Peugeot E-3008 & E-5008
Zwou "Familljekutschen" hat de Rich Simon am Test, woubäi mer de Fokus op de méi klenge Modell leeën.
Et waren zwee Gefierer vun der selwechter Mark. Nämlech den E-3008 an den E-5008 vu Peugeot. Woubäi de Rich Simon dee mat deem méi klenge Model méi laang konnt fueren, wéi mat deem méi Groussen. Dofir kann en eis och méi iwwer den E-3008 erzielen.
Den E-3008 hate mir schonns hei op där Plaz ënnert d'Lupp geholl. Elo huet Peugeot awer d'Flaggschëff vum E-3008 presentéiert. Nämlech een Dual Motor, deen op 325 Päerd kënnt. De Modell mat 210 Päerd, dee mir am Test haten, hat a mengen Aen ze wéineg PS. Virun allem wann een d'Gewiicht vu ronn 2.200 Kilo vum Auto kuckt an och de sportlechen Design mat abezitt. Dofir deet dee Modell elo mat 325 Päerd dem E-3008 gutt.

© Rich Simon
Kommen déi Päerd dem Auto op der Strooss zegutt?
Natierlech ass de Sprint, vun 0 op 100 elo méi séier gepackt, nämlech a 6 Sekonnen. Dat ass deen een Aspekt. Deen aneren ass awer deen, datt duerch de 4-Rad-Undriff den Handling vum Auto besser ginn ass. Den E-3008 ass nämlech stramm gefiedert, dat ass der Zwee-Rad gedriwwener Versioun net richteg entgéint komm. Wann ee bësse méi dynamesch ënnerwee war, huet ee schonns mussen déi eng oder aner Kéier, bësse mam Steierrad no-justéieren. Bei deem mat 4-Rad-Undriff ass dat ass elo net méi de Fall. Virun allem am Sport Modus, mécht den Auto Spaass. Da gi 60 Prozent vun der Leeschtung, op déi viischt Achs a 40 Prozent op déi Hënnescht. Et huet ee Loscht vun enger Kéier an déi aner ze fueren.

© Rich Simon
Wéi gesäit et mat der Platz beim E-3008 Dual Motor aus?
Déi ass bannen am Auto déi selwecht, wéi wa just ee Motor verschafft ass. Et gëtt awer ee B-Mol an dat ass d'Mall. Déi huet beim méi normalen E-3008, 520 Liter. Dat ass schonns net immens. Well awer den zweete Motor iwwert der hënneschter Achs agebaut ass, ginn nach eng Kéier 50 Liter verluer.

© Rich Simon
Eng Famill mat zwee Kanner, kritt hir Wallissen méi wéi sécher net alleguerten an d'Mall fir an d'Vakanz ze fueren. Do iwwerleet ee sech dach awer zweemol, op ee wierklech den Dual Motor brauch oder net.
Wat fir eng Batterie ass dann zoustänneg fir den Dual Motor ze fidderen?
Hei weess ech net, ob Peugeot de richtege Choix gemaach huet. D'Fransousen hunn nämlech den Akku vun 73kWh agebaut an net dee vum Long Range, mat 98 kwh. Dat huet mech bësse stutzeg gemaach. D'Erklärung, déi ech vun der Responsabele krut, firwat si dee Choix gemaach hu war deen, datt een duerch déi méi kleng Batterie, de Präis méi attraktiv konnt halen, wéi wann een déi déck agebaut hätt. Dat bedeit awer, datt d'Autonomie och erof geet. Laut WLTP ass déi bei 490 Kilometer. Reell ass een awer bei just plus/minus 400 Kilometer.

© Rich Simon
Lo hues de vill iwwer den E-3008 erzielt. Erziel eis awer och e bëssen iwwer den E-5008...
Do halen ech mech awer relativ kuerz. Well Testkilometer et net erlaabt hunn, fir wierklech an den Detail ze goen. Et ass a sech de grousse Brudder vum E-3008. Virun allem wat d´Sëtzplazen uginn. Den E-5008 ass deen eenzegen a sengem Segment, deen nämlech 7 Platzen ubitt: Zwou vir, dräi an der Mëtt an dann nach emol zwou Plazen hannen.
Famillje mat 5 Kanner sinn éischter rar. Dofir denken ech kommen déi 2 Platzen hannen net dacks an den Asaz. Wann ee se awer eng Kéier brauch, da si se ganz einfach eropzeklappen. Dat huet Peugeot richteg gutt gemaach.

© Rich Simon
Wann een d´Sëtzer net brauch, dann huet een eng Mall vu 748 Liter. Deen Ament, wou een déi zweet Rei erofklappt, esouguer 1.815 Liter. Do kann ee schonns ganz vill transportéieren.
Wat d´Präisser uginn: Den E-3008 Dual Motor ass net grad bëlleg. 59.750 Euro muss een op den Dësch leeën. Vum E-5008, ginn et nach keng Präisser.