Alfa Romeo "Intensa"
An dësem Automag heescht et "Bella Italia". Jo et geet em Alfa Romeo, déi elo di ganz Gamme als "Intensa"- Modeller virgestallt hunn.
De Christian Schmit war fir eis op deem Alfa Familljentreffen dobäi, a verréit eis, wat sech do derhannert verstoppt.
Effektiv war di ganz Gamme present. Vum klenge Junior, iwwert den Tonale bis zu de Modeller Guilia a Stelvio. Jo och déi zwee lescht Genannte ware mat dobäi, a grad bei deenen ass dat scho bal den Adieu. 2026 ginn déi legendär Modeller viraussiichtlech agestallt, fir dann als Elektro- an Hybrid-Versiounen nees relancéiert ze ginn.
Wann e bedenkt dass d'Limousin Guilia 2016, an de Stelvio 2017 virgestallt goufen, dann ass dat scho remarkabel, a jo nach ëmmer agreabel déi zwee, soen ech emol "Klassiker" ze beweegen.

© Christian Schmit

© Christian Schmit
Vläicht eng leschte Kéier Alfa fuere wéi mir et kannt hunn, als Verbrenner mat vill Power ënnert der Hauf a mat Allrad-Traktioun. Passione automobili dat kënnen d'Italiener, och wa si jo zënter e puer Joer zum Stellantis Grupp gehéieren. Do gehéiert Alfa Romeo jo zesumme mat DS, Jeep a Maserati zum Premium Segment.

© Christian Schmit
Wourunner erkennt een dann elo Intensa-Modeller?
Baussen u spezielle Felgen mat Goldrand, do soll un di gëlle Jore mat vill Podiumsplazen a Pokaler am Motorsport erënnert ginn. Enger sportiver Bremsanlag an um Intensa-Schrëftzuch op de Lieder/Alcantara-Sëtzer. Stil a Sportlechkeet fannen hei zesummen. Egal ob elo beim Junior, Tonale, Guilia oder Stelvio, di 4 stiechen ervir a solle weisen, zu wat Alfa am Stand war an ass.

© Christian Schmit
Dat Wuert Transitioun an Transitiounsphas gëtt jo elo an der Automobilwelt dacks an de Mond geholl, an déi Renconter, déi mir am Mee an der Belsch ronderëm Antwerpen erlieft hunn, passt an dee Kontext.
Alfa Romeo wëll jo elo bis 2027 komplett op Hybrid an Elektro ëmgestallt hunn. Mee fir d'Intensa-Versiounen am Guilia a Stelvio komme nëmmen Top-Versiounen a Fro, och de beschtbekannten 2 Liter Q4 mat 280 PS.
Ënnerschiddlech Modeller an ënnerschiddlech Charakteren
Genee do wierkt de Junior wéi vun enger anerer Mark, an eigentlech ass dat jo och esou. De Stellantis Grupp bitt do vill Méiglechkeeten, fir um selwechte Chassis verschidde Modeller ganz anescht ze interpretéieren. De Virdeel awer och. Seele waren Alfa Romeo Modeller an der Finitioun esou präzis verschafft.

© Christian Schmit
A wat kaschten di chic Alfa Modeller mat der Bezeechnung Intensa?
Bon alle 4 komme mat héijem Ausstattungsniveau an de Showroom. An dat huet säi Präis. Mir haten et jo scho gesot, Alfa gehéiert zum Premiumsegment am Grupp.
Fir de Junior wären et knapps 33.000 Euro, a fir de Stelvio an der Intensa-Topversioun missten 61.000 Euro investéiert ginn.

© Christian Schmit