© Christian Schmit

A woumat iwwerraschen si dann déi Kéier?

Also mat de ganzen CO2-Oplagen ass jo den Trend scho laang fir Downsizing ze bedreiwen. Wëll soen, kleng Moteure mat wéineg Kubik a wéineg Zylinder.

Bon bei Mazda geet et do an di aner Richtung, an tatsächlech proposéieren déi elo en 2500er Motor fir den dach kompakten Mazda 3. Bon mat 4 Zylinder an 140 PS bleift een dann nees méi moderat.

D’Ingenieuren hunn eng Verdichtung vun iwwerduerchschnëttlechen 13:1 erreecht. D'Skyactiv-Technologie gouf di innovativ Motrice da gedeeft. Si schwätze vu "Right Sizing" Moteuren.

RTL

© Christian Schmit

A wéi gutt harmonéiert dat Ganzt dann?

Fréier huet et geheescht: Kubik-Stäerkt ass duerch näischt ze ersetzen, ausser duerch nach méi Kubik. Tatsächlech ass vun deem 2500er Motor elo net all ze vill spektakulär Fuerleeschtungen ze mierken. En hänkt awer gutt um Gas a packt e Sprint op 100 an 9,5 Sekonnen, a bei 205 wär da Schluss. Akustesch hält sech de Japaner am Hannergrond an di 6-Gang-Automatik ass och als agreabel attestéiert ginn.

RTL

© Christian Schmit

Soss bleift alles beim Alen?

Jo esou kann een dat soen. Optesch sinn et banne wéi baussen ganz dezent Retuschen. Zimmlech oniwwersiichtlech bleift weiderhin d’Karosserie, an op der hënneschter Sëtzrei ass net all ze vill Plaz fir Passagéier, obschonn jo esou e Mazda 3 op bal 4m50 kënnt. Fir dynamesch Chauffere wär dësen entwéckelt ginn an effizient wär en och. Dat kann een ënnerschreiwen, well de Verbrauch louch tëscht 5,5 a 6,5 Liter.

RTL

© Christian Schmit

Wat hale mir fest a wéi vill misste mir investéieren?

Abbé do kënnt e Pluspunkt dobäi, well d’Präis-Leeschtungsverhältnes ka sech weise loossen. Jo de Mazda 3 verzicht op Bling Bling, Liicht-Signaturen an Digitaliséierung. Mee fir 28.000 Euro kritt een e gutt ekipéierten Auto, dee mat de Joren ausgeräift ass, a fir dee Präis ass awer nu wierklech bei kengem Aneren en 2500er ze kréien. Sou gesi mécht Mazda dann awer mat beim Downsizing, an dat freet de Portmonni.

RTL

© Christian Schmit