D'R5 ass den europäeschen Auto vum Joer 2025. Ob den Hype ëm de "klenge" Fransous gerecht ass, huet de Rich Simon probéiert erauszefannen.

Et ginn Autoen iwwer déi méi oder manner vill geschwat gëtt. D'R5 vu Renault ass där een iwwer dee schonns geschwat gouf, ier de klenge Fransous iwwerhaapt eng éischte Kéier presentéiert gouf. Kann ee bei der R5 vun enger Legend schwätzen?

Also ech géif mengen Jo. Den Auto huet ganz einfach Kultstatus. 1972 ass d'R5 eng éischte Kéier op de Marché komm a gouf bis 1996 iwwer 5,5 Millioune Mol verkaaft. Duerno war et eriwwer mat der Produktioun, mee vun eise Stroossen ass den Auto ni richteg verschwonnen. Virun allem net op de franséische Stroossen.

An elo ass d'R5 nees do....

An et ass och eng R5. Um Design gouf nämlech, an dat ass och gutt esou, net vill geännert. D'R5 vun haut, gläicht där aus dem leschte Joerdausend. Retro ass an deem heite Fall IN. Et ass een net op d'Schinn gaangen, datt alles muss ronn oder oval sinn, d'R5 huet Ecken a Kanten. An dat ass och gutt esou.

RTL

© Rich Simon

Du has den Auto wärend enger Woch. Wéi zefridde war's du no deene 7 Deeg?

Den Auto huet 150 PS. Am "Kilowattwahn" bei den Elektroautoen, ass dat éischter bescheiden. Ech hätt déi eng oder aner Kéier effektiv gären e puer Päerd méi gehat. Virun allem bei Iwwerhuelen. D'Spëtzt ass och schonns bei 150 Kilometer an der Stonn erreecht. Och dat ass net sensationell. Wat awer elo den Handling vum Auto ugeet, do kann d'R5 Punkten. Du fills dech vun Ufank u wuel am klenge Fransous. Den Auto ass gutt ausbalancéiert an et mécht Spaass duerch d'Kéieren domadder ze fueren. Du hues verschidde Modussen op déi's de kanns zeréck gräifen. Deen agreabelsten ass de Confort. Beim Eco riskéiers de anzeschlofen an de Sport-Modus brauchs de mat 150 Päerd net onbedéngt. Dat gëllt och fir den individuelle Modus.

RTL

© Rich Simon

Lo hues du iwwer d'Fuerverhale vun der R5 geschwat. Wéi gesäit et bannen am Auto aus? 

Ech wëll do mat deem Positiven ufänken. Déi Materialien déi verschafft goufe si vun enger gudder Qualitéit. Et rabbelt a piipst näischt, ausser natierlech d'Assistenzsystmer wann déi dann ugeschalt sinn. Déi loossen sech awer, wann een et da wëllt, ganz einfach mat engem eenzege Knäppchen ausschalten. Bei anere Marken ass dat dacks eng "Mer à boire". Dat huet Renault gutt geléist.

RTL

© Rich Simon

D'R5 ass ee klengen Auto an deem ee sech awer net ageengt fillt. Negativ am Cockpit sinn awer zum Beispill 3 Hiewelen, déi riets um Steierrad sinn. Dat ass dees gudden dach e bëssen ze vill. De Feierläscher ass op der Bäifuerersäit ënne lénks ubruecht. Un deem stéisst ee sech permanent an optesch ass et eng Katastroph. Dann nach ee klengen negative Punkt, nämlech d'Mall. Déi ass extrem déif, respektiv si huet eng ganz héich Luedkannt an do hieft ee sech gären ee Broch, wann een eppes méi Schwéieres muss eraus hiewen.

RTL

© Rich Simon

Wéi gesäit et mam Verbrauch aus a wat kascht d'R5?

Ech hat den Auto elo am Fréijoer wärend enger Woch. An där Woch war et waarm an awer och kal. Firwat soen ech dat? Ganz einfach de Verbrauch huet staark variéiert mat den Temperaturen. Offiziell gëtt Renault de Verbrauch mat 14,8 kWh un an eng Autonomie vu 405 Kilometer. Wann Temperaturen ëm déi 20 Grad louchen, war ech mat 16kWh ënnerwee a bei Temperaturen ënner 10 Grad, ass de Verbrauch op iwwer 17kWh geklommen. Dat ass ok awer och net méi. Bei kalen Temperaturen, kraazt een a Saachen Autonomie, esou just un den 300 Kilometer. Bei waarmen Temperaturen eng 330 Kilometer. De Präis hues du mech och nach gefrot.  Fir d'R5 mat der 52kWh Batterie an 150 Päerd muss een 31.812 Euro bezuelen. Déi méi kleng Batterie an 120 PS kritt ee vun 26.978 Euro un.

RTL

© Rich Simon