Mini John Cooper Works
Wann ee vun der Mark Mini schwätzt, dann ass et net iwwerdriwwen, datt ee vun enger Legend schwätzt.
Viru kuerzem hat Mini op ee sougenannten Experience Day invitéiert, wärend deem ee konnt mat engem klenge "Flitzer" duerch de Grand-Duché fueren. Fir eis war de Rich Simon bei dësem Event mat dobäi.
Ech muss allerdéngs direkt soen, datt déi sougenannten "Experience" sech just beim fueren, op den John Cooper Works beschränkt huet. De Mini John Cooper Works Electric an de Mini John Cooper Works Aceman, och am elektreschen, waren zwar present allerdéngs just fir ze kucken. Dat war a sech bësse schued, datt een den Thermeschen net direkt konnt mam Elektresche vergläichen. Et ass awer duergaange fir e puer technesch Daten opzeschreiwen. Déi zwee Modeller hunn 190 kW. Also 258 PS. De Sprint vun 0 op 100 ass domadder fir den "normale" Mini a 5,9 Sekonne gepackt. Den Aceman, brauch eng hallef Sekonn méi laang.
Déi bass de net gefuer. Dofir awer dee mat engem Bensinnsmotor. Den John Cooper Works...
Dee Motor ass ee 4 Zylinder Twinpower-Turbo, deen 231 Päerd liwwert. Dat Ganzt bei engem Gewiicht vu 1.280 Kilo. Dat bedeit dat de Sprint op 100 a 6,1 Sekonn gepackt ass. Et geet also schonns relativ gutt virun, mat där klenger "Spillsaach". Spillsaach ass an deem heite Kontext, awer net negativ gemengt. Den Auto keeft ee sech, well een dat typescht Go-Kart Gefill, wat der Mark Mini zanter 66 Joer nogesot gëtt, wëll erliewen.

© Rich Simon
Hues du et dann esou erlieft?
Ech krut den Auto um Kierchbierg an ech hat schonns eng Gänsehaut, nodeems ech den Auto ugemaach hat. De Sound ass einfach nëmme flott. Deen huet eng gewëssen Audio-Erotik. Ech war awer frou, fir esou séier wéi méiglech vum Kierchbierg, Richtung Mëllerdall ze fueren. Dat war d'Streck déi Mini virginn hat an dat war de perfekte Choix. Den John Cooper Works biedelt praktesch drëm, fir vun enger Kéier an déi aner ze fueren.

© Rich Simon
Dann huel du eis mol mat, vun där enger an déi aner Kéier...
Den John Cooper Works pecht op der Strooss. Dobäi mussen emol net déi aller-deierst Pneuen drop sinn. Op mengem Auto waren nämlech All-Weather Pneue vu Maxxis drop. Dat ass ee Fabrikant aus Taiwan. Domadder wëll ech soen, datt den Auto optimal ofgestëmmt ass.

© Rich Simon
Dobäi kënnt eng ganz präzis an direkt Steierung. Och wat Bremsen uginn, huet Mini mat enger spezieller Sportbremsanlag näischt dem Zoufall iwwerlooss. Ech hat am Ufank den John Cooper Aceman am elektreschen ugeschwat, deen net disponibel war fir gefuer ze ginn. Ech sinn awer schonns deen "normalen" elektreschen Aceman gefuer. Mäi Fazit ass, datt ee beim thermeschen einfach ee vill bessert Go-Kart a Mini-Gefill huet.
Du hues elo praktesch näischt Negatives iwwer den Auto gesot. Ass dann alles Positiv...
D'Kritik ass bei Mini meeschtens déi selwecht. Et muss een déif an de Portmonnie gräifen, fir dann awer nach relativ vill Plastik am Interieure presentéiert ze kréien. Et muss een op d´mannst 38.822 Euro fir den John Cooper Works op den Dësch leeën. Dat ass schonns relativ vill fir esou ee klengen Auto, deen um Enn effektiv just eng "Spillsaach" ass.

© Rich Simon